28 mars 2009
Mois de la photo 2
Den Mois Européen de la Photographie ass definitiv amgaang an nach nie haaten mir zu Letzebuerg de Choix vun esouvillen exzellenten Expoen am Bereich Fotografie.
Hei als Appetizer e puer Nimm a Plaazen, meng Coups de coeur vun mengen Découverten haut:
MNHA: Portrait ass hei ugesoot, fantastesch d'Wierker vum Pierre Gonnord, formidabel och d'Entdeckung vum Luce Moreau senger Arbescht.
Casino: No der legendärer "The 90's..:" virun Joren, elo eng nei Expo mat (foto)geschichtsträchtegen Titel (deen an aktuellen Zaiten wuel bewoost een Goût amer huet) "Great Expectations: Contemporary Looks at Today's Bitter Years". Bekanntes an och Neies huet mech de Moien am Casino begeeschtert: Peter Ganser: "Sun City", Dionisio González, Adi Nes "Bible" souwéi main Photon.lu Frënn Patrick Galbats. Huelt Iech Zait fir des Ausstellung, ech gin op jidfer Fall och nach emol zereck.
Vun der Haaptstaadt dunn an d'Fotografie-Haaptstaadt vum Ländchen, nämlech Diddeleng, wou am CNA eng exzellent Ausstellung mam Titel "3 Stories" ugaang ass, main Coup de coeur hei d'Arbescht vum Pieter Hugo iwert déi iech ech net ze vill well verrooden. Quelle découverte!
Vill ze verschaffen deemno fir den Schofsfrënn, deen déi next Deeg och nach déi aaner Ausstellungen kucken geet.
23 mars 2009
17 mars 2009
12 mars 2009
Mois de la photo
Yuppiiie, den Mois de la Photo geet un a brengt eis eng ganz Rei flott Ausstellungen an d'Land.
Laescht Woch waar ech mir direkt mol an d'Leslie's Artgallery op de Bridel d'Portrait'en vum Billy & Hells ukucken. Eng ganz spektakulär Arbescht iwert/mat Krankeschwestern mam Numm "Sisters of Mercy". D'Biller sin glaichzeiteg irgendwéi retro an dach höchst contemporain.
Wann der an der Staadt sidd, gidd onbedengt an d'Clairefontaine Espace 2 dem Giacomo Costa sain Billerzyclus The Chronicles of Time bewonneren. Kenner hun den Costa wuel schon déi eng oder aner Kéier zu Letzebuerg entdeckt. Seng hybrid, technoid Landschaften sinn erstaunlech, niewt klengeren Lightboxes, präsentéiert den Artist des Keier och Groussformaten, Welten aus Waasser, Eis, Bësch. Eng Rees un d'Limiten vun der Fotografie.
Last but not least goung gescht dem Marc Wilwert seng nei Ausstellung "Zero Sun" an der Galerie Gaasch zu Diddeleng op. Et ass Weiderféierung vun senger Recherche iwert d'Luucht an d'Absence vu Luucht. Net verpassen.
03 mars 2009
23 février 2009
Liquid Light



Hat mir laescht Joer eng Flaesch LiquidLight, flessesch Fotoemulsion, ugeschaaft fir en puer Experimenter ze maachen. Virun Joren hat ech eng Rei ganz flott Resultater domat gemeet, esouguer Faarwtéin kruut ech hin, froot net wéi...
Hei e puer Resultater op klasseschen Zeeschenpabéier. De Labo bleiwt awer elo mol bis nächsten (oder iwernächsten?) Wanter zou.
19 février 2009
10 février 2009
02 février 2009
28 janvier 2009
23 janvier 2009
15 janvier 2009
Playlist Januar 2009
Blackfield: Glow
Squonk Opera: The unusual Mrs. Spitz
Wallenstein: Lunetic
Gojira: Remembrance
Lou Reed; Caroline says II
Protest the Hero: Goddess Gagged
dumdidumdidye
08 janvier 2009
from the darkroom

02 janvier 2009
Cards


23 décembre 2008
18 décembre 2008
09 décembre 2008
04 décembre 2008
28 novembre 2008
Blindness
An enger onbekannter Stadt gin d'Awunner een nom aaneren blann, an Chaos brecht aus.
Ech hun laang op des Verfilmung vum Saramago sengem grandiosen Kultroman "Die Stadt der Blinden" an sin net enttäuscht gin. Weder bei den Kritiker nach beim Publikum schengt dese Film gut ukomm ze sinn, an dofir bleiwt en och net méi wéi en Geheimtipp am aktuellen Kinosprogramm.
Dobei huet den Réalisateur Fernando Meirelles déi geféierlech Faalen gescheckt évitéiert fir desen onverfilmbaren Roman dach nach an d'Kinoen ze brengen. Erauskomm ass en verstéierenden an grausamen Film mat enger epileptescher Kameraféierung bei dem d'Story erstaunlech no un der Buchviirlag bleiwt. Ween mat dem Saramago senger oft fatalistescher Approche nach nie eppes ufaenken konnt, geet dese Film souwiesou net kucken, all déi aaner sollen en sech awer net entgoen loossen.
20 novembre 2008
Joachim van der Vlugt @ Galerie Clairefontaine
Kleng Expo-Notiz um speiden Owend: Den Joachim van der Vlugt vum Sixthfloor Kollectiv vu Koerich stellt sait haut am Espace 2 vun der Galerie Clairefontaine. Schlachtplan B heescht daat ganzt an weist Biller vun engem vun den, menger Meenung no, interessantesten Moler vu Letzebuerg.

















