
21 avril 2008
Weekend Biller


16 avril 2008
The Mars Volta @ Atelier
This is amazing.
Et gin e puer Saachen déi ech onbedengt well maachen ier ech den Big One géigeniwwerstinn. Eng dovun ass The Mars Volta live gesin. Nodeems ech Bréissel verpasst hun haat ech keng Hoffnung méi...dun daat, sie kommen virun eis Hausdiir!
Waat ass TMV, Led Zeppelin meats King Crimson meets Santana meets..., egal op dir et AltEmoLatinoHardJamProg nennt oder aanescht...daat get den Event vum Joer. Merci Atelier!
Be there!!!
13 avril 2008
'Jacob Holdt - American Pictures 1970-75'
Am interessantesten ass eng Ausstellung wann se de Public iwerrascht, wann een op eppes trefft waat e net erwaart. E jonken Mann léisst sech op senger Rees duerch d'USA en Fotoapparat noschecken fir daat ze dokumentéieren, wouvun en erzielt. Eraus kommen autentesch an technesch ganz exzellent Fotoen déi d'sozial Zerrassenheet vun der amerikanescher Gesellschaft aus den 70er Joren dokumentéieren. A voir!
09 avril 2008
08 avril 2008
01 avril 2008
Inventaires

Waat sammelt diir? Fir erauszefannen waat een esou alles an sengem Sammlungen huet ass et am Beschten et fotograféiert een et emol duerch. Waat kann dest sin???
30 mars 2008
27 mars 2008
23 mars 2008
http://www.biennalephotoliege.be/
Wor mir geschter d'Fotosbiénnale op Lëck ukucken; nodeems ech virun 2 Joër wann ech zereckkucken eischter enttäuscht woor, wor ech ouni grouss Erwaardungen dohin gefuer.
Dobai haengt den Verdict finallement emmer besschen dovun of op een d'Glas hallef voll oder hallef eidel gesait, soll ech mech iwert déi Saachen opreegen déi ech net besonnesch interessant fonnt hun oder eischter dankbar sinn iwert déi nei Fotografen, Ideen, Standpunkten déi ech entdecken konnt? Komm mir probéieren et mat enger méi positiver Approch:
D'Thema "Territoires" lait mir natiirlech méi wéi Saachen wéi "Brazil" oder "Chasser le naturel".
D'Organisateuren hun d'Thema, waat op den eischten Blëck wéi esou vill Ausstellungsthemaen ganz generell an passe-partout eriwwer kënnt, schlauerweis an verschidden Notiounen ennerdeelt: Territoire mental, Territoire politique, Territoire en mutation an Territoires et Identités. Esou kann jidfereen sech fir en bestemmten Deel vum Thema interesséieren.
Waat huet net gefall? Mir perséinlech déi vill ze vill surreal an pinschy Approche vun den Territoire mentales. Den Auteur deen sech op sech selwer bezidd, oft onéideg resp. sc hlicht Widderhuelungen vun Idéen déi mer schons honnert mol entdeckt hun. Neo-mental (copyright N.C.) at its best.
Waat huet gefall? Territoires politiques an territoires en mutation. Arbeschten vun mir bekannten (Alec Soth, Joel Tettamanti, Nicolas Bomal) an onbekannten Kenschtler (Xavier Delory (super!), Paulo Catrica, Edward Burtynsky, an ganz exzellent Brigitte Grignet)
Nexten Weekend as schons erem Schluss zu Leck, mol kucken wouhin eis d'Rees an 2 Joër féiert.
18 mars 2008
playlist
anyway, e schnellen shuffle duerch den Ipod:
Elf Power: Somewhere down the river
Ozric Tentacles: Spiral Mind
Oceansize: Unfamiliar
Grieg: Prelude; aus Holbergs Zeit
Imogen Heap: Closing in
Taal: Blind Child
65 Days of Static: Await rescue
R.E.M: Nightswimming
that's it...
08 mars 2008
Forgotten Sons: Kraan
Lauschteren : Holiday am Matternhorn an Sarah's Ritt durch den Schwarzwald
http://www.youtube.com/watch?v=0DmD9dV9G4Q&feature=related
24 février 2008
Carl de Keyzer: Trinity
16 février 2008
Time Shift

12 février 2008
pinholes (first film roll)
01 février 2008
27 janvier 2008
23 janvier 2008
Forgotten Sons: IN SPE
Des Kéier an eiser Rubrik Forgotten Sons: In Spe
Eisen Ausflug an d'Rubrik vun den Bands déi et nie iwert den Geheimtipp erasugepackt hun kennt des Band aus Estland.
Den eenzegen Album deen ech vun hinnen kennen hun ech demools weinst hierem héijen Freakfaktor kaaft:
"Typewriter Concerto in D" ass wéi den Titel et undeit en Album mat....jo, Schreiwmaschinn.
D'Musek ass u sech eischter biederen Ostprog, ganz no un der klassescher Musek, awer och mat e puer jazzy Elementer. Extrem mies produzéiert, ass den Album awer mat der fester Iwwerzeegung etstaanen eppes Avantgardistesches an Neies ze créeieren. En Produkt vun senger Zait.
15 janvier 2008
06 janvier 2008
Playlist, shuffle on...
-Mouse on Mars: all the old powers
-Caravan: aristocracy
-Hawkwind: psi power
-Gargamel: below the water
-Blackfield: where is my love
-Animal Collective: unsolved mysteries
02 janvier 2008
Hard boiled Wonderland und das Ende der Welt
Hard boiled Wonderland und das Ende der Welt
Erzielt gin u sech 2 Geschichten gleichzeiteg. Eng eischt Geschicht, eng Meschung aus Krimi an Thriller an engem modernen Sci-Fi Japan wou sech verschidden Gruppen géigeniwwerstin an den protagonist probéiert d'Welt ze retten; eng zweet Geschicht, méi bizaar, an enger abstrakter Welt mat ze wéineg Informatiounen fir se méi genee ze définéieren an wou den Protagonist eng nei Staadt (an hier Bewunner) kenneléiert. Waat hun des Geschichten mateneen ze din? Fannt et eraus. Méi komplex wéi seng Kuerzgeschichten, mae wann Iech déi surreal Atmosphère an der "Wilden Schafsjagd" gefall hut, gehéiert dest och op Aer next Akaafslescht.
24 décembre 2007
17 décembre 2007
15 décembre 2007
04 décembre 2007
Time Shift

J'ai l'honneur de vous inviter au vernissage de l'exposition
Time Shift
qui aura lieu au Kiosque, Place de Bruxelles, Luxembourg
le vendredi 14 décembre 2007, à 18:00 heures.
En collaboration avec:
AICA Luxembourg
http://www.aica-luxembourg.lu/
03 décembre 2007
José Saramago: Die Stadt der Sehenden
Well, zur Saach:
Et ass wéi emmer ee klasseschen Saramago gin. En Element, an desem Fall en Evenement geheit eng Uerdnung op d'Kopp, an Menschen gin mat desem Geschéihen gefrontéiert.
Am eischten Deel sin all d'Awunner vun enger net weider genannter Stadt an kuerzer Zait blann (am Prinzip handelt sech em Lissabon, mae den Saramago get weder Stiedt nach Protagonisten en Numm).
An deser Fortsetzung, déi e puer Joer méi spéit ugesiedelt ass, sin Wahlen, an 80 Prozent vun den Awunner gin en waissen Ziedel of.
Den Roman hellt dest als Ausgangspunkt fir eng spannend politesch Erzielung, déi ass em e weideres kloer mecht wéi wait eng Authoritéit kann goen fir gewessen Zieler duerchgesaat ze kréien, an wéi instabil eis gesellschaftlech Uerdnung dach ass. Ween dem Saramago sain onprézisen, langootmegen Stil net stéiert, soll hei onbedengt ranluussen, w.e.g. awer d' "Stadt der Blinden" als eischt duerchhuelen. Fir Politiker ass dest Wierk souwiesou Pflicht.
02 décembre 2007
DEEP SOUTH
Wor de Metteg beim Stuerm des interessant Ausstellung op Diddeleng kucken, 4 interessant Approche zu eisem Süden. Net verpassen.
http://www.centredart-dudelange.lu/index3.php?galerie=nl&page=programme
30 novembre 2007
SPARTA
Muer am Atelier leeft Sparta. Niewt The Mars Volta en weideren offspring vun den verschollenen ATDI. Weem den genialen Chaos vun TMV zevill ass (next Joer booken, bitte, bitte, bitte!) kann sech bestemmt mat Sparta ufrenden. Méi zougaenglech, méi Punkitude, awe elo net wiirklech Indie oder Prog wéi ugekennegt. Kee Gefrickels asw, mae erfreschend einfach...an mir gefaellt et awer!
c u there
25 novembre 2007
De Bommeleeer Episode 111 (Film)
Aus aktuellem Ulass mol enges méi Amusantes: De Bommeleeer Episode 111
Hun desen Kuerzfilm de Metteg am Netz entdeckt a konnt mir daat eent oder aanert Grinsen net verkneifen.
Wann dir nach net zevill d'Flemm mat desem trauregen Thema an däregen Dossier huet, luusst bis hei eran.
24 novembre 2007
Minus the Bear @ the Atelier
Guckst dir hier
http://www.myspace.com/minusthebear
Hieren neien Album ass class.
21 novembre 2007
Ephel Duath
http://www.myspace.com/ephelduath
19 novembre 2007
16 novembre 2007
Forgotten Sons: REVIVAL

12 novembre 2007
Heroes
Et sin den Hiro Nakamura and seng Frenn, besser bekannt als Heroes.
Des Serie ass mat LOST dat Genialst waat momentan iwert den Bildschrim flimmert. Et geet glaich eng hallef Dozen Haapt- an nach méi regelmässeg Niewenduersteller, déi all eng Gemeinsamkeet hun. Sie hun speziell Fähegkeeten, léieren des kennen an notzen se zum Gudden oder Béisen. Manner philospoesch vielleicht wéi LOST, dofir awer méi spannend an vill méi Action, mat Specialeffects wéi bei engem Hollywoodmovie. An et mescht süchteg!!! Also vielleicht grad daat richtegt fir déi kaal Deeg déi elo kommen.En gudden Tipp, kuckt d'Folgen der Rei nei, an loosst keng aus, op der daitscher Tele leeft déi eischt Staffel, op englesch a franséisch ass déi komplett eischt Staffel schon op DVD ze fannen. Spaert Aer Frendin oder Frenn aus, an maacht Iech en spannenden Heroes-Weekend.
07 novembre 2007
04 novembre 2007
Deconstruction-Reconstruction
Last but not least hun ech mir eng Kartongs-Camera-Obscura zesummengebastelt an zwee Rollfimer duerchgezunn. Zielen Iech waat et ginn ass.
01 novembre 2007
Coheed & Cambria
Huhu, no deem et laescht Kéier naischt gin ass mat C&C zu Letzebuerg (den Concert gouf ofgesoot), sin se des Kéier fir d'Fréijoer am ehrwürdegen Atelier firgesinn.
Geschter entdeckt, geschter Ticket kaaf, an sait 24 Stonnen mat engem big smile duerch d'Géigend laafend;-)))))
C&C maachen eng Art Alternative-Skater-Prog, ziemlech fun, mat Unleien un 70 an 80er Joren Rush. Neien Album ass graad eraus, kennt net ganz un esou e Klassiker wéi "In keeping secrets...3" erun, awer nach emmer ziemlech fett. Time will tell.
An elo nach déi helleg Mars Volta, pleeeease!
31 octobre 2007
28 octobre 2007
WANTED!
Misst mech erem méi mat Portrait'en beschaeftegen an do nei Wéer sichen.
Sichen iwert den Blog léiw Leit déi sech wellen fotograféieren loossen.
Alter teschend 20 an 120, männlech oder weiblech, an sech wuel fillen virun der Kamera.
Et sollen keng "book"-mässeg Fotoen gin, froot also w.e.g. net.
Kann am Prinzip naischt bezuelen, mae awer en oder zwee flotten Prints schenken.
22 octobre 2007
music, all I hear is music
Coheed and Cambria - No World For Tomorrow
Oceansize - Frames
Sparta - Threes
Weather Report - Black Market
Watch out for some nice Luxembourg concert of:
Sparta, Minus the Bear and Ephel Duath!!!
16 octobre 2007
"par la suite..."
http://www.kulturhaus.lu/index.php?page=1&subpage=1&event=128
D'Association Luxembourg Alzheimer an 3 Letzebuerger Artisten présentéieren Iech eng kuckenswert Ausstellung zu Miersch. D'Kenschtler hun mat den Léit aus den ALA Foyer vun Dahl eng interressant Arbescht op d'Been gestallt. Check it out!
11 octobre 2007
Radiohead: In Rainbows
Iirgendwann an den 90er wéi d'Welt graad pret war U2 an hier wuelverdingten an iwwerfaelleg Pensioun ze schecken an Radiohead op den Rockolymp ze hiewen ass eppes ganz bizarres geschitt: Radiohead wollten net. (Schlaumeier géifen behaapten, sie hun sech fléiwen geloos).
Sie hun ab deem Zeitpunkt emmer erem probéiert aanescht ze sin oder ze spillen, Credibility gehéiert anscheinend zum Image dozou. Egal, dovun kann een haalen waat e well, op jidfer Fall hun Radiohead sech den Luxus erlaabt nemmen nach onregelmässeg Alben erauszebrengen, an esou woor jidfereen iwwerrascht ze liesen dat sie hieren neien Album schon dest Joer brengen géifen. Am Dezember kennt d'CD mat allem drumunddran am Luxuspackage an d'Butteker. Ween net esou laang waarden kann kann ab geschter awer och déi ganz CD op hierem Site erooflueden.Den Prais?... Daat waat dir wellt. Waat ass Iech en Album als MP3 waert, ouni Cover, Booklet, CD, Oppreis fir den Eenzelhandel asw asw? Eng interessant Approche wéi ech fannen. Hoffentlech waerten vill Fans méi wéi 0 Euro bezuelen an domat weisen dat et tatsächlech méiglech ass den Musekbusiness ze veränneren.
Bon, elo get erofgelueden, an de Metteg gelauschtert;-)
09 octobre 2007
04 octobre 2007
02 octobre 2007
Tanz mit dem Schafsmann
Haruki Murakami
Ho ho Schofmann, sou gin ech selwer heiansdo am Duerf geruff.
Waat mir awer entgaang woor ass, dat den Murakami des Fortsetzung vun "Wilde Schafsjagd" geschriwwen huet. "Wilde Schafsjagd" woor eng Zort surrealen Detektivstory em ee Mann op der Sich no engem bizarren Schof.
An wéi gesoot, dest Buch greift d'Story vum Protagonist erem e puer Joer méi spéit op.
An engem modernen Hotel trefft hien den Schofsmann zereck, Persounen verschwannen, Intrigen gin ugedait awer net opgedeckt. D'Story verleeft sech och an verschidden Richtungen, wouvun keng wiirklech weidergesponn get...waat de Lieser stéieren kann, awer net muss. Erauskomm ass och hei ebenfalls eng spirituell Rees an d'Zweschenwelten déi deen een oder aaner bestemmt interesséeiren waert.
23 septembre 2007
shuffling in september
Lou Reed: How do you think it feels
Nusrat Fateh Ali Khan: Sea of Vapors
Pink Floyd: Burning Bridges
Squonk Opera: Jole Du Fromage
City: Casablanca
Broken Social Scene: Our faces split the coast in half
17 septembre 2007
Stefan Brijs : Der Engelmacher
En geheimnisvollen Mann kennt no laangen Joren zereck an sain Heemechtsduerf. Mat dobai huet hien seng Drillingen, déi no den Erzengelen genannt goufen. Vun Ufank un kommen Foren an Zweifel am Duerf op iwert d'Geheimnis vun hierem neien Duerfdoktor.
D'Story, déi vun Sait zu Sait méi grujjeleg an daischter get, erennert net zu Onrecht heinasdo un een besseren Stephen King. D'Grauen zitt an een klengt Duerf an eiser Géigenwaart an, an nodeems d'Story sech am eischten Deel schons zu engem Höhepunkt steigert, setzt d'Suite vum Buch interessanterweis op eng net-linear Erzielweis woubai d'Hannergrondgeschichten vun den Protagonisten beliicht ginn.
Are you a man of science or a man of faith?
14 septembre 2007
spiderpig
----------.__.--------._.----------
---------,-|--|==\__|-|----------
---_-_,'--|--|--------|--\---------
---|@|---------------|---\--------
----|o--o-------------'.---|-------
----\----------------------/~~~--
-----|-__--=======-----------
-----\/--\/-----------------------
----------------------------------
10 septembre 2007
07 septembre 2007
Always the summers are slipping away
Shiny and contoured the railway winds
And I've heard the sound from my cousin's bed
The hiss of the train at the railway head
Always the summers are slipping away
A 60 ton angel falls to the earth
A pile of old metal, a radiant blur
Scars in the country, the summer and her
Always the summers are slipping away
Find me a way for making it stay
When I hear the engine pass
I'm kissing you wide
The hissing subsides
I'm in luck
When the evening reaches here
You're tying me up
I'm dying of love
It's OK
Always the summers are slipping away
Always the summers are slipping away
Steven Wilson (Porcupine Tree) : Trains
03 septembre 2007
Link of the day: http://www.photoblogs.org/
http://www.photoblogs.org/
A Blog a day keeps the doctor away!
29 août 2007
Charlotte Cotton: La Photographie dans l'art contemporain
Direkt zougreifen sollt dir bei desem fantasteschen Buch aus dem engleschen iwwersaat an bei Thames & Hudson erauskomm.
Et get e interessanten Iwwerbleck iwert déi aktuell Tendenzen an der zeitgenössescher Fotografie an setzt déi verschidden Stylen och an hieren historeschen Kontext wann emmer daat méiglech ass.
23 août 2007
21 août 2007
New on the Ipod
- 65 days of static: One time for all time
- Portugal the Man: Church Mouth
- The fall of troy: Doppelgänger
15 août 2007
Vitamine Ph
Op mengem Treppeltour duerch Parais hun ech och des "Bibel" vun der zeitgenössescher Fotografie opgestöbert. Selten haat ech esou een intensiven an komplett neien Iwwerbleck iwert déi zeitgenössesch Fotografie an den Hänn. En "Eye-Opener", ouni Zweifel.
(wei sou oft en Link op amazon. Nee, nee, ech kréien naischt vun hinnen fir des Pub.
Ech sin mer secher dir kennt dest Buch op bei Aerem Lieblingsbouquinist bestellen;-)
http://www.amazon.fr/Vitamine-Ph-Collectif/dp/0714897094/ref=sr_1_1/403-7272987-8617209?ie=UTF8&s=books&qid=1187190854&sr=8-1
06 août 2007
Nei Gallery 10 um Site: Éislek Project
Ech hun Iech schons eng hallef Éiwegkeet naischt vum Ésilek (aka 50°) Projet gewiisen, dofir hun ech des Kéier dann och eng ganz Série Biller an d'Gallery 10 op tomlucas.net gesaat. Have a look.
Ech probéieren nach regelmässeg um Projet ze schaffen, mae ech kann net soen dat et schnell virun geet, an d'Resultater och net emmer sou interessant sinn wéi an der Sélectioun déi ech weisen. Den Fehler wor keng visuel Approch ze hun, also hun ech e besschen vun allem gemeet, wéi onschwéier ze erkennen ass. Op der enger Sait ass de Schwéierpunkt op der méi topografeschen Approch, eng mengen daat funktionnéiert net schlecht, dann ass awer och esou een nu-mystizistescht Element, waat schwéier ze handhaben ass, well et schnell an déi falsch Richtung geet, an opgesaat an déplacéiert wiirkt. Schlussendlech ass nach emmer den Wëllen do am Paysage ze schaffen, awer e Paysage den sech nach muss vun sengen bizarr-anachronisteschen Cousin'en befreien an nei Wéer sichen muss. Et get nach vill ze dinn, wann dir interessant Plaatzen am Eislek kennt, an dir mir se weisen wellt well ech soss riskéieren laanschtzefueren, mellt Iech bei mir.
31 juillet 2007
29 juillet 2007
Theorie der Fotografie
Et get en ganzen Koup Fotobicher déi interessant sin, ech sichen mer oft no den Klassiker Benjamin,Barthes, Kraus an Sekula oft Veröffentlechungen eraus mat villen klengen Texter déi dann an e Wierk aféieren. En gudden Iwwerbleck get eng riesendeck Zill déi bei Schirmer/Mosel erschingen ass an "Theorie der Fotografie" heescht. Et sinn 4 Bänn an engem, an présentéiert kuerz déi wichtegst Iwwerleeungen, Essays aus den laeschten 150 Joer. As awer nemmen a klengen Dosen ze genéissen!
Theorie der Fotografie. Komplett in einem Band (Gebundene Ausgabe) von Wolfgang Kemp (Autor), Hubertus von Amelunxen (Autor)
Verlag: Schirmer/Mosel; Auflage: 1 (August 2006)
ISBN-10: 3829602391
ISBN-13: 978-3829602396
27 juillet 2007
vilem flusser: für eine philosophie der fotografie
Den Flusser seng Reflexiounen sin bestemmt net esou naiv wéi se ufanks klengen. D'fotografie get vum Apparat diktéiert an den Fotograf soll sech dessen bewosst sin. Nemmen dann ass et him méiglech aus der Faal ze entkommen, an eppes ze schaafen waat sain Fotoapparat net firgesait.
Nemmen richteg, schons virun Joeren huet den entzweschen verstuerwenen R. Castro eis angetrichtet d'Fehler ze sichen an ze akzeptéieren. D'Nodenken iwert eis Actiounen an iwert d'Herrschaft vun den Apparaten as déi laescht Form vun Revolutioun déi eis nach bléiwt.
Wann der mam Walter Benjamin duerch sidd, ass dem Flusser sain klengt Buch vielleicht eng interessant Reflexioun iwert d'Fotografie fir iech.
19 juillet 2007
back from Paris
Anyway, Fotoen hun ech net vill gemeet, dofir awer vill duerch d'Stroossen spazéiert, op der Sich no engem Schnäppchen, an ech hun eng Valiss mat Fotobicher matheembruecht;-)))Nice!
Wann dir an den nexten Deeg nach an d'Belle-Etoile gidd, kennt dir zwou bekannten Fotoen vun mir aus der Serie "Forteresse" um Stand vun den Festungsfrenn entdecken. Ze kaafen get et des grouss Print'en awer an der Usina an der Porte-Neuve an der Staadt. Fir den méi klengen Portemonnaie fannt dir an der Belle-Etoile awer trotzdem en sympateschen, klengen Print, gitt luussen op se net schons vergraff sin.
08 juillet 2007
Vakanz
et ass Vakanz an Siicht an deementspriechend gudd ass meng Laun.
Hoffentlech sin ech an den nexten Wochen net ze liddereg de Blog ze updaten...ech mengen et haenkt zum groussen Deel och bessl vum Wieder of. So, what's up?Ech hunop jidfer Fall mol konkret Foto-Projet'en laafen, an ech rappen mech fir daat ze maachen.
Anyway, geschter war Ofschlossevent an der Kufa, zesummen mat engem interessanten Videoowend (ech sin zum Schluss agepennt...sorry) an e puer obligatoreschen Concert'en, wou ech des Kéier Hal Flavin louwen well déi vill méi rockeg(?) eriwwerkomm sin wéi nach virun engem Joer. Tiptop Muesek also vun Hal Flavin, ExInferis; Chief Mart's an aaneren och.
Anyway hei schnell e Shuffle duerch main Ipod (yeah yeah):
- Coheed and Cambria: Wake up
- Peter Gabriel:Solsbury Hill (live)
- R.E.M.: What If We Give It Away?
- Ozric Tentacles: Symetricum
- The Who: The Acid Queen
- Kraan: Lonesome Liftboy (live)
02 juillet 2007
Soccer Game

Virum Match laeschten Sonndeg: Mir waren esou eppes wéi déi heemlech Favoriten...an d'Partystemmung wor exzellent virum Match. Verschiddener haaten 2 Nuechten hannerteneen bis 7h moies duerchtrainéiert, an och nach kuerz virum 1. Match den Akoholpegel erem op een gesonnden 1,* niveau bruecht. MAe et sollt aanescht kommen: 5 Minuten méi spéit woor alles un an aus, eng grave Blessur vun eisem Stiermer B souwéi een Blackout vun eiser Wonnerwaff D. huet eis de secheren Succès kascht. De Coach Mother of Muedsi hei am Bild mam Schofsfrenn wor net erfreet an wollt sech selwer awieselen. Leider hun d'Statuten keng Schof zougelooss, an mir hun dun Forfait erklärt. Vun Roserei huet MoM dun och nach en Ouer verluer...Hard Times!
Gudd Besserung allen Blesséierten...ech mengen next Joer sin ech net méi dobai, d'Blamage setzt einfach nach ze déif.
30 juin 2007
Kazuo Ishiguro: Auprès de moi toujours
D'Story erzielt reckbleckend eng Geschicht vun enger anscheinend friddlecher an erfelltenen Kandheet an engem englechen Internat.
Lues awer secher iwwerkennt den Lecteur een héichbeklemmend Gefill, well esou niewenbéi Detailer an Elementer un d'Liicht kommen, wou een sech seet: WTF, Elementer déi eigentlech net eiser Wirklechkeet entspriechen.
***Spoiler***(sélectionnéieren fir weiderzeliesen...op eegen Gefoor)
Onspektakulär ass dem Auteur sain Stil, onspektakulär (am positiv Sënn vum Wuert) ass och Geschicht déi eis bebrengt, dat ech sech bei den Kanner em naischt aanescht handelt wéi menschlech Ersaatzdeellager, also Klonen, fir Organer hirzeginn, an enger Welt déi sou schons Mett vum 20. Jorhonnert faerdeg bruecht huet den Kriibs ze besiigen. Onspektakulär wéi déi jonk Leit hiert Schicksal hinhuelen, onspektakulär och wéi den ganzen medizineschen System dem Lecteur erklärt get.
***End Spoiler
Am Fong ass et déiselwescht Absence vun Emotioun, Spannung, déi deser Geschicht hier grouss Stärkt ausmecht an se sou onerträglech mecht!
25 juin 2007
Turn it on again?
Wor mat Frenn op Bréissel déi wahrscheinlich laescht Tournée vun Genesis kucken an virun 2 Stonnen mat gemechten GEfiller an d'Bett gaang.
Waat fir eng Show, waat fir eng Bühn, ausser Pink Floyd an U2 ass wuel keen an der Lag esou eppes op d'Been ze stellen. D'Setlist woor e ganz agréablen Mix aus Prog an Pop. Besser konnt e Realist et eigentlech net erwaarden.
An dach, de Public woor midd, ass net matgaang, d'Emo Attitude huet elo och de Mainstream ugestacht...Hänn an den Täschen, net klappen...naja
D'Get emmer behaapt, Genesis missten méi Gabriel Saachen spillen, waat un sech eng Iddi ass déi ech deelen. Des Musek gehéiert zum Beschten waat jemools gemeet gin ass. Mae wann vun 50000 Leit am Stadion souwiesou sech nemmen 5000 dofir interesséieren, dann verstin ech dat d'Band net begeeschert ass vill aalen Kromm ze spillen.
Soit, déi glecklech déi do woren kruuten Saachen wéi In the Cage,Cinema Show, Riding the Scree,Duke's Travels, Afterglow,Ripples, Los Endos an nach villes aaneres méi récentes ze heieren. Dobai wor tescht den Zeielen wuel jidferengem kloer gin dann sech d'Phänomen Genesis ausklengen léisst an déi aal Hären nach emol wollten hier Plaatz an der Geschicht (déi hinnen als meeschtgehassten Band aller Zaiten och zousteet) festegen.
Genesis sin doud, long live Genesis.
22 juin 2007
16 juin 2007
Dream Theater, Rockhal
Op der enger Sait, super Sound, generel gudd Ambience am Public
Op der aanerer Sait hun d'Jongen ziemlech Pissed of gewierkt, naja wahrscheinlech geet en sech ziemlech op de Geescht op souenger Tournée. An dann déi puer A...lächer am Public déi dauernd bei luesen Passagen Dommheeten geblärt hun...F... off!
Dat d'Jongen op hierer Warm-up Tournée des Kéier nemmen 2 amplaatz 3 Stonnen spillen sief hinnen ouni weideres verziehen.Ganz interessant de Mix am Public:vun 15 bis 65woor alles dobai, Metaller (zwar emmer manner, laang Hoer stierwen aus?), 08/15 Studenten, ergrooten Hären am beschten Alter mat 1000 gewäschenen Conert-shirts an déi eng oder aner Milf, déi schon Milf woren wéi ech virun 12 Joer als Teenie déi eischt DT Concert'en erliewt hun.;-) D'Setlist wor eng Festival-Setlist an dofir ziemlech ziemlech mainstream-halteg. Déi komplizéiert Stecker vum neien Album hun se sech dann och fir am Hierscht reservéiert.
Setlist (net 100 % mengen ech):
Overture 1928, Strange Deja Vu, Take The Time, Endless Sacrifice, Constant Motion, The Dark Eternal Night, Surrounded, I Walk Beside You, Never Enough, Forsaken, Home (wowh wowh, tjiiiki, wowh, wowh;-) ), The Spirit Carries On, Metropolis I
"I was told there's a new love that's born, for each one that has died"
15 juin 2007
SINAR à vendre

02 juin 2007
01 juin 2007
27 mai 2007
MUSE
Mir waaren zu Letzebuerg net graad verwinnt wann et drems goung grouss Bands ze kucken. Wann den Atelier ze kleng woor, hun mir missen an d´Victor Hugo Hal resp. an iergendwelch horribel Sportshaalen ausweichen. D´Resultat war oft katastrophal, an ech huelen un vill Bands hun et dunn opginn op Letzebuerg ze kommen.
Geschter woor ech fir eischt och emol am groussen Sall an der Rockhal...an et woor super.
Muse ass trotz bekannten Singlen jo awer emmer nach net déi zougänglechst vun den aktuellen kommerziellen Gruppen, an dofir ass et positiv iwwerraschend wéivill Succès sie hun. Am Ausland spillen sie an Stadien wéi Wembley déi sie och ausverkaafen; geschter hun sie virun "intimer" an ausverkaafter Kuliss vun 6000 Leit gespillt. Vill Fans hun locker iwer 500 km gemeet fir hier Grupp ze erliewen.
Anyway, geschter hun mir den Nec plus ultra erliewt, waat a punkto Sound an Lightshow hautdesdaags an enger Hal méiglech ass. Muse sin bombastesch, Muse sin komplex, Muse sin Pathos (an Kitsch) pur, Muse sin Prog...an daat ass gudd esou. Do kann een eventuel och een Aan zoudrecken wann de Concert eng hallef Stonn ze kuerz wor.
20 mai 2007
Gojira
Stop! Waat geschter an der Rockhal ofgaang ass, war aussergewéinlech.
Ech hun Gojira entdeckt, eng upcoming Post-Prog-Eco-Trash-Metal Band aus Frankreich.
E besschen manner technesch wéi deéi duerchgeknallten Meshuggah, an e besschen méi Trash wéi déi iwwerraschend Mastodon, sou léisst sech Gojira wuel am Beschten beschreiwen.
Wee Ouerestëpp dobai haat woor op der gewonnener Sait; an ween vun hieren Killerinstrumentalpassagen nach net genug kruut, deem ass wahrlech net méi ze hellefen.
GOJJJJJJJIIIRAAAAA
13 mai 2007
Zait
...
Tired of lying in the sunshine staying home to watch the rain
You are young and life is long and there is time to kill today
And then one day you find ten years have got behind you
No one told you when to run, you missed the starting gun
And you run and you run to catch up with the sun, but its sinking
And racing around to come up behind you again
The sun is the same in the relative way, but youre older
Shorter of breath and one day closer to death
Every year is getting shorter, never seem to find the time
Plans that either come to naught or half a page of scribbled lines
Hanging on in quiet desperation is the english way
The time is gone, the song is over, thought Id something more to say
...
11 mai 2007
Mother of Muedsi

04 mai 2007
Playlist may 07
Gojira - From Mars To Sirius
Wolfmother - Wolfmother
Modest Mouse - We Were Dead Before The Ship Even Sank
Omni Trio The Haunted Science
Isis-In The Absence Of Truth
heavy times...
01 mai 2007
Retour de Babel
Souvill mech de ganzen politeschen Zinglabumm um Vernissage genervt huet, sou muss ech iech dach des wertvoll Ausstellung zum Thema Migratioun un d'Haerz léen! Huelt iech vill Zait wann der en Tour op DIddeleng maachen gitt, et ass dowaert.
26 avril 2007
LOST
Dudes, ech sin süchteg! Süchteg no Lost!
Dir mengt et géif keng Prime-Time Tele-Serie gin déi och nemmen hallefswegs iwwerzeegend ass, an glaichvill usprochsvoll an ennerhaalend ass? Falsch!!!
Et ass déi eischt Serie sait Knight Rider Zaiten déi mech richteg virun der Télé fesselt, an am Géigensaatz zum Knight Rider ass se och richteg intelligent gemeet. Nach nie gouff et eng Téléserie déi sou eng Léiwt zu Détailer weisst, sou verschachtelt Zesummenhäng erméiglecht an et glaichzeiteg den casual Spectateur erlaabt enger interessanter Geschicht ze suivéieren.
Lost handelt vun engem Grupp vun baal 50 Leit, déi mat engem Fligger iwert enger Insel am Pazifik eroffaalen. Mat den Deeg an Wochen déi verginn fannen sie eraus dat déi Insel eng ganz Rei vun Geheimnisser huet. Interessant gemeet ass d'Léisung Flashbacks anzebauen, sie erlaaben eis méi iwert d'Perséinlechkeet an d'Geschicht vun deen an deen Personnage virum Accident erauszefannen. D'Art an Weis wéi d'chronologesch Erzielung opgebaut ass verlaangt Präsenz an Konzentratioun vun Spectateur. D'Geschicht vun den eenzelnen Helden ass oft mateneen verbonn, an Elementer tauchen heinansdo aus dem Naischt an engem Flashback op.
Noddeems déi eischt Season eischter d'Basis fir eng spannend Mystery-Geschicht geschaaf, huet déi zweet Season schons vill méi en düsteren Touch gehaat, philosophesch Froen gin opgeworf, Haaptpersonnagen stierwen onerwaard asw. Ech hun mech anzweschenzait schon an déi drett Season firgeschafft, déi nach méi verschachtelt assn an heinasdo esouguer vielleicht ze vill des Gudden wellt.
D'Serie vermettelt en plus eng Art gespenstesch Crédibiltéit beim Zuschauer. Eng Welt get ronderem d'Fait'en vun der Insel opgebaut, woubai nie verooden get, wéi wait dest Spill dann geet. Op Amazon get posthum e Roman vun engem gestuerwenen Passagéier aus dem Fliger veröffentlecht. Internetsiten vun Scheinfirmen aus der Serie tauchen am Web op, Pressecommuniquéen gin vun deenen Firmen veröffentlecht, jo, esouguer an Latenightshows gin "Spriecher" vun desen "Firmen" invitéeiert oder zougeschalt fir sech vun der enger oder aner Rumeur aus der sougenannter "Lost-Experience" ze distanzéieren. Een Must fir all klengen Verschwörungstheoretiker.
Also, wann dir wellt een Steck Televisuoun erliewen wéi et méi oft sollt gin, intelligent Spannung, heichqualitativ Episoden, en stabilen "Background", dann gitt Iech schnell déi eischt zwou Staffelen op DVD besuergen. An am Hierscht kennt déi drett Staffel iwersaat op der daitscher Tele.
Sinon, den Freaken bleiwt natiirlech och nach déi wahnsinneg miserabel schlecht daitsch Z-Movie-lyke Kopie "Verschollen".(leider schons oofgesaat)
20 avril 2007
Usina
Hey friends,
Des Woch goung an der Uewerstaadt an der Porte-Neuve den flotten Design-Buttik USINA op.
Gtt Iech déi Saach mol ukucken, Dir kennt enner villem Interessantem och zwee Mol 3 Arbeschten vun mir bewonneren déi et als limitéiert Oplaag natiilrech och ze kaafen get. Schofsfrenn interesséieren sech bestemmt och fir den coolen Schofs-Stull-Desch!!!
Be there!
http://www.usina.lu/
16 avril 2007
Van der Graaf Generator
Wéi eng Band ass esou genial epesch, virtuos, depressiv, anarchistesch no um Wahnsinn, genau: Van der Graaf Generator.
Ech hun mech gescht an den Auto gesaat, an an d'Belsch Provenz gefuer, op Limburg, wou VDGG am Kursaal (engem e besschen eroofkommenen, awer dach charmanten Concertssall) virun vollem Haus gespillt hun. Den Publikum huet zum ganz groussen Deel aus Middleclass-Männer mat Glatz, no un hieren 60, an aus Retro-Pothead mat laangen Hoer an Wuschelbaart bestaan. Net déi beschten Viraussetzungen fir e flotten Owend. You're wrong!
Baal zwou Stonnen laang hun eis den Peter Hammill an Kollegen (Den Jackson mat sengem doublen Saxophon wor leider net dobai) duerch een Wuermlach un Tempowiesselen gepeitscht. Wéi sie dun och nach Sleepwalkers an Man-Erg ("how can I be free?"...) bruecht hun, woor den Schofsfrenn am siwwenten Himmel.
08 avril 2007
Cinema Show
wor déi laescht Woch zwee Mol an de Kino gaang, ganz ennerscheedleg Filmer kucken:
300, eng Comic Adaptatioun iwert d'Schluecht vum Kinneg Leonidas vu Sparta géint d'Perser.
Et ass eng beängschtegend Estétique, iergendwéi net real, d'Luuchtféierung ass fantastesch, daat ganzt wierkt wéi een iwwerlaangen MTV-Clip. De ganzen Film schengt virum Blue-Screnn gefilmt gin sin, an d'Fro stellt sech an wéi fern dest iwerhaapt nach eppes mat "Kino" ze dinn huet. Iwerhaapt ass heimat alles positives gesoot, well de Raescht ass nemmen fir sech ze schudderen, d'Acteuren sin sou eppes vun katastrophal, d'Story huet effektiv een Fascho-Nogeschmaach, d'Dialogen, naja, forget it...
The Number 23, den laeschten Film mam Jim Carrey, zu deem ech eng Love-Hate Bezéihung hun. Ech woor deemols begeeschtert vun Truman Show an Eternal Sunshine... an glaichzéiteg sin ech allergesch op seng Grimassen-Komödien. Enges Daags kritt en Mann vun senger Fra een Buch iwert d'Nummer 23 geléint, wou een Detektiv vun der Zuel 23 verfollegt get an duerchdréit. Den Carrey fängt un sech selwer mam Detektiv ze identifizéieren an geséit och iwerall d'Zuel optauchen. Allen schizophrenen Kollegen roden ech un desen Mysterykrimi net ze kucken, déi aaner kennen sech op een interessant kuerzweileg Zuelenknobelei aloossen déi awer net un esou Meeschterwierker wéi "Eternal Sunshine..." erunkennt.
30 mars 2007
Dream Theater @ the Rockhal
Reservéiert Iech deen Datum.
Jojo, sin de Moien baal vum Stull gefall: Dream Theater kommen zereck op Letzebuerg, des Kéier net an enger Sportshal, mae an den hellegen Maueren vum grousse Sall vun der Rockhal.
Ech sinn méi wéi firwetzeg wéi d'Soundperfektionisten aus den States am grousse Sall klengen. Hoffneltech kréien sie den Sall eenjermoossen voll. Dir musst wessen dat Dream Theater laang meng absolut Faves wooren, siee woren et déi an den 90er Joren den Prog-Fändel héischgehaal hun, an sie hun och den Revival vun de laeschten Joeren reischt méiglech gemeet, andeem se net nemmen zwou Generatiounen vun Fans zesummenbruecht, mae och Metallfreaks an Mainstreamlauschteren glaichvill zum staunen bruecht. Wann een dann nach wees, dat déi Haeren ronderem den Kultbatteur Portnoy emmer erem eng Iwweraschung am Ärmel hun, get et eigentlech keng Excuse méi net an d'Rockhal ze pilgeren an sech Metropolis op d'Long ze zéien. Prog On! Bravo Rockhal! Hoffen mer dat DT-Enkelkanner The Mars Volta oder Coheed sech endlech begannen duerch Europa ze touren, vielleicht maachen sie jo dann och e Stopp bei eis.
27 mars 2007
Stalins Retuschen
vum David King
ISBN-10: 3930908336
E Buch iwert eng daischter Epoque. De Genosse Stalin woor wahrscheinlech den eischter Herrscher den systematesch op Fotomanipulatioun zereckgegraff huet fir e Bild vun sech ze schaffen.
Net nemmen huet hien sech selwer idealiséiert, mae seng politesch Konkurrenten an Kontrahenten sin lues awer secher op Archivfotoen geschwaertzt gin oder systematesch ausradéiert.
Dobai sin fanszinéierend grujjeleg Fotoen entstaan, wou Personnagen einfach ophaalen ze existéieren, an just heinansdo verréit een Schied oder en Ielbou nach eppes vun der Originalfoto.
Op emol steet zB net méi den Trotski niewt dem Lenin op Revolutiounsbiller mae den Haer Stalin, deen op Originalfotoen mindestens 3 Reihen méi hannen stoung. Aus engem Matleefer aus der 2. Rei get en vun den brutalsten Diktator deen d'laescht Joerhonnert gesin huet. Wann een dann wees dat verschidden Gesiichter net nemmen op publizéierten Fotoen verschwonnen sin, mae d'Leit oft aus Angscht d'Kàpp vun Dissidenten selwer aus privaten Bicher an Dokumenter erausgeschnidden hun, leeft et engem kaal de Rëck erof.
D'Buch ass een Sammelsurium vun skurrillen Biller aus den 20er an 30er Joren vum 20. Joerhonnert, eng kuerzweileg Lecture déi en Iwerbleck get waat mat Retuschpinsel, Skalpell an Airbrush schons alles méiglech woor.
Leider kennt d'Buch an senger Opmaachung e besschen "cheap" eriwwer, d'Grafik an Mise en page sin grausam, an heiansdo géif den Lieser sech awer e besschen méi historesch Déift wenschen, oder zB Informatiounen wéi deemols effektiv an deenen Retouche-Atelier'en geschafft gouf.
14 mars 2007
tracklist March 2007
Anyway, hei een klengen Shuffle duerch den Ipod:
Anekdoten: Seljak
Autechre: Basscadet
Genesis: keep it dark
Primus: Sgt Baker
Dvorak: Cello Concerto in B-Minor
Twelfth Night: The poet sniffs a flower
Lord of Mushroom: Pride
Poor Genetic Material: ...Or right Ahead
Heather Nova: Maybe an Angel (live)
Maacht Iech Blummen an d'Hoer!
10 mars 2007
Larry Sultan + Mike Mandel : "Evidence"
Anyway, des Woch ass "Evidence" ukomm, e Buch editeiert vum Larry Sultan + Mike Mandel. Sin selwer sin net d'Auteuren vun desen Fotoen, sie hun villméi d'Fotoen an Archiven vun Institutiounen, Ministèren, Associatiounen asw zesummengesicht.
Heichinteressant op jidfer Fall wéi des Fotoen fonctionnéieren, wéi de Lecteur probeiert sech een Lien teschend de Biller ze créeéieren, an een eventuellen Senn hannert den bizzarr-surrealen Opnahmen ze entdecken. Dobai waar hier ursprünglech Funktioun emol en Fait ze dokumentéieren, zB een Accident de Route.
Well ech natiirlech selwer ganz interesséiert un der Notioun vun "Dokument", an sengen Funktiounen sin, sin ech natirlech immens begeeschtert vun desem Buch. aus den 70er Joren.
D'Konfrontatioun vun Objektivitéit an Détournement, d'Détouréieren vum Formellen duerch daat Surrealt léisst hoffentlech net nemmen Fotografen perplex. Wahrscheinlech funktionnéiert d'Method esougudd well et den Medium d'Fotobuch ass, et verlaangt eng Lecture vum Konsument, Sait fir Sait. Schlussendlech ass d'Bild wahrscheinlech einfach daat waat mir wellen waat et ass. Gleewt kengem Fotograf, Editeur oder Artist, sie léien alleguer;-))) Waat 1977 (Erscheinungsjoer) schons funktionnéiert huet, funktionnéiert mengen ech haut nach genausougudd.
02 mars 2007
Blackfield
Dir wesst nach dat ech een All-time Porcupine Tree Fan sin, des groussarteg psychedelic proggy Band vum Mastermind Steven Wilson. Blackfield get leider fälschlescherweis oft als Softversion vun PT, als "PT für Arme" bezeechnet. Dobai sin sie (Blackfield sin den Steven Wilson an den Aviv Geffen) déi wuel melancholeschsten Popband vun eiser Zait. Hier 2 Disquen daueren meeschten mol keng 40 Minuten, hier Lidder sin knapps 4 Minuten kuerz, an haalen op,ier et bei aaner Bands iwerhaapt mol richteg lassgeht...an dach ... et klappt. All Lidd ass een séis-sauren Ouerwuerm, traureg, melancholesch, dat engem Loscht get vun déiftser Séil matzesangen. Ech erlaaben mir aus dem zweeten Link ze citéieren: Eng enger perfekter Welt wieren déi eischt zeng Plaatzen an den Charts mat 10 Blackfield Songs besaat. 10 Punkten! Kaafen!
http://www.babyblaue-seiten.de/index.php?albumId=3722&content=review&left=alpha&top=reviews&alpha=b
http://www.cdstarts.de/kritiken/Blackfield%20-%20Blackfield%20II.html





































