30 novembre 2007

SPARTA

Ech gin aarm. Nemmen gudd Concerten am Moment:
Muer am Atelier leeft Sparta. Niewt The Mars Volta en weideren offspring vun den verschollenen ATDI. Weem den genialen Chaos vun TMV zevill ass (next Joer booken, bitte, bitte, bitte!) kann sech bestemmt mat Sparta ufrenden. Méi zougaenglech, méi Punkitude, awe elo net wiirklech Indie oder Prog wéi ugekennegt. Kee Gefrickels asw, mae erfreschend einfach...an mir gefaellt et awer!
c u there

25 novembre 2007

De Bommeleeer Episode 111 (Film)

http://www.podium.lu/index.php?option=com_seyret&task=videodirectlink&id=85

Aus aktuellem Ulass mol enges méi Amusantes: De Bommeleeer Episode 111

Hun desen Kuerzfilm de Metteg am Netz entdeckt a konnt mir daat eent oder aanert Grinsen net verkneifen.
Wann dir nach net zevill d'Flemm mat desem trauregen Thema an däregen Dossier huet, luusst bis hei eran.

24 novembre 2007

Minus the Bear @ the Atelier

Ha, duj hut dir geschter eng verpasst. Minus the Bear, net méi sou nei Indie-Hoffnung huet eis en kuerzweilegen Owend am hallefvollen Atelier spendéiert. Waat fir Musek maachen sie? Bof, komm mir nemmen et mol progressiv inspiréierten Alt-Post_Punk. Naja net wiirklech. Indie-Rocker mat enger Firléiwt fir aal Yes Gefrickel passt schons eischter. Op jidfer Fall wor ech een vun deenen Eelsten am Atelier gescht.

Guckst dir hier

http://www.myspace.com/minusthebear

Hieren neien Album ass class.

21 novembre 2007

Ephel Duath

Ephel Duath sin hard, avantgarde, proglicated, sick. Waat welss de méi? Anhaenger vun Dillinger Escape Plan, Sleepytime Gorilla Museum an aenlechen béisen Jongen, déi och zB Jazz net ofgeneigt sin kann ech des italienesch Band nemmen recommandéieren. An live souwiesou den Renner!

http://www.myspace.com/ephelduath

19 novembre 2007

photo of the week










16 novembre 2007

Forgotten Sons: REVIVAL


Eng nei Rubrik am Blog: Forgotten Sons. Obskures an geheimnisvolles aus der Musekswelt. Fir unzefaenken:
REVIVAL:
Den Al Basim koum aus dem Rian an d'USA fir desen gleichnamegen Album opzehuelen. Eraus koum eng Meschung aus Psychedelic mit Ethno-Prog-Free-Jazz Elementer, deelweis ziemlech raw an improviséiert, vill Flute, halt typesch 70er Joren Musek zweschen genie an Wahnsinn. Zum Album get et dann och déi passend Legend dat den Basim no desem Album zereck an den Iran gereest ass wou hien verschwonnen ass. Legend wéi gesoot, hoffentlech gin mir déi richteg Geschicht emol gewuer.

12 novembre 2007

Heroes

Ech hun en neien Hero of the Day.

Et sin den Hiro Nakamura and seng Frenn, besser bekannt als Heroes.
Des Serie ass mat LOST dat Genialst waat momentan iwert den Bildschrim flimmert. Et geet glaich eng hallef Dozen Haapt- an nach méi regelmässeg Niewenduersteller, déi all eng Gemeinsamkeet hun. Sie hun speziell Fähegkeeten, léieren des kennen an notzen se zum Gudden oder Béisen. Manner philospoesch vielleicht wéi LOST, dofir awer méi spannend an vill méi Action, mat Specialeffects wéi bei engem Hollywoodmovie. An et mescht süchteg!!! Also vielleicht grad daat richtegt fir déi kaal Deeg déi elo kommen.En gudden Tipp, kuckt d'Folgen der Rei nei, an loosst keng aus, op der daitscher Tele leeft déi eischt Staffel, op englesch a franséisch ass déi komplett eischt Staffel schon op DVD ze fannen. Spaert Aer Frendin oder Frenn aus, an maacht Iech en spannenden Heroes-Weekend.

07 novembre 2007

photo of the week










04 novembre 2007

Deconstruction-Reconstruction

Aeren Schofsmann ass e besschen duerch de Wand, net nemmen dat ech mer no laanger Abstinenz erem en Computer, ech mengen een deen méi schnell ass wéi ech zu Fouss, an d'Haus geholl, installéiert, gefummelt an bewonnert hun. Nee, ech hun och nach ugefaanf meng ganz Foto, Negativ, Dia an Foto-CD Archiven ze re-organiséieren an an archivfest Ordner ze classéieren. Dobai sin ech natiirlech op Grausames gestouss, konnt mech awer och iwert déi eng oder aaner Iwwerraschung fréen déi ech zereckentdeckt hun.

Last but not least hun ech mir eng Kartongs-Camera-Obscura zesummengebastelt an zwee Rollfimer duerchgezunn. Zielen Iech waat et ginn ass.

01 novembre 2007

Coheed & Cambria

Da shit!

Huhu, no deem et laescht Kéier naischt gin ass mat C&C zu Letzebuerg (den Concert gouf ofgesoot), sin se des Kéier fir d'Fréijoer am ehrwürdegen Atelier firgesinn.
Geschter entdeckt, geschter Ticket kaaf, an sait 24 Stonnen mat engem big smile duerch d'Géigend laafend;-)))))
C&C maachen eng Art Alternative-Skater-Prog, ziemlech fun, mat Unleien un 70 an 80er Joren Rush. Neien Album ass graad eraus, kennt net ganz un esou e Klassiker wéi "In keeping secrets...3" erun, awer nach emmer ziemlech fett. Time will tell.

An elo nach déi helleg Mars Volta, pleeeease!