27 août 2008

Home Sweet Home




21 août 2008

photo of the week


16 août 2008

Pictures for free

En klengen Artikel vum laeschte Jöer:


Léiw Schäwwercher,

D´Photographie aennert sech, seng Sujet´en, seng Techniquen, seng Träger.

Oft ass e Bild am Archiv vun sengem Auteur nemmen e Fichier ennert villen. Verschidden Fotoen weisen ech oft net, well se zu engem bestemmten Moment net wiirklech eng komplett Arbescht à part duerstellen, oder de Kontext fehlt oder mir selwer net kloer ass. Sollen des Arbeschten dofir op mengem HD versaueren? De Blog ass eng Méiglechkeet Iech des Biller ze weisen, an der Vergangenheet hun ech zB Planche-Contact'en resp. Extrait'en daraus publizéiert. Eng nei Iddi ass, dBiller carrément zum Download unzebidden, Open Source Photography souzesoen. Speichert Iech des Biller bei Iech of oder dreckt se eraus, am Beschten an engem gudden Minilab oder mat engem archivfesten Tentenstrahldrucker mat Pigmentfaarwen.




http://www.tomlucas.net/temp/tomlucassixthfloor01.jpg

http://www.tomlucas.net/temp/tomlucassixthfloor02.jpg

http://www.tomlucas.net/temp/tomlucassixthfloor03.jpg



Donnéen:

Fichier jpg, RVB désaturé /adobe RVB

20x25cm, resp 25x20 cm

14 août 2008

TIME 1: watch reflections

























Des Serie ass interessant awer och funny, eng kleng Ofwieselung zu den vill Doku-Saachen aus der laeschter Zait:

D'Fotografie ass andauernd am Wandel, an et wier e grousse Fehler sech deenen Verännerungen an hieren Suiten ze verschléissen. Ech hun och natiirlech och eng Pocketkamera an e Fotohandy an benotzen se och vun Zait zu Zait. Dest ass eng vun méi Serien déi ech um Laafen hun. Et ass eng Reckbesennung op de Medium selwer, an d'Luucht déi him erméiglecht ze existéieren. Selbstreferentiell, meta-macro-foto Projektiounen. Ech hun och schons eng Iddi wéi een des Série kéint présentéieren.
Fir TIME 2 sin ech op der Sich no engem Modell, weiblech, teschend 18 an 98 (99 geet och) Joer jonk, fir eng Sort Hommage ze erschaafen. (ass awer naischt fir âmes sensibles) Op et emol en TIME 3 get wees ech am Moment nach net.




11 août 2008

pictures of the week


Ech maachen eng Klaamer op, op mengem Streiftour duerch d'Land: Ech treffen regelmässeg op Monumenter, an allen Gréissten. Wéi ass dem Letzebuerger seng Astellung zum Erënneren haut. An zum Doud? Bei deenen Jonken, an deenen manner Jonken. Iwwerall treffen ech op Griewer, Kreizer, Denkmäler!









04 août 2008

pictures of the week