26 avril 2007

LOST

Previously ...on LOST!

Dudes, ech sin süchteg! Süchteg no Lost!
Dir mengt et géif keng Prime-Time Tele-Serie gin déi och nemmen hallefswegs iwwerzeegend ass, an glaichvill usprochsvoll an ennerhaalend ass? Falsch!!!
Et ass déi eischt Serie sait Knight Rider Zaiten déi mech richteg virun der Télé fesselt, an am Géigensaatz zum Knight Rider ass se och richteg intelligent gemeet. Nach nie gouff et eng Téléserie déi sou eng Léiwt zu Détailer weisst, sou verschachtelt Zesummenhäng erméiglecht an et glaichzeiteg den casual Spectateur erlaabt enger interessanter Geschicht ze suivéieren.
Lost handelt vun engem Grupp vun baal 50 Leit, déi mat engem Fligger iwert enger Insel am Pazifik eroffaalen. Mat den Deeg an Wochen déi verginn fannen sie eraus dat déi Insel eng ganz Rei vun Geheimnisser huet. Interessant gemeet ass d'Léisung Flashbacks anzebauen, sie erlaaben eis méi iwert d'Perséinlechkeet an d'Geschicht vun deen an deen Personnage virum Accident erauszefannen. D'Art an Weis wéi d'chronologesch Erzielung opgebaut ass verlaangt Präsenz an Konzentratioun vun Spectateur. D'Geschicht vun den eenzelnen Helden ass oft mateneen verbonn, an Elementer tauchen heinansdo aus dem Naischt an engem Flashback op.

Noddeems déi eischt Season eischter d'Basis fir eng spannend Mystery-Geschicht geschaaf, huet déi zweet Season schons vill méi en düsteren Touch gehaat, philosophesch Froen gin opgeworf, Haaptpersonnagen stierwen onerwaard asw. Ech hun mech anzweschenzait schon an déi drett Season firgeschafft, déi nach méi verschachtelt assn an heinasdo esouguer vielleicht ze vill des Gudden wellt.

D'Serie vermettelt en plus eng Art gespenstesch Crédibiltéit beim Zuschauer. Eng Welt get ronderem d'Fait'en vun der Insel opgebaut, woubai nie verooden get, wéi wait dest Spill dann geet. Op Amazon get posthum e Roman vun engem gestuerwenen Passagéier aus dem Fliger veröffentlecht. Internetsiten vun Scheinfirmen aus der Serie tauchen am Web op, Pressecommuniquéen gin vun deenen Firmen veröffentlecht, jo, esouguer an Latenightshows gin "Spriecher" vun desen "Firmen" invitéeiert oder zougeschalt fir sech vun der enger oder aner Rumeur aus der sougenannter "Lost-Experience" ze distanzéieren. Een Must fir all klengen Verschwörungstheoretiker.

Also, wann dir wellt een Steck Televisuoun erliewen wéi et méi oft sollt gin, intelligent Spannung, heichqualitativ Episoden, en stabilen "Background", dann gitt Iech schnell déi eischt zwou Staffelen op DVD besuergen. An am Hierscht kennt déi drett Staffel iwersaat op der daitscher Tele.

Sinon, den Freaken bleiwt natiirlech och nach déi wahnsinneg miserabel schlecht daitsch Z-Movie-lyke Kopie "Verschollen".(leider schons oofgesaat)

20 avril 2007

Usina

"updated"

Hey friends,

Des Woch goung an der Uewerstaadt an der Porte-Neuve den flotten Design-Buttik USINA op.
Gtt Iech déi Saach mol ukucken, Dir kennt enner villem Interessantem och zwee Mol 3 Arbeschten vun mir bewonneren déi et als limitéiert Oplaag natiilrech och ze kaafen get. Schofsfrenn interesséieren sech bestemmt och fir den coolen Schofs-Stull-Desch!!!

Be there!


http://www.usina.lu/

16 avril 2007

Van der Graaf Generator

OMFG OMFG!
Wéi eng Band ass esou genial epesch, virtuos, depressiv, anarchistesch no um Wahnsinn, genau: Van der Graaf Generator.
Ech hun mech gescht an den Auto gesaat, an an d'Belsch Provenz gefuer, op Limburg, wou VDGG am Kursaal (engem e besschen eroofkommenen, awer dach charmanten Concertssall) virun vollem Haus gespillt hun. Den Publikum huet zum ganz groussen Deel aus Middleclass-Männer mat Glatz, no un hieren 60, an aus Retro-Pothead mat laangen Hoer an Wuschelbaart bestaan. Net déi beschten Viraussetzungen fir e flotten Owend. You're wrong!
Baal zwou Stonnen laang hun eis den Peter Hammill an Kollegen (Den Jackson mat sengem doublen Saxophon wor leider net dobai) duerch een Wuermlach un Tempowiesselen gepeitscht. Wéi sie dun och nach Sleepwalkers an Man-Erg ("how can I be free?"...) bruecht hun, woor den Schofsfrenn am siwwenten Himmel.

08 avril 2007

Cinema Show

Ho there, happy Easter alleguer,

wor déi laescht Woch zwee Mol an de Kino gaang, ganz ennerscheedleg Filmer kucken:

300, eng Comic Adaptatioun iwert d'Schluecht vum Kinneg Leonidas vu Sparta géint d'Perser.
Et ass eng beängschtegend Estétique, iergendwéi net real, d'Luuchtféierung ass fantastesch, daat ganzt wierkt wéi een iwwerlaangen MTV-Clip. De ganzen Film schengt virum Blue-Screnn gefilmt gin sin, an d'Fro stellt sech an wéi fern dest iwerhaapt nach eppes mat "Kino" ze dinn huet. Iwerhaapt ass heimat alles positives gesoot, well de Raescht ass nemmen fir sech ze schudderen, d'Acteuren sin sou eppes vun katastrophal, d'Story huet effektiv een Fascho-Nogeschmaach, d'Dialogen, naja, forget it...

The Number 23, den laeschten Film mam Jim Carrey, zu deem ech eng Love-Hate Bezéihung hun. Ech woor deemols begeeschtert vun Truman Show an Eternal Sunshine... an glaichzéiteg sin ech allergesch op seng Grimassen-Komödien. Enges Daags kritt en Mann vun senger Fra een Buch iwert d'Nummer 23 geléint, wou een Detektiv vun der Zuel 23 verfollegt get an duerchdréit. Den Carrey fängt un sech selwer mam Detektiv ze identifizéieren an geséit och iwerall d'Zuel optauchen. Allen schizophrenen Kollegen roden ech un desen Mysterykrimi net ze kucken, déi aaner kennen sech op een interessant kuerzweileg Zuelenknobelei aloossen déi awer net un esou Meeschterwierker wéi "Eternal Sunshine..." erunkennt.