25 octobre 2008

Toumani Diabaté

Decke merci u main Frère V-lan, dat e mech geschter an d'Mierscher Kulturhaus matgeholl huet fir den Toumani Diabaté, en vun de gréissten Kora Spiller iwwerhaapt ze entdecken. D'Kora ass iwwregens en afrikanescht Saiteninstrument waat aus engem Kürbis hiergestallt get. Et get, wéi ech verstaanen hun, mat nemmen 4 Fanger gezupft an erméiglecht et trotzdem mehrstemmeg ze spillen (Den modernen Chapman Stick schengt sech e besschen bei der Kora inspiréiert ze hun?)
Zereck zum Konzert: An engem baal vollen Sall huet den Diabaté déi eischt puer Lidder eleng op sengem Instruement gespillt, eng sensuell Offenbarung. Speider gouff den Diabaté (deen mam Ali Farka Touré en Grammy gewonn huet) vun sengem Orchester ennerstetzt, afrikanesch Kläng, mat jazzy Momenter, mehrstemmeg Instrumentalpassagen an heiansdo immens vertrackten Rythmen. Héichinteressanten Mix, wéi ech fannen, deen d'Publikum zum Schluss esouguer zum danzen bruecht huet! Wonnerschéinen Owend also, ech sin nach haut ganz begeeschtert.

18 octobre 2008

Porcupine Tree / Pure Reason Revolution @ Rockhal

Aere Schofsfrënn ass nach emmer am 7ten Himmel no engem super Concertsowend geschter an der Rockhal.
An engem ausverkaaften klnegen Sall huet als eischt Pure Reason Revolution d'Zuschauer mat hierem genialen Mix aus Art Pop, 80's meets Noise Electrosounds iwerrascht. Sin sait engem Joer en groussen Fan vun deser Band, ech hoffen sie brengen et nach wait an kennen sech bei engem Major duerchsetzen.
Exzellent Musek ass natiirlech och duerno vun Porcupine Tree gebueden ginn. En exzellenten Sound am Sall huet d'Zuschauer verwinnt, ech hun hefteg matgerockt;-))) an ween de Schofsfrenn besser kennt wees dat hien bei sou genialen Stecker wéi Normal an Trains duerchaus déi eng oder aner Tréin huet missen ennerdrecken. Méi wéi 15 Joer hun Porcupine Tree gebraucht fir zur (eenegermoossen) grousser Band ze gin déi esouwuel bei Jonken wéi Eeleren, Metaller wéi Popfans ukennt opwuel sie hieren Sound Psychedelic iwert Art-Pop zu Progmetal verännert hun.

14 octobre 2008

photo of the week











Mat e besschen Verspéidung, hei déi kleng Série vum laeschten Mount.










08 octobre 2008

Wanted: Fotomodel mat (wirklech) kuerzen Hoër

Alles am Titel, sichen fir nach dest Joer eng freiwelleg Madame, jonk, mat richteg kuerzen Hoer fir e Fotoshooting. Ech hun e bestemmten Look am Kapp, kann awer schwéier erklären waat ech mengen. Ech réaliséieren gaer eng interessant Foto fir eng zukünfteg Expo. De Shooting (Close up, frontal(?), de Kapp mat de Shëlleren) dauert net méi wéi eng Stonn wann alles gudd geet, eng kleng Rénumératioun ass och nach dran. Mellt Iech w.e.g. (mat Bild) am Blog, Facebook, Email (tom.lucas@internet.lu).