23 juin 2008

playlist

Not many updates recently, sorry for that,
anyway a quick shuffle on my ipod:

Cynic: Textures
R.E.M. : Me in Honey
King Crimson: 4ii4/ProjeKCt One
Soundgarden: Fell on black days
Genesis: Dusk
The Fall of Troy: F.C.P.R.E.M.I.X.

08 juin 2008

Coheed & Cambria

Coheed & Cambria hun et beim drëtten Ulaaf endlech op Letzebuerg an den Atelier gepackt.
Ech war mir schons bewoost dat C&C zu Letzebuerg net wéi an den States mol locker 6000-8000 Leit ulacken kéinten, mae trotzdem wor et schued dat den Atelier (Wéinst der Fussball EM?) ongewinnt eidel wor. Un der Musek kann et net geléen hun, well C&C sin en Phänomèn, trotz hierer ongewinnter Meschung aus Skater-Prog, Rush goes Emo, Frickel-Hardrock brengen sie et faerdeg 10 Minuten Epen mat hitverdächtegen Songs ze kombinéieren. Hardrocker an Proggies woren erstaunlech wéineg do haut Owend, dofir awer eng ganz Rei wibbeleg Teenies déi opmanst probéiert hun sou eppes wéi Stemmung opkommen ze loossen. Waat duerchaus mat Momenter och geklappt huet, esouguer Aeren Schofsfrenn ass mat Momenter op- an ofgehoppst an huet matgesong. Leider hun d'Jongen vun C&C (ennerstetzt vun 2 léiwen Backgroundsängerinnen) schon no enger Stonn mat hieren Zugaben ugefaang, woubei den 10 minütegen Drumsolo net onbedengt un de Schluss vum Concert gepasst huet. Trotzdem en flotten, kuerzweilegen Owend vun enger immens ennerschätztener Band, déi sech wuel och e puer Leit méi an den Atelier gewenscht hätt.Trotzdem Merci un dem Atelier dat sie trotzdem hieren Wée gin an eis weiderhin déi eng oder aner Iwweraschung an den Atelier brengen.

05 juin 2008

Garden Pictures













Am Moment kann ech der hei keng maachen well den Heeschnapp mech plot. Egal, Gaardenelementer photographeieren ech ganz gaeren, eenzel Elementer, Rymthmen, Strukturen, an d'Décompositioun vun deem Ganzen.