29 septembre 2008

For Sale (a fir e gudden Zweck)













Don't worry, déi grouss Krise huet mech nach net erwescht ;-)
Nee, des 5 Printen aus der LANDS Expo woren bis elo "on tour" a fannen am Moment keng Plaatz a mengem Dépôt, dofir eng Vente spéciale:

- Prais: 400 Euro/Tirage, dovun gin 50% fir e gudden Zweck (nee, net fir eng Bank a Schwieregkeeten)

- Ass jeweils den Tirage 1/5, Gréisst 50x100cm, mat Rumm, ouni passe-partout.
Bei Interessi, kontaktéiert mech op tom.lucas@internet.lu












22 septembre 2008

Photo of the Week







Eng Série aus dem Summer, d'Fortféierung vun der Paysagerecherche, déi ech schon e puer Joer amgaang sin. Wor dese Weekend och nach emol besschen an déi Richtung schaffen gaang, d'Resultat gesidd dir dann next Woch.

16 septembre 2008

Playlist

Des Pink Floyd Playlist ass zu Éiren vum geschter verstuerwenen Richard Wright:

- Careful with that Axe, Eugene
- Set the Controls for the Heart of the Sun
- Echoes
- The Great Gig In The Sky
- Us And Them
- Shine on you crazy diamond

Shine On!

10 septembre 2008

Home Sweet Home 2







02 septembre 2008

Photo of the Week










27 août 2008

Home Sweet Home




21 août 2008

photo of the week


16 août 2008

Pictures for free

En klengen Artikel vum laeschte Jöer:


Léiw Schäwwercher,

D´Photographie aennert sech, seng Sujet´en, seng Techniquen, seng Träger.

Oft ass e Bild am Archiv vun sengem Auteur nemmen e Fichier ennert villen. Verschidden Fotoen weisen ech oft net, well se zu engem bestemmten Moment net wiirklech eng komplett Arbescht à part duerstellen, oder de Kontext fehlt oder mir selwer net kloer ass. Sollen des Arbeschten dofir op mengem HD versaueren? De Blog ass eng Méiglechkeet Iech des Biller ze weisen, an der Vergangenheet hun ech zB Planche-Contact'en resp. Extrait'en daraus publizéiert. Eng nei Iddi ass, dBiller carrément zum Download unzebidden, Open Source Photography souzesoen. Speichert Iech des Biller bei Iech of oder dreckt se eraus, am Beschten an engem gudden Minilab oder mat engem archivfesten Tentenstrahldrucker mat Pigmentfaarwen.




http://www.tomlucas.net/temp/tomlucassixthfloor01.jpg

http://www.tomlucas.net/temp/tomlucassixthfloor02.jpg

http://www.tomlucas.net/temp/tomlucassixthfloor03.jpg



Donnéen:

Fichier jpg, RVB désaturé /adobe RVB

20x25cm, resp 25x20 cm

14 août 2008

TIME 1: watch reflections

























Des Serie ass interessant awer och funny, eng kleng Ofwieselung zu den vill Doku-Saachen aus der laeschter Zait:

D'Fotografie ass andauernd am Wandel, an et wier e grousse Fehler sech deenen Verännerungen an hieren Suiten ze verschléissen. Ech hun och natiirlech och eng Pocketkamera an e Fotohandy an benotzen se och vun Zait zu Zait. Dest ass eng vun méi Serien déi ech um Laafen hun. Et ass eng Reckbesennung op de Medium selwer, an d'Luucht déi him erméiglecht ze existéieren. Selbstreferentiell, meta-macro-foto Projektiounen. Ech hun och schons eng Iddi wéi een des Série kéint présentéieren.
Fir TIME 2 sin ech op der Sich no engem Modell, weiblech, teschend 18 an 98 (99 geet och) Joer jonk, fir eng Sort Hommage ze erschaafen. (ass awer naischt fir âmes sensibles) Op et emol en TIME 3 get wees ech am Moment nach net.




11 août 2008

pictures of the week


Ech maachen eng Klaamer op, op mengem Streiftour duerch d'Land: Ech treffen regelmässeg op Monumenter, an allen Gréissten. Wéi ass dem Letzebuerger seng Astellung zum Erënneren haut. An zum Doud? Bei deenen Jonken, an deenen manner Jonken. Iwwerall treffen ech op Griewer, Kreizer, Denkmäler!









04 août 2008

pictures of the week







29 juillet 2008

photo of the week




22 juillet 2008

photo of the week









21 juillet 2008

The Mars Volta

Nee, haut keng Kritik zum Mars Volta Concert...et wor naemlech guer keen:-((((
Geschter géint 17h hun ech ziemlech geflucht wéi de Message koum dat The Mars Volta missten aus gesondheetlechen Grënn hiere Concert am Atelier ofsoen. Shit happens! Haat mech mega dorop gefreet...hoffentlech kommen se emol zereck.

17 juillet 2008

Desen Sonndeg: The Mars Volta am Atelier

Desen Sonndeg daerft Dir op kee Fall den Concert vun The Mars Volta am Atelier verpassen. Nodeems de Sall schons bei Coheed an Cambria hallef eidel wor, hoffen ech wiirklech dat deen een oder aaneren vun Iech de Wée dohin fennt. The Mars Volta gehéieren zu mengen absoluten Faves, eng Meschung aus 70's Psychedelia-Prog-Salsa-Emo Iergendeppes déi een muss live gesin hun. Des Jongen gin Legenden. Wann Dir bereet sidd fir en 2-3 Stonnen Kaméidi-Avantgarde Marathon iwert iech ergoen ze loossen, kommt och kucken.

Expo Jérôme Melchior & Paulo Lobo

Ab haut, an nach bis den 27/07 kennt dir an der Galerie Orion zu Ëlwen/Troisvierges (net wait vun der Gare) eng kleng awer fein Expo vum Jérôme Melchior an Paulo Lobo entdecken. D'Thema as d'Jugend vun Esch.

11 juillet 2008

Inventaires:" ... my balls"






























Hei e puer Biller vun mengen Balls (voir mars/avril 2008); ech hun eng Sélectioun vun 5 Balls gemeet vun deenen dir der 3 hei entdeckt, Hoffentlech ergett sech sech mol d'Geléenheet se ze printen an auszestellen.

01 juillet 2008

this week



23 juin 2008

playlist

Not many updates recently, sorry for that,
anyway a quick shuffle on my ipod:

Cynic: Textures
R.E.M. : Me in Honey
King Crimson: 4ii4/ProjeKCt One
Soundgarden: Fell on black days
Genesis: Dusk
The Fall of Troy: F.C.P.R.E.M.I.X.

08 juin 2008

Coheed & Cambria

Coheed & Cambria hun et beim drëtten Ulaaf endlech op Letzebuerg an den Atelier gepackt.
Ech war mir schons bewoost dat C&C zu Letzebuerg net wéi an den States mol locker 6000-8000 Leit ulacken kéinten, mae trotzdem wor et schued dat den Atelier (Wéinst der Fussball EM?) ongewinnt eidel wor. Un der Musek kann et net geléen hun, well C&C sin en Phänomèn, trotz hierer ongewinnter Meschung aus Skater-Prog, Rush goes Emo, Frickel-Hardrock brengen sie et faerdeg 10 Minuten Epen mat hitverdächtegen Songs ze kombinéieren. Hardrocker an Proggies woren erstaunlech wéineg do haut Owend, dofir awer eng ganz Rei wibbeleg Teenies déi opmanst probéiert hun sou eppes wéi Stemmung opkommen ze loossen. Waat duerchaus mat Momenter och geklappt huet, esouguer Aeren Schofsfrenn ass mat Momenter op- an ofgehoppst an huet matgesong. Leider hun d'Jongen vun C&C (ennerstetzt vun 2 léiwen Backgroundsängerinnen) schon no enger Stonn mat hieren Zugaben ugefaang, woubei den 10 minütegen Drumsolo net onbedengt un de Schluss vum Concert gepasst huet. Trotzdem en flotten, kuerzweilegen Owend vun enger immens ennerschätztener Band, déi sech wuel och e puer Leit méi an den Atelier gewenscht hätt.Trotzdem Merci un dem Atelier dat sie trotzdem hieren Wée gin an eis weiderhin déi eng oder aner Iwweraschung an den Atelier brengen.