27 mai 2007

MUSE

Merci merci @Atelier + Rockhal

Mir waaren zu Letzebuerg net graad verwinnt wann et drems goung grouss Bands ze kucken. Wann den Atelier ze kleng woor, hun mir missen an d´Victor Hugo Hal resp. an iergendwelch horribel Sportshaalen ausweichen. D´Resultat war oft katastrophal, an ech huelen un vill Bands hun et dunn opginn op Letzebuerg ze kommen.
Geschter woor ech fir eischt och emol am groussen Sall an der Rockhal...an et woor super.

Muse ass trotz bekannten Singlen jo awer emmer nach net déi zougänglechst vun den aktuellen kommerziellen Gruppen, an dofir ass et positiv iwwerraschend wéivill Succès sie hun. Am Ausland spillen sie an Stadien wéi Wembley déi sie och ausverkaafen; geschter hun sie virun "intimer" an ausverkaafter Kuliss vun 6000 Leit gespillt. Vill Fans hun locker iwer 500 km gemeet fir hier Grupp ze erliewen.
Anyway, geschter hun mir den Nec plus ultra erliewt, waat a punkto Sound an Lightshow hautdesdaags an enger Hal méiglech ass. Muse sin bombastesch, Muse sin komplex, Muse sin Pathos (an Kitsch) pur, Muse sin Prog...an daat ass gudd esou. Do kann een eventuel och een Aan zoudrecken wann de Concert eng hallef Stonn ze kuerz wor.

20 mai 2007

Gojira

Metal, nee merci?
Stop! Waat geschter an der Rockhal ofgaang ass, war aussergewéinlech.
Ech hun Gojira entdeckt, eng upcoming Post-Prog-Eco-Trash-Metal Band aus Frankreich.
E besschen manner technesch wéi deéi duerchgeknallten Meshuggah, an e besschen méi Trash wéi déi iwwerraschend Mastodon, sou léisst sech Gojira wuel am Beschten beschreiwen.
Wee Ouerestëpp dobai haat woor op der gewonnener Sait; an ween vun hieren Killerinstrumentalpassagen nach net genug kruut, deem ass wahrlech net méi ze hellefen.
GOJJJJJJJIIIRAAAAA

13 mai 2007

Zait

----_time_----


...

Tired of lying in the sunshine staying home to watch the rain
You are young and life is long and there is time to kill today
And then one day you find ten years have got behind you
No one told you when to run, you missed the starting gun

And you run and you run to catch up with the sun, but its sinking
And racing around to come up behind you again
The sun is the same in the relative way, but youre older
Shorter of breath and one day closer to death

Every year is getting shorter, never seem to find the time
Plans that either come to naught or half a page of scribbled lines
Hanging on in quiet desperation is the english way
The time is gone, the song is over, thought Id something more to say

...

11 mai 2007

Mother of Muedsi


Léiw Frënn vum Muedsi,
et ass endlech esouwait! D'Mother of Muedsi ass finallement och ukomm!!! Et koum bei der Arrivée zou engem trauregen Zweschenfall, an dank mengem schnellen, selbstlosen Asaatz konnt dem MoM (Mother of Muedsi) sain blesséiert Ouer erem fixéiert gin. Am Moment steet d'MoM nach ennert menger Weid, wou et sech ganz wuel fillt. D'Eleanor gesait de neien Famillienmember nach e besschen skeptesch!

04 mai 2007

Playlist may 07

currently grooving and banging in my car:

Gojira - From Mars To Sirius
Wolfmother - Wolfmother
Modest Mouse - We Were Dead Before The Ship Even Sank
Omni Trio The Haunted Science
Isis-In The Absence Of Truth

heavy times...

01 mai 2007

Retour de Babel

Eng ganz kuerz Exponotiz zur Ausstellung Retour de Babel am aalen Stolwirek zu Diddeleng:

Souvill mech de ganzen politeschen Zinglabumm um Vernissage genervt huet, sou muss ech iech dach des wertvoll Ausstellung zum Thema Migratioun un d'Haerz léen! Huelt iech vill Zait wann der en Tour op DIddeleng maachen gitt, et ass dowaert.