28 janvier 2009

from the darkroom




23 janvier 2009

from the archives








15 janvier 2009

Playlist Januar 2009

shuffling in the cold

Blackfield: Glow
Squonk Opera: The unusual Mrs. Spitz
Wallenstein: Lunetic
Gojira: Remembrance
Lou Reed; Caroline says II
Protest the Hero: Goddess Gagged

dumdidumdidye

08 janvier 2009

from the darkroom





Wanterzait ass Labozait; ech hun mer dest Joer endlech mol erem e puer Laboséancen geleescht fir e bessi aus den Archiven ze printen. It was fun, ech gesin awer glaichzeiteg, dat d'Finesse fir de Print e bessi verluer gaang ass an de laeschten 7-8 Joer, op der aaner Sait hun ech eng gewessen Gamme de gris an e Style fonnt an deem ech gaer printen.
Firwaat nemmen e Bild printen, wann een der op e Coup kann 2 beieneen printen? D'Iddi ass inspiréiert vun der Planche-Contact, d'Loscht d'Biller erem an eng méi oder manner zoufaelleg Géigeniwerstellung ze setzen, e besschen mam narrativen Element spillen. Anyway...here we go.

Ps: Wéi am Facebook bereits erwähnt, hun ech eng Boîte Ilford Multigrade 40x50 RC Pabeier ze verschenken (De pabeier ass e puer Joer aal, ech hun mat e puer Blaad en Test gemeet, alles ok, konnt mat Grade 3 printen, et sin nach eng 40-45 Blieder an der Kescht). Den Eischten ass fir, et ass gratis!

02 janvier 2009

Cards




Mat vill Motivatioun an d'neit Joer.


Heirun bastelen ech sait kuerzem: Kleng temporär Mini-Skulpturen déi ech fotograféiren ier se rem an e Koupp faalen. Meeschtens maachen ech e puer Zoustandsfotoen mat der klenger Lumix, Esquissen souzesoen, ier ech mech décidéieren, wéi lo hei, och heichopléisend Opnahmen ze réaliséieren. Ech hoffen meng Fähegkeeten mat de Kaarten huelen nach zou, wann ee vun Iech Spezialist a Saachen Kaartenheisercher ass, kann e sech gaer bei mir mellen. Sin gespaant wéi et weider geet.