28 mars 2009

Mois de la photo 2

Konscht ass ustrengend!
Den Mois Européen de la Photographie ass definitiv amgaang an nach nie haaten mir zu Letzebuerg de Choix vun esouvillen exzellenten Expoen am Bereich Fotografie.
Hei als Appetizer e puer Nimm a Plaazen, meng Coups de coeur vun mengen Découverten haut:

MNHA: Portrait ass hei ugesoot, fantastesch d'Wierker vum Pierre Gonnord, formidabel och d'Entdeckung vum Luce Moreau senger Arbescht.

Casino: No der legendärer "The 90's..:" virun Joren, elo eng nei Expo mat (foto)geschichtsträchtegen Titel (deen an aktuellen Zaiten wuel bewoost een Goût amer huet) "Great Expectations: Contemporary Looks at Today's Bitter Years". Bekanntes an och Neies huet mech de Moien am Casino begeeschtert: Peter Ganser: "Sun City", Dionisio González, Adi Nes "Bible" souwéi main Photon.lu Frënn Patrick Galbats. Huelt Iech Zait fir des Ausstellung, ech gin op jidfer Fall och nach emol zereck.

Vun der Haaptstaadt dunn an d'Fotografie-Haaptstaadt vum Ländchen, nämlech Diddeleng, wou am CNA eng exzellent Ausstellung mam Titel "3 Stories" ugaang ass, main Coup de coeur hei d'Arbescht vum Pieter Hugo iwert déi iech ech net ze vill well verrooden. Quelle découverte!

Vill ze verschaffen deemno fir den Schofsfrënn, deen déi next Deeg och nach déi aaner Ausstellungen kucken geet.

23 mars 2009

Fréijoersfoto (of the week)

17 mars 2009

from the darkroom




12 mars 2009

Mois de la photo


Yuppiiie, den Mois de la Photo geet un a brengt eis eng ganz Rei flott Ausstellungen an d'Land.
Laescht Woch waar ech mir direkt mol an d'Leslie's Artgallery op de Bridel d'Portrait'en vum Billy & Hells ukucken. Eng ganz spektakulär Arbescht iwert/mat Krankeschwestern mam Numm "Sisters of Mercy". D'Biller sin glaichzeiteg irgendwéi retro an dach höchst contemporain.

Wann der an der Staadt sidd, gidd onbedengt an d'Clairefontaine Espace 2 dem Giacomo Costa sain Billerzyclus The Chronicles of Time bewonneren. Kenner hun den Costa wuel schon déi eng oder aner Kéier zu Letzebuerg entdeckt. Seng hybrid, technoid Landschaften sinn erstaunlech, niewt klengeren Lightboxes, präsentéiert den Artist des Keier och Groussformaten, Welten aus Waasser, Eis, Bësch. Eng Rees un d'Limiten vun der Fotografie.

Last but not least goung gescht dem Marc Wilwert seng nei Ausstellung "Zero Sun" an der Galerie Gaasch zu Diddeleng op. Et ass Weiderféierung vun senger Recherche iwert d'Luucht an d'Absence vu Luucht. Net verpassen.

03 mars 2009

The life of Mr. S.