27 avril 2006

Expo photo chez CK à Leudelange

Am Moment ass eng Panorama Foto vu mir am Expo-Room vun CK zu Leudelange ze bewonneren:

CK Repro 68
41, Z.A. Am Bann
L - 3372 Leudelange

CK Repro 68 huet virun Méint e Fotoconcours organiseiert /"Norioun de Groupe) wou elo déi Bescht Fotoen ausgestallt gin, ausserdem goufen nach weider Artisten gefrot hier Wierker als Fichier zu Verfügung ze stellen, enner aanerem meng Wéinegkeet. Ck huet sech dun d'Méi gemeet all Tirage am Format A1 erauszeprinten an auszestellen.
D'Expo ass natiirlech ganz hetereogen, esou wéi d'Fotografie et och ass (et get net nemmen eng Zort Fotografie, eng Wourecht, daat wir jo langweileg), een gesonden Amalgam aus ganz ennerscheedlechen Saachen. D'Qualitéit vun de Printen ass och exzellent wann de Fichier et zougelooss hut. Den inkjet schengt elo lues awer secher méi déier Procédé'en ze ersetzen. Wann elo D'Haltbarkeet hält waat se versprecht, dann kennt e geschwenn net méi dolaanscht. An wann all d'Hiersteller weider dorun feilen, damm kommen nach besser Tënten op de Maart.
Bon, vill Geschwätz, gitt bis laanscht kucken.

26 avril 2006

Van Der Graaf Generator, The Book: A History of the Band Van Der Graaf Generator

E Buch vum Jim Christopulos a Phil Smart

Sie sin grandios, ouni Zweifel déi extremst an fortschrettleschst vun allen 70er Bands. Wou Pink Floyd grandios, Yes verspillt an genesis lyresch an flott wéi een Ausflug an d'Greng's woren, woren sie wéi een Trip an D'Hell. Diaschter an Mystereis wéi dem Peter Hammill seng Texter Den Hammill wor wuel den eischter Rocksänger deen seng Stemm als Instrument gebraucht huet. Bon, haalen op mat dreemen, ech hun schons méi oft vun VDGG erzielt oder sie erwähnt, hun mir virun e puer Deeg eng englesch Biographie vun der Band kaaft, déi Eischt déi je geschriwwen gouff wéi ech mengen.
An de laeschten Deeg hun déi zwee Auteruen mech an eng nach onbekannten Welt matgeholl, bizarr an beängstegend, awer och voll lestegen Anekdoten aus enger méi onschelleger Zait. Hail to the VDGG!

22 avril 2006

from the dark archives










Den Ufank oder d'Enn, den ufank an d'Enn.
De simpelst Foto déi ech je gemeet hun, waat Kompositioun ugeet, an och vum Contenu.
Luucht. Ass et eng Emschreiwung fir den Ufank vun Aleem, Urknall, Enstehung, oder d'Enn waat eis all erwaart? Ass um Enn vun der Daischtert dann net awer Luucht, sou wéi mir eis et sait dausenden an dausenden Joren vun Generatioun zu Generatioun eise Kanner weidergin?
Erwaart keng Aentwert vu mir, wéi kennt ech, et ass op jidfer Fall eng vun mengen Lieblingsfotoen, wann ech nemmen eng erhaalen kient fir déi next Generatioun, dann wahrscheinlech des hei.


let there be more light

16 avril 2006

50° : Eislëck






Eng nei Arbescht déi ech dest Joer ugefaang hun, an déi sech hoffentlech weiderzitt iwert déi next puer Joer. Ausgangspunkt ass déi topographesch Notioun vum 50 Breedegrad deen wéi dir wahrscheinlech wesst duerch Letzebuerg geet. Ech hoffen an mengen och dat esou eng Arescht nach net gemeet gouff, wann dach w.e.g. bei mir mellen! Et geet drem eng dokumentaresch Abrescht iwert de Norden vum Land zu maachen, einfach well ech d'Gefill hun et géif net gemeet gin, d'Verännerungen vum Süden, vum Minett gin dokumentaresch festgehaalen, an esouguer gnaz gutt muss ech soen. Mae wéi gesait et mam Norden aus. Wéi eng Verännernungen gin et, waat waert sech an Zukunft aenerne, fir Landschaft, Leit? Meng Approche ass sou neutral wéi se nemmen kann sinn, kucken, vertsoen.Weider Firgaben gin et net, ech hun momentan keen détailléiert Angaben an wéi eng Richtung sech des Arbescht entweckelt, an hei kommt dir an d'Spill: Wann dir aus deem Eck sidd, kennt dir gaer kontakt mat mir ophuelen, vielleicht wellt dir mir Platzen weisen, Leit begéinen. Ech hun bis elo e puer Filmer gemeet, Mettelformat, mae op sech d'Arbescht eischter an Richtung Paysage, Architektur, Reportage entweckelt wees ech net. Ech hun mam Lineal mol eng Linn um 50 ° gezunn, an folgend Uertschaften erausgesicht:Hosingen, Hoscheid-Dickt, Wahlhausen, Ober- an Untereisenbach, Putscheid, Bockholtz, Consthum, Holzthum, Siebenaler, Pintsch, Lellingen, Alscheid, Wilwerwiltz,Eschweiler, Schleef, Niederwampach, Noertrange an alles waat an daer Géigend léit. D'Grenzrégioun mat Bastogne an riwer op Neuernburg huelen ech och nach op d'Lescht. Eng rieseg Arbescht wéi dir gesidd, ech huelen mir och e puer Joer Zait. Ech wier frou wann sech Leit aus der Géigend géifen dofir interesséieren, oder vielleicht gesidd dir jo an noer Zukunft een bizarren Fotograf mat uraaler Kamera duerch aer Dierfer an Uertschaften spazéieren, also net faerten!

14 avril 2006

Expo Bernhoeft au MNHA Luxembourg

Wéi konnt ech et nemmen vergiessen,
am Nationalmusée ass momentan eng formidabel Ausstellung vum letzebuerger Fotograf Charles Bernhoeft(1859-1933). De Bernhoeft hat an der Staadt een Fotosatelier an ass zum Photographe de la Cour avancéiert. Hien huet bedeitend IndustrieFotoegfien gemeet (Mercier, Weltausstellung, Schmelz zu Déifferdeng), souwéi Landschaftsalbumen, Postkarten an wahnsinneg Portraiten vun der Zait virun an no der Johrhonnertwenn.
Et ass eng grouss Ausstellung mat eenzegartegen Tirages d'époque, flotten Phototypien, an Hannergrondinformatiounen. E Buch ass an Bearbeschtung an kennt geschwenn eraus. Huelt iech eng oder 2 Stonnen Zait fir d'Austellung, vielleicht wann dir e meindeg op d'Emaischen gitt op de Feschmaart.
Weider Infos op der Internetsait vum Nationalmusée
http://www.mnha.lu

12 avril 2006

photo of the day









Danke Bettina!

07 avril 2006

playlist Abrëll 2006

Sorry, ech sin net ganz konstruktiv an der Laescht, Fréijoersmiddegkeet? Oder eischter de Fait dat ech mech fatzeg erkaalt hun, an elo mol 24h beieneen geschloof hun? De Weekend brengt bestemmt Ofwieselung an déi eng oder aner Iwerraschung.
Anyway, am Moment duascht folgendes duerch d'Boxen:

- Lightning Bolt: Hypermagic Mountain
- Gljukosa: (aus Russland, danke Olga!)
- Kevin Gilbert: genau sou tragesch em d'Liewen komm wéi den Jeff Buckley, awer nie esou bekannt gin, hien huet verschidden Urban Legends no dem Sheryl Crowe sain eischten Album geschriwwen (deen mat "All she wanna do is have some fun, tralllala, naja..."
- Soft Machine. Third, main retro kraut-psy-prog tipp vum Mount
- DAAU: alles, sie kommen op Letzebuerg, en neien Album ass ennerwee, et gett e super d'Freijoer 2006 i think!be there

02 avril 2006

photo of the day










01 avril 2006

photo of the day










Sin mer net all besschen schof