29 avril 2009

The Hot Shoe Diaries

Bass du een Strobist?



Déi digital Fotografie huet sou munches an der alldäglecher Fotopraxis vereinfacht.

Eischtens kann e vill méi mat der Beliichtung an zumools der Ausliichtung experimentéieren: Flash Light, Ambient Light, eng Meschung aus verschiddenen Lichtquellen an zweetens ass et ganz einfach sain Bletz vun der Kamera erofzuhuelen an trotzdem TTL, drahtlos, asw fotograféieren. Wou e fréier eng ganz Blëtzanlag (mat sëllegen Kabelen) matgeschleeft huet, keeft een haut just nach en 2. (oder 3.) Bletz an e puer kleng Accessoiren an kann vill méi flexibel a kreativ schaffen.

Am Internet huet sech och esou eppes wéi eng kleng Szene gebillt, d'Strobisten, mat héichinteresanten Websaiten wéi http://www.strobist.blogspot.com/ wou en emmer erem Neies léieren kann.

Keen Wonner dat elo och emmer méi Bicher zum Thema optauchen, ech hun mer dunn virun kuerzem dem Joe McNally sain "The Hot Shoe Diaries" kaaft.Den McNally ass zB den Auteur vun 2 Nikon DVD'en zum Thema blëtzen an e puer Biller aus desem Buch hun ech och schons an sengen Videotutorials gesinn.

Ween hei elo eng Zort Bedienungsanleitung fir frei d'Blëtzen erwaart get, wéi ech zum Deel, e bessi enttäuscht. D'Buch ass eischter eng Usammlung vun Anecdoten, Geschichten an Rotschléi fir Leit déi mam Nikon System schaffen. Fir Fortgeschrëttener eng amusant Lecture zum Thema, fir den Apprentissage an déi effektiv Weiderbildung géif ech mech awer eischter un Blogs an Siten wéi http://www.strobist.blogspot.com/ haalen.

Let there be more light.

26 avril 2009

SKIN




Dese Wanter hun ech mech e besschen méi intensiv mat neien (an manner neien) Photoshop-Techniken beschäftegt an mir e ganzen Bierg voll Bicher zougeluecht. Nodeems ech ech ganz Retsch Wierker vum Scott Kelby (onbedengt e puer Bicher vun him studéieren!) duerchgeknaat hat an bemierkt hun dat d'Techniken sech awer oft wiederhuelen, sich ech op SKIN vum Lee Varis gestousst. Bestemmt kee Buch fir Débutants, a vielleicht manner didaktesch wéi d'Bicher vum Scott Kelby, ass dest Buch trotzdem d'Referenz fir Leit déi gaer digital Portraitretouche léieren. Wann Dir d'Grondtechniken vun der Beliichtung schon beherrscht, an Layeren a Masken fir Iech opmannst e Begrëff sinn, dann ass dest vielleicht e Buch fir ech.

22 avril 2009

photo of the week

14 avril 2009

photo of the week








05 avril 2009

from the archives



Open Flash was THE big thing 10 years ago.
Hun et nach emmer gaer...