28 novembre 2005

from the archives


Ech hun iwert de Wanter och e puer S/W MF Negativen gezunn, hun net wiirklech méi den Duerchbleck an den Classeueren 12-14 mae et get besser. Dest ass Classeur 13, also sou 2004.

Anyway, ech muss nochemol Reklamm fir Porcupine Tree maachen desen Freideg am Atelier, ech hoffen et gin e puer Freaks dohinner. Virun 2 Joer sollten se op Letzebuerg kommen an hun ganzer 50 Ticket'en verkaaft. Sie sin schlussendlech och doheem bliwwen;-))) Virun Joren hun se regelmässeg hier 1000 Léit ugelackelt, lo hun hier Venten sech verzengfacht, an sie spillen virun bis zu 5000 Léit an Südeuropa. Ween Coldplay, Pink Floyd an Beach Boys (no joke) gutt fennt so dohin.
www.porcupinetree.com

21 novembre 2005

Panorama



Des Serie hutt dir schons kennen op www.photon.lu bewonneren. Eng sélectioun befennt sech och op www.tomlucas.net. Hei de Versuch vun enger theoretescher Approch, déi am Kapp schons laang stattfonnt huet, mae et nie op d'Pabeier respektiv op den Ecran bruecht huet:

fir ganz préziis ze sin muss een kloerstellen dat ech sech emmer verschidden thematesch Approchen handelt déi awer eng Zort Dénominateur commun hun,; mae alles der Rei no:
et ass eng Zaitrees an d'Vergaangenheet, den noen souwéi de waiten Passé. Eng Siich no Iwerreschter an Zaitzeien, Geeschter an Gespenster, och déi eegenKandheetserrennerungen; Elementer déi vielleicht eng Keier kloer woren, awer lues an lues erem vergiess an verdrängt goufen. Een Ausflug zereck, een driften duerch Zait a Raum.

Eischtens: d'Zeitzeien. Wéi ass eis Wahrnehmung vun der Vergaangenheet? Ass an bleiwt eist Geschichtsverständnis linear oder zyclesch? Wéi eng Bezéihung sin mir capabel ze iewen an erliewen?

Zweetens: d'Geeschter. Nee keng Angscht, Sie doen Iech naischt;-) Déi eischt Joerzengten vun der Fotografie woren d'Zaitalter vun de Pionéier, den Chercheuren, den Freaken an den Charlatanen. Gemeinsam hun sie alleguer eng Herzerfreschend Naivitéit, déi ech bewonneren. Waat kann d'Fotografie festhaalen an waat net? Nee, nee, ech well keng Geeschter afaenken, mae eischter déi Plaatzen besichen, wou ech sie vielleicht untreffen. Déi Plaazen, wou een mat Momenter een mulmecht Gefill huet, sech heinasdo emdréit. Et ass immens schwéier de Paysage photographique hautdesdaags unzegoen, ech mengen natiirlech net den Paysage urbain, ech interesséieren mech momentan net dofir, mae den Paysage ennert senger Urform.

Drettens: d'Kandheetserrennerungen. Ech wees ech kommen oft op dest Thema zereck. Enner verschiddenen Formen. Arbescht mat verschiddenen Objekten, d'Sich ass net esou einfach; d'Erennerungen kommen wann se wellen, net wann e grad eng Kamera dobei huet.

Fir et mam Fachjargon ze bennen: et ass eeng naivt Spill mam fotografeschen Index, daat ganzt an eng surreal waarm an oft kontrastéiert Luucht gesaat. D'Bewegungen vun der Kamera sin wéi d'Driften vun eisen Bewosstsinszoustänn, e ständegt hin an hier, deen eis Detailer weisst an aanerer verstoppt. Mat Fanger op eppes weisen an awer eppes anescht mengen. Oder d'Ausso ganz ze verweigeren. Loost Iech net eranléen!

D'Approche ass souwuel esthétesch wéi metafotografech. Souguer dem Fotograf seng Technik gehéiert der Vergangheet un, et soll awer kee nostalgeschen Rebleck sin, eischter een laeschten Otemzuch virum Sprong. Maachen mir eis keng Hoffnungen driwwer, d'Technik diktéieren eis méi oder manner direkt eis Art a Weis ze schaffen, sie steet am direkten Zesummenhang mat der Entweckelung vun der Fotografie. Et huet kee Waert frou oder traureg doriwwer ze, et soll e sech der Problematik just bewosst sin. Eisen Choix vun Themaen waert sech veränneren, souwéi och eis esthétesch Approch.

Just heiansdo, jo heiansdo wenken eis déi aal Geeschter zou.

19 novembre 2005

Luxpost

Huhu, haat dest baal vergiess, sin awer och ze houffreg et fir mech ze behaalen.
Laeschten Weekend woor een Artikel iwert main Blog an der Luxpost, bon, un sech nemmen een, zwee Abschnitter an enger Artikelsérie iwert letzebuerger Blogs. Merci Luxpost! Fir d'Publicitéit.

17 novembre 2005

shuffle playlist

haat déi laescht deeg net allzevill Zait eppes ze schreiwen, dofir lo mol nemmen kuerz een Ableck an meng Playlist um IPOD Shuffle:

Porcupine Tree: divers
Aphrodite's Child: 666
Hidria Spacefolk
System 7: Golden Section
Genesis: live bootlegs
Chroma Key: alles


Nach e Wuert zu Porcupine Tree, eng fantastesch neo-psy Grupp aus good old England. Hier eischt Albumen haaten nach en evidenten Pink Floyd Afloss, déi nei hun e ganzen Koup nei Afless, heiansdo och e bessel méi haard.
Op jidfer Fall den 2 Dezember sin sie am Atelier, don't miss this, ech freen mech schons wéi e klengt Kand. Leit déi Coldplay, Radiohead, Pink Floyd mat Heavy-Elementer gaer hun sollen onbedengt laanschtkommen

www.atelier.lu
www.porcupinetree.com

14 novembre 2005

from the archives


classeur 13 , manifestion contre la guerre en Iraq

10 novembre 2005

from the archives


Des Foto ass ziemlech rezent, vun engem Mettelalterfest desen Hierscht. Ech hun et interessant fonnt mol eng Keier an enger Gamme vun Tounwaerter ze schaffen.

07 novembre 2005

from the archives


eng aal planche-contact vun 2002, classeur13, planche 28, e puer mierscher fotoen, ech hun keng foto vun deser planche vergreissert, mae waat net ass kann nach emmer kommen.

anyway, ech hun mer firgeholl mol méi oft an de schwaarzweiss Labo ze goen an d'Classeuren 11 bis 15 vergréisseren; ech hun laescht Woch ugefaang 18X24 resp 18X18 Tirages de lecture ze maachen, wann ech dese Wanter nach dozou kommen, vergréisseren ech och schons e puer op 30X40, soss ass et eben fir naechste Joer. Dir kritt also an de naechsten Wochen a Méint vill Auschnetter aus Planche-Contacten ze gesin, mae och déi eng oder aaneren Foto. Be prepared!

06 novembre 2005

ILL Festival: Petits Mensonges entre Amis (4. und 5. November)

Daat hei soll net onerwähnt bleiwen:woor e samsdeg op den ILL Festival op Esch an d'KUFA.
E Riesenarbescht huet sech d'Equipe vun ILL gemeet, all Respekt
Main Photon.lu Kolleg Christian Neuman ( http://www.focusart.com/) huet sain Film "She. He. It. " am Kinosch firgestall. Ween et verpasst huet ass selwer Schold. ExzellentArbescht!
Haat natiirlech net d'Méiglechkeet all Interventioun deen Owend ze verfolgen, den Ofschlussconcert hun dun Moussevingt an Chief Mart's gemeet, momentan mat déi zwee interessantsen an innovativsten Gruppen am Land.
Eng wonnerbar Experienz!


http://www.ill.lu
http://www.chiefmarts.cjb.net/
http://www.moussevingt.net/

04 novembre 2005

from the archives



ech verroden naischt weideres zu desen Fotoen, eng Arbescht un der ech momentan schaffen seit ech main Flexbody hun. d'Naechst Joer ass vielleicht eng Austellung, loosst iech iwerraschen.

03 novembre 2005

ZARA la vampire













Ech kann mengen gudden Kolleg Mich net genuch merci soen dat hien virun Joeren e BD'en vun der Série "ZARA la vampire" mat op Leck bruecht huet. Mir sin lues a lues zu richtegen Experten a Sammler vun deser BD adulte aus den 70er gin.
D'Zara ass een Titre deenzesummen mat villen aaneren Schundcomics bei der Editions Elvirfrance erauskomm ass. De Cover as oft schlecht gezeechent, d'Story selwer, an schwaarz-weiss, huet et awer an sech.
D'geschicht handelt vun der jonker Zara Pabst, déi vum Dracula gebass get, selwer zur Vampirin get, an eleng oder zesummen mat hieren Bi-Frendin Frau Murder déi bizarrst Aventuren erliewt. Wann ech matkréien dat Leit sech dofir interessseieren, posten ech méi oft Scans aus der Série. Wann verschidden Extrait'en IEch schons ze vill wait gin, sorry, soot mir och Bescheed, ech haalen desen Hobby dann secret;-)))
Ajo, et feelen mir nach allerhand Episoden, wann dir der nach um Speicher hut, mellt iech. Irgendwann plangen dann den Mich an ech an Zara la vampire Website.
affaire à suivre deemno;-)