31 décembre 2006

"ROUNDABOUT"



Ech sin frou am Januar am Kader vum Kulturjoer un der Expo "Roundabout" deelhuelen ze kennen.

"ROUNDABOUT"

04-21 Janvier 2007

Rotonde 2, Luxembourg-Bonnevoie

Ech hoffen mir gesinn eis do!

25 décembre 2006

Merry Christmas

Dear friends, léiw Frenn,

ech wenschen Iech formidabel Feierdeeg, an schons elo e gudde Rutsch an e groussartegt Joer 2007. DK

de Schofsfrenn






29 novembre 2006

ipod-ing in the dark

Yup, hun mir en Ipod geleescht, ech wees de Statussymbol par excéllence vum modernen Staadtmensch;-)))egal, freen mech, hun elo main ganz Cd-Sammlung emmer dobei, um Büro, am Atelier, am Auto (soubaal ech dat Steck un den Radio ugeschloss kréien), an der Stuff, am Bett an och op méi ausgefaalenen Plaatzen.

Anyway, the Minister of Photography and Sheepness proudly presents the playlist for this week:

- Amorphous Androgynous- een Side-Project vun den séilegen Future Sound of London, ganz heterogen
- Cave in: Antenna
- Codona I: Don Cherry
- Brand X: Unorthodox Behaviour

pow, pow,pow

22 novembre 2006

cloudy now: picture of the day









19 novembre 2006

Bullshit of the month : Luxemburg Privat

aaargh, eigentlech misst ech mech méi oft am blog opreegen an meng Rubrik "Bullshit" öfters fidderen, Occasiounen gin et genuch.
Dir west jo dat ech e groussen Fan vun gepflegtem Blödsinn an kulteschem Trash sin, mae dat hei setzt erem allem d'Kroun op:
Den J.Nicolas huet virun 2 Wochen erem e Versuch gestart eng letzebuerger Yellow Press ze starten, d'laescht Woch hun ech mech nach zereckgehaal een Exemplar ze kaafen, gescht sin ech dun awer mat Reenmantel, Mutz an Schaal verkleed op eng Tankstell gefuer daat Machwierk sichen.
Ech sin net enttäuscht gin. Ech, deen jorenlaangen Coupé-Lieser wooor, hun nach nie, NIE esou eppes schlechtes gesin. Vun den sellegen Schreiwfehler an Sätz ouni Sënn mol net ze schwätzen, des Zeitung ass Hartz-4 Mëscht. Den Altavista Babelfish kann esouguer besser daitsch.
Et get zu kengem Moment och nemmen usaatzweis iergendenger journalistescher Regel gerecht. Den Beipackziedel vun mengen Houschtkamellen ass méi spannend an ech liesen léiwer d'Telefonsbuch ganz duerch wéi nach eng Kéier desen Dreck. Dat (erotesch gewollten?) Meedchen vun der Sait 1 kuckt dran wéi wann et dem Fotograf glaich géif d'Kamera laanscht d'Oueren haen. Enthüllungen an Pikantes, fir déi déi duerno sichen, fannt dir eischter an der Warte oder am Marienkalender wéi hei. De Senn vum Trash soll opmanst nach sin, eng Art sarkasteschen Humor ze provozéieren.
W.e.g. gitt Iech d'Zeitung net kaafen, stellt Iech fir de Noper, d'Schwéiermamm, den Duerfpaschtouer, äre Chef geseit Iech domat am Buttek bei der Kees.
Als Strooff schecken mir all d'Auteuren op d'Paischtcroisière mam Fips Asmussen.

10 novembre 2006

playlist november

dreaming and wondering this month:

Dredg: El Cielo
Dredg: Leitmotiv
Ozric Tentacles: Ozric Tentacles - Brixton Fridge 19-May-91 VIDEO
Porcupine Tree: Tinto Brass live (track)
Genesis: Dodo (track)

waiting for the new Coheed and Cambria live DVD

30 octobre 2006

photo of the day







22 octobre 2006

Mois européen de la photographie 2006

Hi,
busy days an der Laescht,
decke merci un all déi op den "LANDS" vernissage komm sin. Wor e flotten Owend.
Anyway, Lands ass net déi eenzeg Fotosaustellung am Moment.
Am Cadre vum Mois européen de la photographie laafen ganz vill Ausstellungen am Moment, ech woor wéinst professionnllem Stress net alles kucken (geschitt nach an de nexten Wochen); ech gin iech heimat awer schons een Iwerbleck.

-Am Nationalmusée um Feschmaart leeft eng kleng awer fein Ausstellung "Un tableau peut en cacher un autre", D'Sélection an déi verschiddenen Approchen sin immens interessant, natiilrech gin mir erem vun der Idee vun der Aura vum Bild aus, an doropsoofleedend d'Roll an d'Verhältnis vun der Photographie zur Molerei.
Natiirlech faellt engem dem Struth seng Billerserie aus den Muséen an, d'Réflexioun hei bei den Artisten an deser Austellung awer souwwuel eng plastesch, wéi metaphotografesch wéi Konzeptuell.
Am Interessantesten sin d'Arbeschten vum Olivio Barbieri, deen Auschnetter aus Tableau'en reproduzéiert, wahrscheinlech och déi extremsten Approche an deem Gnere déi ech bis elo gesinn hun. Fazinant ass d'Arbescht vum Jorma Puranen, deen ech vidrun net kannt hun; seng Arbescht ass am Groussformat réaliséiert mat selectiver Schärft, e Spill mam Index wann der wellt. Net onänlech der Arbescht déi ech virun 2 Joer zu Biissen gewisen hat.

Am Casino sin déi digital, faschistoid Collagen vum russegen Grupp AES&F, Kanner mat Waffen, vielleicht de Message e besschen einfach, irgendwou zweschen Starship Troopers go Fashion. Interessant!

Op der Rhumm an der Kappell hun mir besonnesch d'Arbescht vum Nina Dick gefall. Ziemlech no um Landart vun den 60er Joren.
d'Beate Gütschow schafft mat hybriden Paysagen déi sou eng Prise daitschen Romantismus hun.
Next Woch gin ech mir d'Austellung an d'Gallerie Nei Liicht ukucken.

Net ze vergiessen dem Ellen Kooi seng grandios Arbeschten an der Gallerie beaumontpublic+königbloc um Belair. Hier Luucht ass einfach grandios, am Bereich Fine Art geet een do ganz wait sichen. Natiirlech kann een eng bestemmten stylesch Approche net iwersin, mae de Fait dat een des Biller effektiv direkt kann an engem gréisseren photohistoreschen Kontext situéieren ass bestemmt keng schlecht Saach.

Erwähnenswert ass asss secherlech och nach dem CNA seng Ausstellung an der Fondation de l'Architecture zu Hollerech, woubei mir dem CNA seng hausintern Kollektioun et vill méi ungedoen huet wéi dem Bertien van Manen seng Still Life's.

ALles an allem sin also e puer exzellent Ausstellungen ze entdecken, de Niveau ass erstaunlech héisch. Am Freijoer wor ech d'Biénnale op Lëck kucken déi mech vill manner iwwerzeegt huet wéi de letzebuerger Programm.

14 octobre 2006

LANDS













Nexten Mount ass et esouwait, et ass Mois de la Photo, an wann dir bei all deenen interessanten Fotosaustellungen nach Zait fannt, kommt onbedengt an den "Engel" dem Marc Wilwert an meng Austellung LANDS kucken

LANDS
17/10-12/11
Konschhaus bei Engel
1, rue de la Loge
Luxembourg

12 octobre 2006

photo of the day







09 octobre 2006

photo of the day 2006







06 octobre 2006

Steve Hackett live in Luxembourg

Hi again, wor mir dem Steve Hackett sain Concert an der Abtei Neumünster ukucken.
Hien ass momentan op Acoustic Trio Tournée ennerwee, also keng stonnelaang Gitarresoloen mat Geschwindegkeetsweltrekord mae akustesch Gitarr, deels eleng (1.Stonn vum Concert), deels am Trio, mat sengem Brudder op der Flute an engem Pianist.
Am eischter Deel brengt en et faerdeg eng Rees duerch all Stilen ze maachen, vun Bach, iwert Satie inspiréiert, bis brasilianesch, resp südamerikanesch ugehaucht. EInfach schéin, vun poetesch bis sakral (de Begreff "pastoral" trefft et éischter op de Punkt) bis verspillt. Am 2.ten Deel probéiert hien Rock-stecker, Stecker fir Orchester resp e ganzen Koup aanert Material aus sengem Backkatalog am Trio emzesetzen. E woor e wonnerbaren OWend, voller Poesie an Dreemerei. Ech kann Iech schwéier zu bestemmten CD'en aus sengem Katalog rooden, sie sin ganz ennerscheedlech, Bay of Kings ass akustesch Guitar, aaner Freiwierken sin méi rockeg. 2-3 Cd'en sin Orchesterwierker. Ze évitéieren sin seng 80er Joren Saachen souwéi sain Blues-Album menger Meenung no. Am Géigensaatz zum Concert sengt de Hackett op sengen Cd'en, an daat net graad gutt...(leider);-))

04 octobre 2006

playlist october 06

currently chilling to:

aFRO cELT sOUND sYSTEM - alles 1-5
mew - half the world is watching me
Steve Hackett - Metamorpheus (see him tonight at the abbaye)
Gong - Remixed
Cinematic Orchestra (The) - Every Day

02 octobre 2006

photo of the day








12 septembre 2006

playlist september

Currently growing under the trees:

- Mew - And The Glass Handed Kites
- Steve Hackett-Metamorpheus
- Ulver-Blood Inside (cool!)
- Guided by Voices - The Best Of Human Amusement At Hourly Rates
- Blackfield -Blackfield


uhu!

05 septembre 2006

photo of the week












nothing new under the sun
hei een missgeschick vun desem Summer, "Cherchez les erreurs" géif den Castro (RIP) soen, Recht huet en!!!

27 août 2006

50° update

AARGH, hun graad gesin waat ech emmer gefaart hun,

et get schons e 50° Projet, hun et an der Brochure fir d'Kulturjoer 2007 entdeckt. Hmmm, dat mecht meng ganz Arbescht elo duercherneen, ech waert mir an de nexten Wochen iwerleen wéi et weidergeet an op et weidergeet. Vielleicht erweideren ech d'Arbescht einfach an schaffen iwert d^ganzt Eisleck. Daat get dann awer eng rieseg Aarbescht, naja, ech maachen et jo aus enger Art dokumnetareschen Gewessen eraus well eh dokumnetaresch Arbeschten an de laeschten Joeren eischter lenks leien gelooss hun. Time will tell.
Et deed mer leed dat ech Iech an der Laescht net vill Fotoen ze weisen gin, meng 2 Harddisken sin nach emmer en panne, eng Léisung fannen ech awer och net, ech hoffen ech kréien iiergendwéi nach e puer Dossieren gerett, déi meescht Fotoen gin et als Backup, mae par contre meng 600 Cd'en, vun der riesegen Pornosammlung;-)? net ze schwaetzen...

17 août 2006

Update www.tomlucas.net




Hi,

hun e schlecht Gewessen well ech am Summer main schoffegen Blog esou vernolässegen, deed mer leed, ech haat an de laeschten puer Deeg erheblech Schwieregkeeten mat mengem Computer doheem, ziemlech duerchereneen am Momnet, hoffentlech kee Virus, egal...
ech wollt Iech drop hinweisen dat ech d'Gallery 5 vun menger Websait ergänzt hun, des Arbescht ass esougutt wéi oofgechloss, ech waert nemmen nach sporadesch Verännerungen maachen an Biller dobaisetzen.

D'Gallery 10 gouf ganz ersaat, mat mengem Summerthema mam Arbeschtstitel "Forteresse" (eng Foto gesidd dir schons hei driwwer). Haat uraal, ofgelaafen S/W Sheetfilmen geholl an moies waerend mengem Congé em 7,8 Auer Deeler vun der aaler Festung fotograféiert. Leider ass e Malheur geschitt an 90 % Prozent vun den Sheets sin onbeliicht, Gott eleng wees firwaat. Verschidden Boîten sin nach ok, aaner anscheinend net. Op jidfer Fall landen se elo um Recycling. Ech hun d'Thema nei opgegraff, des Keier am zouverlaessegen 6x6, awer eng ganz aaner Luucht, vill méi platt, wann déi eischt Filmer haalen wat se verspriechen maachen ech next Joer weider.

10 août 2006

http://www.julienbecker.com/

De Julien Becker, en weideren Photon.lu Kolleg huet och virun enger Zait seng Websait iwerschafft. Hien ass e Flash-Genie (en huet iwweregens déi aktuell photon.lu Sait gestallt) an excellenten Grafiker wéi dir gesitt, mae natiirlech och e super Fotograf. Kuckt seng Sait en entdeckt e spannenden Mix aus Food, People an weideren Fotoen.







04 août 2006

shoot.lu by Marc Wilwert

Eise Photon.lu Frenn Marc Wilwert huet seng Websait iwerschafft, wann Iech sain Mix aus Style, konzeptueller an dokumentarescher Fotografie gefaellt musst dir onbedengt moll luussen goen.








02 août 2006

SCHAUGRUND

Ech sin frou an houffrech Iech matdeelen ze kennen dat ech am Cadre vum Mois de la Photo bei engem internationalen Zeitungsprojet matmaachen wou eng eeler Arbescht vun mir firgestallt get.
De Marc Wilwert an ech waerten awer och waerend dem Mois de la Photo zu Letzebuerg eng Ausstellung organiséieren. D'Virbereedungen laafen, ech verroden Iech geschwenn méi. Busy summerdays!!!


www.schaugrund.at







01 août 2006

26 juillet 2006

In the sun















18 juillet 2006

photo of the day











14 juillet 2006

playlist July

- OZRIC TENTACLES - The Floor's Too Far Away , déi nei ass graad ukomm, the erps live!

- Peeping Tom - Peeping Tom

- Archive - Lights

- Mastodon - Call of Mastodon

waarden nach gespannt op déi nei TMV.

11 juillet 2006

Shine on!

:-(((((
Shine on Syd!

09 juillet 2006

Photo of the day













03 juillet 2006

MUDAM

De MUDAM, am Volleksmond Pei-Musée genannt, ass endlech dese Weekend opgaang, an ech hun mir et net huelen geloos de Musée mat senger Collectioun ze entdecken. Et ass en effet schon wie souvill beschriwwen eng Zen- Atmosphère. Hervierzehiewen ass daat symbolstaarkt Scheff vum Cai Guo-Qiang am groussen Hall, sou wéi seng Kanarieninstallatioun. Den Wim Delvoye spillt mat de Gefiller vun de Leit an enger duerchaus bizarrer Kappell, nu-gothesch ugehaucht, mat onerwaarten Fensterdecoratiounen.Selten huet een Artist sain Espace esou envahisséiert an inverstéiert wéi den Marc Couturier mat sengen gigantesch-intimen an elementaren Zeechnungen, verblüffend effectiv an intim.
Ech huelen un dat d'Zeitungen iech an de nexten Deeg besser informéieren waart, wéi ech daat kann. Ech huelen un dat an deser diverser Sammlung/Ausstellung fir jidfer Goût eppes kann dobai sin. Traut Iech. (an falls daat helleft: Des Woch ass et gratis!)

30 juin 2006

Photo of the day









25 juin 2006

God Inc.



Ech erzielen Iech haut vun engem Buch vun Carl de Keyzer waat Ufanks den 90er Joren rauskomm ass: God Inc.
Déi mech besser kennen wessen dat den Magnum Fotograf Carl de Keyzer e vun mengen absoluten Lieblingsfotografen ass, wahrscheinlech een vun deenen resolut contemporainsten a beschten Fotografen déi des weltberühmt Fotosagence am Moment huet.
God Inc ass vielleicht net den De Keyzer sain konzeptuel weitgeduechtsen Buch (check East of Eden, Europa), mae awer bestemmt fir den Entdecker sain zougänglechst.

D'Thema ass wéi schons erooden d'Welt vun den Reliounen an Sekten an den USA.Wann dir Satellitenfernseh hut, hut dir bestemmt schon des Televisiounspriedeger gesinn, déi an gliesenen Kathedralen hier Show présentéieren. Eng Meschung aus Loriot an Monty Python mat Momenter. Et muss e wessen dat religiéis Gruppen Steierfreiheet hun an den USA, an dat desen Fait natirlech vill Entrepreneuren an dest lukrativt Geschäft zitt. Verschidden Sekten entweckelen speziel an heinasdo hirnresseg oder esouguer geféierlech theologesch Theorien, aanerer en harmlosen Mix aus Hokuspokus, Medienspektakel an Wonnerheelungen déi kengem wéidoen.

De Carl de Keyzer huet de Fehler net gemeet dest Thema op eng zevill spektakulär Art an Weis unzegeoen, mae tortzdem mat senger gewinnter Ironie an subtilen Humor.
Seng Kompositiounen sin déi vun Renaissancetableaux'en, hien schafft zu deem Ament nach S/W an vill mat Open Flash, d.h. méi oder manner laangen Belichtungszeiten an Bletz. Seng Gamme de gris ass otemberaubend, mettel bis daischtergro, dense, an intense, mat net zevill Kontrast gezunn, den Hannergrond emmer eng Blende méi knapps beliicht wéi de Raescht. D'Grupp an d'Mass schengt en méi ze interesséieren wéi den eenzelnen Personnage, seng Kompositiounen sin oft schwéier an iwerfellt.

Spéider erzielen ech iech nach méi zu sengem aaneren Bicher, gitt an der Zweschenzait sain Internetoptrett kucken dee sengesglaichen sicht.Tiptop!


http://www.carldekeyzer.com
http://de.wikipedia.org/wiki/Carl_de_Keyzer

20 juin 2006

One hour photo

Ech probeieren Iech eng Lescht vun Filmer ze maachen déi all Fotograf gesin muss hun, weinst senger Thematik, senger fotografeschen Approche, senger Luucht.
Een Meschterwierk menger Meenung no ass de Film "One hour photo" mam Robin Williams, deen des Keier mol eng Keier net den sympateschen, witzegen Tollpatsch spillt, mae vill méi eng verstéiert, onheemlech Roll.
Ech wor de Film vum Mark Romanek, deen deemols wéi ech fannen net genug gewierdegt gouff, deemols an de Kino kucken, an geschter Owend koum en owes spéit um ZDF, dofir meng spontan Entscheedung Iech dovun ze zielen.
Haaptpersonnage ass den Sy Parrish, een Fotolaborant mettleren Alters, gespillt vum Robin Williams, deen an engem Spuermarché Type Walmart den Clien'ten hier Fotoen an engerStonn entweckelt. net mat der fir Low Budget Buttiker üblecher Qualitéit, mae mat akribescher, baal déplacéierter Précisioun. De Sly ass e Pefectionnist, genausou dreemt en vun der perfekter Famill, déi hien als Jonggesell net huet. Ersatz fennt hien an den Familienbiller vun enger jonker, guttsituéierter Koppel mat Kand déi reglmässeg hier Fotoen laanschtbrengen. Den Sly steigert sech esouwait an des fiktiv Firstellung eran, dat en regelmässeg Oofzich fir sech selwer matprint.
Wéi en dowéinst seng Arbescht verléiert an glaichzeiteg erausfennt dat seng Dramfamill net esou perfekt ass wéi hien mengt, brecht seng Welt zesummen an en dréit duerch.
Den Film spillt net nemmen an der Welt vun der Fotografie (well d'Welt vun den Laboen ass een Deel vum Phänomen Fotografie), en liewt et och duerch seng Cadragen, seng Faarwtemperatur vun der Luucht,; deen e Moment ass den Sly an engem waaremn, giel-orangen Zemmer, deen aaner Moment am onverzeilechen, grellen an propperen-sterillen waissen Neonliicht vun sengem Labo.
D'Functioun vun der Fotografie ass fir de Sly déi vum Roland Barthes, den "ça a été", ech wor op deser Welt, an een huet et fir wichteg genug fonnt meng Präsenz ze témoignéieren.
Den Robin Williams beweist dat hien trotz an wéinst sengem subtillen Spill vill méi kann wéi een an sengen Komödien weisen wellt. (Hien erennert mech dobai un den Jim Carrey deen mat Truman Show an Eternal Sunshine... zwee absolut Meeschterwierker bruecht huet obwuel ech mat sengen dommen Grimmassenkomödien glatt an guer naischt ufaenken konnt an kann.)
Leider haett ech mier awer een méi iwerraschen Schluss zu desem exzellenten Thriller gewenscht, d'Opklärung an Ofschléissen vun der Geschicht leist engem dach e klengen Nogeschmack.

17 juin 2006

photo of the day



















15 juin 2006

playlist june 2006

dancing under my willow tree to:

- Easy Star All Stars.-.Dub.Side.of.the.Moon : uhuuu, coolness factor 100 my brother, eng Reaggae/dub band mecht een tribute to the dark side. Dir waert et net fir méiglech haalen et et functionnéiert, grandiosen summer chill!!!

- ProjeKct X - Heaven and earth: endlech fonnt, een KC side project, sick as hell, prog goes drum'n bass

- Pure Reason Revolution - The Dark Third (nice, léieren ech graad kennen)

- Gilgamesh.-.Arriving.Twice (jazzy, canterbury stuff)

- system 7 - live transmission (meng aal helden hun e live album dobausser)

14 juin 2006

Schafe

Wer nachts von weissen Schafen träumt, sieht am anderen Morgen schwarz!


Zitat Anna Moseler 14.06.06

13 juin 2006

Terra de Vida Exposition du 9 au 30 juin 2006 à Esch/Alzette à la Kulturfabrik

Den Olivier an ech sin net déi eenzeg déi momentan eng Ausstellung laafen hun,
photonic friend Jérôme Melchior huet zesummen mat 2 Fotografen déi grouss Ausstellung Terra de Vida an der Kufa laafen, eng genial Doku-Rei iwert d'Portugiesesch Sociétéit zu Letzebuerg. Et ass eng immens wichteg Arbescht déi hei geleescht gouf, main déiwsten Respekt an Unerkennung fir déi enorm Arbescht déi d?Fotografen hei geleescht hun an hoffentlech weider leeschten. An sougenannten "ziviliséierten" Zaiten sin ech erféiert an skandaliséiert iwert den latenten Rassismus den am Moment an verschiddenen letzebuergeschsprochegen Foren optaucht. Och leider oft nach emmer géint eis portugisesch Matbierger.

D'Wierk vum Didier, Jérôme an Paulo ass dowéint emsou méi een Zeechen vun Unerkennung, Toleranz an Versteesdemech vis-à-vis vun deem waat eis gréissten Awanderungsgrupp all Daag sait 30-40 Joer leescht hei am Land.
Et ass den Ufank vun enger soziologesch wichteger Analyse, déi zu enger kollektiver Mémoire féieren soll an souzu engem Opschaffen vun der portugiesecher Integratioun zu Letzebuerg.

10 juin 2006

halbschatten


















Léif Frenn,
mir (den Oli Thull an ech) sin frou Iech heimat op eis Ausstellung "halbschatten" ze invitéieren.
Den Vernissage ass Samsdegs, den 10 Juni ab 19h, daat ganzt bei Sixthfloor op der Neimillen bei Koerich. D'Ausstellung leeft drei Weekend'ter.
E Mini-Katalog zur Ausstellung ass op Bestellung zum Preis vun 15 Euro erhältlech.

04 juin 2006

picture of the day










28 mai 2006

Coheed and Cambria

Waat Zaiten!!!
holy shit, do steet e Sonndes Moies op, denkt un naischt béises an dann daat.
Mir haaten an der Laescht déi eng oder aner formidabel Band hei zu Letzebuerg (Porcupine Tree, DAAU, Royskopp, Tool (kommen an e puer Deeg)), an et schengt keen Enn a Sicht.
Coheed and Cambria kommen an d'Rockhal!!!
Sie ghéieren fir mech am Moment zum innovativsten an progressivsten waat an der amerikaescher Metalszene ronderemleeft, zesummen mat den Mars Volta, Dillinger Exscape Plan an Sleepytime Gorilla Museum.
Hier Musek ass e Mix aus modernem Metal mat Skaterattitude meets 70's Rush goes Emo,
Sie sin gigantesch grouss an den USA a spillen schons an de groussen Haalen. Net verwonnerlech bei sou enger Meschung, dat een am Publikum souwuel 14jähresch kleng Skatertussen fennt wéi 50 Joer aal Altrocker. Genug opgegeilt, Présence ass Pflicht meng Dammen an Hären.
Chapeau op jidfer Fall fir d'Leit vum der Rockhal, déi lues awer secher eng gutt Gespiir hun fir extraordinair Bands, ech géif hinnen wenschen och méi Leit an de Club ze kréien.
Ech kann just dreemen waat als next op Letzebuerg kennt: the (holy) Mars Volta? (den neien Album ass ennerwee)


www.rockhal.lu
www.coheedandcambria.com

22 mai 2006

TOMLUCAS.NET updated

Hun mech den weekend endlech em main Internetsite gekemmert an een groussen Update gemeet: d'Photoen sin ziemlech onverännert, wann och regroupéiert, mae de ganzen Layout huet geännert.
Have a look!

21 mai 2006

Trauerweide









Dest Joer hun ech mir ee gnaz speziellen Geburtsdagscadeau scheken gelooss: Ech hun ee Baam, genuer gesot eng Trauerweid, gepflanzt. Ech sin deck begeschtert, sie huet elo déi eischt Woch mam Empflanzen an deem villen Wand eng Rei Blieder verluer, sin awer optimistesch dat et hier geschwenn besser geet. Gin oft bei se schwätzen, dat misst jo awer hellefen;-))).

19 mai 2006

from the archives








Eng arbescht déi eigentlech déi next 20 joer keen ze gesin kritt, hun doheem bei enger Fenster eng kamera op engem Stativ stoen, an do bleiwt se och, déi next, 10, 20, 30 asw Joren. Méi oder manner regelmässeg maachen ech eng Foto. Op Film, waat mat den Biller geschitt wees nach keen.>br>classeur 14 planche 56

15 mai 2006

DAAU

Ladies and gentlemen, please welcome for the second time in Luxembourg, the incredible DAAU

en Mettwoch kennt dir eng absolut genial an intensiv Band an der Rockhal ukucken an lauschteren: DAAU (Die anarchistische Abendunterhaltung).
En wahnsinnig, genialen, krank, anarchisteschen Mix aus Classic, Pop, Electronic, mat Zigeiner Kläng.
be there!!!!!!!


www.daau.com
www.rockhal.lu

14 mai 2006

from the archives - no sports











13 mai 2006

About Life - les âges de la vie

Am Geschichtsmusée ass geschter eng flott kleng Ausstellung opgaang zum Thema "About life-les âges de la vie". 4 letzebuerger Fotografen(innen), Jeanine Unsen, Natacha Wagner, Véronique Kolber an Patrick Galbats, weisen ennerscheedlech Approchen zum Alter. Wann dir iech d'Austellung "Bilder die lügen" ukucken gitt, dann vergiesst net iech och des interessant Expo eranzezéien.

09 mai 2006

CARAVAN

Kommt mat op eng Rees an d'70's.
Eng Grupp déi ech schns méi laang kennen, awer elo reischt virun Kuerzen richteg Zougang fonnt hun: CARAVAN
Allgemeng get de Style als Canterbury-Prog bezeechend, wuel richteg, eng super Meschung aus Prog, Rock mat jazz a Blues Elementer. Et gin baal 20 Albumen, woubai de Stil natiilrech mat de Joren aennert, ech recommandéieren iech haaptsächlech folgend Albumen:
In the Land of Grey and Pink - de Klassiker, huet all Caravan Elementer, mae vielleicht bis op de faméisen Longtrack ziemlech zougänglech
Waterloo Lily - méi Jazzy, ganz laid-back mat Momenter, een Hang wwéi sou oft zu bizarr-komeschen Lyrics.
For Girls Who Grow Plump in the Night - manner Jazz, méi Proggy, awer emmer mat engem onbeschwéierten Hippy-Touch.
Ideal, fir am Freijoer mat opener Fenster mam Auto duerch D'Eislëck ze chillen.

08 mai 2006

04 mai 2006

playlist May

grooving on the ipod:

-OSI: Free (absoluten Wahnsinnsalbum, besschen manner heavy wéi den 1., dofir méi Electro-Spillereien. Metal meets Mellow-Electro)

-ANGLAGARD: Hybris (wees guer maischt vun deser schwedescher grupp, mae et ass ouni Zweifel ganz komplex an interessant, hmmm, cool)

-Pain of Salvation: 12:5 , super, Prog-metal goes unplugged, flotten Harmoniegesang, really fine

-DAAU: Tub Gurnard Goodness (sin kommen an d'Rockhal, lo am Mee, ween net do ass ass selwer schold, eng vun mengen Faves...Klassik goes Dub, mat Electro, Anarchie Pur!!!!Fir ze danzen, laachen an kreischen.

Frank Zappa: Hot Rats

03 mai 2006

photo of the day










01 mai 2006

photo of the day

27 avril 2006

Expo photo chez CK à Leudelange

Am Moment ass eng Panorama Foto vu mir am Expo-Room vun CK zu Leudelange ze bewonneren:

CK Repro 68
41, Z.A. Am Bann
L - 3372 Leudelange

CK Repro 68 huet virun Méint e Fotoconcours organiseiert /"Norioun de Groupe) wou elo déi Bescht Fotoen ausgestallt gin, ausserdem goufen nach weider Artisten gefrot hier Wierker als Fichier zu Verfügung ze stellen, enner aanerem meng Wéinegkeet. Ck huet sech dun d'Méi gemeet all Tirage am Format A1 erauszeprinten an auszestellen.
D'Expo ass natiirlech ganz hetereogen, esou wéi d'Fotografie et och ass (et get net nemmen eng Zort Fotografie, eng Wourecht, daat wir jo langweileg), een gesonden Amalgam aus ganz ennerscheedlechen Saachen. D'Qualitéit vun de Printen ass och exzellent wann de Fichier et zougelooss hut. Den inkjet schengt elo lues awer secher méi déier Procédé'en ze ersetzen. Wann elo D'Haltbarkeet hält waat se versprecht, dann kennt e geschwenn net méi dolaanscht. An wann all d'Hiersteller weider dorun feilen, damm kommen nach besser Tënten op de Maart.
Bon, vill Geschwätz, gitt bis laanscht kucken.

26 avril 2006

Van Der Graaf Generator, The Book: A History of the Band Van Der Graaf Generator

E Buch vum Jim Christopulos a Phil Smart

Sie sin grandios, ouni Zweifel déi extremst an fortschrettleschst vun allen 70er Bands. Wou Pink Floyd grandios, Yes verspillt an genesis lyresch an flott wéi een Ausflug an d'Greng's woren, woren sie wéi een Trip an D'Hell. Diaschter an Mystereis wéi dem Peter Hammill seng Texter Den Hammill wor wuel den eischter Rocksänger deen seng Stemm als Instrument gebraucht huet. Bon, haalen op mat dreemen, ech hun schons méi oft vun VDGG erzielt oder sie erwähnt, hun mir virun e puer Deeg eng englesch Biographie vun der Band kaaft, déi Eischt déi je geschriwwen gouff wéi ech mengen.
An de laeschten Deeg hun déi zwee Auteruen mech an eng nach onbekannten Welt matgeholl, bizarr an beängstegend, awer och voll lestegen Anekdoten aus enger méi onschelleger Zait. Hail to the VDGG!

22 avril 2006

from the dark archives










Den Ufank oder d'Enn, den ufank an d'Enn.
De simpelst Foto déi ech je gemeet hun, waat Kompositioun ugeet, an och vum Contenu.
Luucht. Ass et eng Emschreiwung fir den Ufank vun Aleem, Urknall, Enstehung, oder d'Enn waat eis all erwaart? Ass um Enn vun der Daischtert dann net awer Luucht, sou wéi mir eis et sait dausenden an dausenden Joren vun Generatioun zu Generatioun eise Kanner weidergin?
Erwaart keng Aentwert vu mir, wéi kennt ech, et ass op jidfer Fall eng vun mengen Lieblingsfotoen, wann ech nemmen eng erhaalen kient fir déi next Generatioun, dann wahrscheinlech des hei.


let there be more light

16 avril 2006

50° : Eislëck






Eng nei Arbescht déi ech dest Joer ugefaang hun, an déi sech hoffentlech weiderzitt iwert déi next puer Joer. Ausgangspunkt ass déi topographesch Notioun vum 50 Breedegrad deen wéi dir wahrscheinlech wesst duerch Letzebuerg geet. Ech hoffen an mengen och dat esou eng Arescht nach net gemeet gouff, wann dach w.e.g. bei mir mellen! Et geet drem eng dokumentaresch Abrescht iwert de Norden vum Land zu maachen, einfach well ech d'Gefill hun et géif net gemeet gin, d'Verännerungen vum Süden, vum Minett gin dokumentaresch festgehaalen, an esouguer gnaz gutt muss ech soen. Mae wéi gesait et mam Norden aus. Wéi eng Verännernungen gin et, waat waert sech an Zukunft aenerne, fir Landschaft, Leit? Meng Approche ass sou neutral wéi se nemmen kann sinn, kucken, vertsoen.Weider Firgaben gin et net, ech hun momentan keen détailléiert Angaben an wéi eng Richtung sech des Arbescht entweckelt, an hei kommt dir an d'Spill: Wann dir aus deem Eck sidd, kennt dir gaer kontakt mat mir ophuelen, vielleicht wellt dir mir Platzen weisen, Leit begéinen. Ech hun bis elo e puer Filmer gemeet, Mettelformat, mae op sech d'Arbescht eischter an Richtung Paysage, Architektur, Reportage entweckelt wees ech net. Ech hun mam Lineal mol eng Linn um 50 ° gezunn, an folgend Uertschaften erausgesicht:Hosingen, Hoscheid-Dickt, Wahlhausen, Ober- an Untereisenbach, Putscheid, Bockholtz, Consthum, Holzthum, Siebenaler, Pintsch, Lellingen, Alscheid, Wilwerwiltz,Eschweiler, Schleef, Niederwampach, Noertrange an alles waat an daer Géigend léit. D'Grenzrégioun mat Bastogne an riwer op Neuernburg huelen ech och nach op d'Lescht. Eng rieseg Arbescht wéi dir gesidd, ech huelen mir och e puer Joer Zait. Ech wier frou wann sech Leit aus der Géigend géifen dofir interesséieren, oder vielleicht gesidd dir jo an noer Zukunft een bizarren Fotograf mat uraaler Kamera duerch aer Dierfer an Uertschaften spazéieren, also net faerten!

14 avril 2006

Expo Bernhoeft au MNHA Luxembourg

Wéi konnt ech et nemmen vergiessen,
am Nationalmusée ass momentan eng formidabel Ausstellung vum letzebuerger Fotograf Charles Bernhoeft(1859-1933). De Bernhoeft hat an der Staadt een Fotosatelier an ass zum Photographe de la Cour avancéiert. Hien huet bedeitend IndustrieFotoegfien gemeet (Mercier, Weltausstellung, Schmelz zu Déifferdeng), souwéi Landschaftsalbumen, Postkarten an wahnsinneg Portraiten vun der Zait virun an no der Johrhonnertwenn.
Et ass eng grouss Ausstellung mat eenzegartegen Tirages d'époque, flotten Phototypien, an Hannergrondinformatiounen. E Buch ass an Bearbeschtung an kennt geschwenn eraus. Huelt iech eng oder 2 Stonnen Zait fir d'Austellung, vielleicht wann dir e meindeg op d'Emaischen gitt op de Feschmaart.
Weider Infos op der Internetsait vum Nationalmusée
http://www.mnha.lu

12 avril 2006

photo of the day









Danke Bettina!

07 avril 2006

playlist Abrëll 2006

Sorry, ech sin net ganz konstruktiv an der Laescht, Fréijoersmiddegkeet? Oder eischter de Fait dat ech mech fatzeg erkaalt hun, an elo mol 24h beieneen geschloof hun? De Weekend brengt bestemmt Ofwieselung an déi eng oder aner Iwerraschung.
Anyway, am Moment duascht folgendes duerch d'Boxen:

- Lightning Bolt: Hypermagic Mountain
- Gljukosa: (aus Russland, danke Olga!)
- Kevin Gilbert: genau sou tragesch em d'Liewen komm wéi den Jeff Buckley, awer nie esou bekannt gin, hien huet verschidden Urban Legends no dem Sheryl Crowe sain eischten Album geschriwwen (deen mat "All she wanna do is have some fun, tralllala, naja..."
- Soft Machine. Third, main retro kraut-psy-prog tipp vum Mount
- DAAU: alles, sie kommen op Letzebuerg, en neien Album ass ennerwee, et gett e super d'Freijoer 2006 i think!be there

02 avril 2006

photo of the day










01 avril 2006

photo of the day










Sin mer net all besschen schof

23 mars 2006

Wedding - from the archives











E Samsdeg get meng gutt Frenn Zara a Claude mateneen bestued, fir schons an Hochzaitsstemmung ze kommen hei eng Planche aus den Archiven, classeur 14 planche 22

19 mars 2006

Brazil

Geschter woren mer e klengen Ausflug op Leck (Liège) maachen, meng aal zweet Heemecht, et wor schéin erem eng Kéier do ze sin.
Grond wor ower net irgendeng nostalgesch Gefiller des Keier mae d'Biennale de la Photo déi all zwee Joer ass.
D'Thema des Kéier wor "Brasil", waat engerseit iwwerraschend woor, an mech och perplex geloos huet. Biennalen an Festivalen sin eng wonnerbar Geleenheet fir nei Fotografen kennen ze léieren, contemporain Richtungen ze eraanen, an sech een Iwerbleck iwer déi ganz Breed un der Fotografie maachen.
Brasil erfellt des Zieler nemmen zum Deel, op der enger Sait ass en frou, dat den Ophaenker net sou ee Passe-partout Thema ass waat net wiirklech interessant ass an awer den Organisateuren erlaabt immens an d'Breet ze goen an eppes zesummenzebastelen; op der aanerer Sait liicht engem an dat een als Commissaire bei sou engem Thema ziemlech limitéiert ass.
Et woren vill Arbeschten dobai déi mech wikrlech fazinéiert hun, enner aanerem déi formidabel belsch Fotografinnen Felten-Massinger mat hierer Caravana-Obscura.Hier Arbeschten sin grandios, am Senn vum Wuert, Groussformatesch, Panorama, dense an saat. Mat Erschrecken hun ech festgestallt datt meng Panoramaopnahmen vum laeschten Summer onbewosst heivun inspireiert sin an an déi selwscht Richtung gin. Och am MAMAC woren interessant Arbescht, exzellent gemeet, vill schwaarz-weiss, net emmer esou contemporain wéi eigentlech erwaart.
Manner interessant awer woren d'Expo an der Eglise St André (Fou de Balles) an Les Chiroux (Traditions et Modernités), déi zesummengebastelt woren, wou gutt Qualitéit niewt mettelmässegen Arbeschten houngen. Naja.
Et wor e ziemlech Overkill vun Biller, ech gin elo weider net an d'Détailer, gitt iech et nach dese Mount ukucken, et ass bestemmt fir jidfer Goût eppes dobai.

17 mars 2006

Dawn












Eng Arbescht prépareieren bedait emmer eng Recherche ze maachen, lenks a riets ze kucken, och wann e schons eng Richtung ageschloen huet, sech nach emol emdréinen a kucken op et net en aner Wee, oder Approche get. Ech sin am Moment mam Photon-Phreak (sorry...) Oli Thull amgaang eng Ausstellung ze prépareieren...och wann des Fotoen et wahrscheinlech net bis an d'Austellung packen sin se awer een interessant Dokument voir +.

12 mars 2006

Dreams in the dusk

De Carl Sandburg ass souwuel als progressiven politeschen Akivist wéi natirlech och als Poet an Auteur bekannt, ech sin elograad heirops gestouss, ech erlaaben mir et einfach frech desen poem mat iech ze deelen. Kleng Randnotiz déi vill Leit net wessen, de Sandburg wor ma "Letzebuerger" Edward Steichen senger Schwester bestued!

Carl Sandburg - Dreams in the dusk

DREAMS in the dusk,
Only dreams closing the day
And with the day's close going back
To the gray things, the dark things,
The far, deep things of dreamland.

Dreams, only dreams in the dusk,
Only the old remembered pictures
Of lost days when the day's loss
Wrote in tears the heart's loss.

Tears and loss and broken dreams
May find your heart at dusk.


E besschen sentimental fir des Joreszeit, gell, nee, nee ech hun keng depressiv Phase, ech freen mech richteg op d'Freijoer an e puer Wochen. (Et ass spéit un!).
Let there be more light!

11 mars 2006

Link of the day / Netzfundstücke

Niewt den villen Virdeeler an positiven Erkenntissen vum Internetwahnsinn kann een awer och bedaueren dat eis Approche zu Texter, Biller, Videos emmer méi direkt, premier-degré, iwwerflächlech get. De Grond dofir leit an der primärer Struktur vum WWW. Et ass eng Sammlung vu Links déi mir duerchstreifen, vun Sait zu Sait, ee Zapping an honnert Dimensiounen, mir mussen einfach léieren mam Medium emzegoen, laang Texter ze veröffentlechen, ze liesen, ze verstoen an weiderzeleeden. Wéi dden Apprentissage soll oflaafen kann ech net soen. E Medium u sech ass nie méi gutt, méi schlecht wéi een aaneren, et ass daat waat mir aus dem Medium maachen, een riesegen Supermarché, en Schrett an d'Richtung Cyberdemokratie, eng Toile vun Links...

Bon, ech spannen des Iwerleeungen eng aner Kéier weider. Firwaat zielen ech iech dat? Wéi vill vun iech och, sin ech ebenfalls e Surfer, treffen op witzeges, leschteges, perverses, traureges an formidables am Web. D'Fro ass, soll ech iech des Netzfundstücke weidergin, mat Kommentar oder ouni? Soot dir mir et.

Aus der Kategorie "Formidables" (main meschtbenotztend Wuert hei am Blog!) kennt iwwregens dese Link, deen mech wirklech beweegt huet, an ech hoffen dat et iech och sou ergeet wéi mir am Kommentator vun der Noriichtensendung. Ech well am desem Fall och net iwert d'Präsenz an d'Funktioun vun Beiträg aus dem Faits divers an Norichtensendungen kuerz virum Wieder lästeren, de Beitrag huet sain Senn erfellt an Spueren hannerlooss.
D'Reportage aus der Rubrik "Faits divers" handelt vun engem jonken, behënnerten Bouf deen an enger Schoulequipe (Basket) den "Wasserträger" gespillt huet an als Belounung am laeschten Match vun der Saison daerf e puer Minuten spillen an se all iwerrascht. Eng Amateurkamera huet d'Wonner gefilmt. Grandios! Eng aner kéieren kennen mir dest Opkommen vun Amateurbiller an Noriichten an am Web méi genau beschwaetzen. Erennert mech drun!
Anyway, hei den Link


http://www.compfused.com/directlink/1257/

10 mars 2006

from the archives











#classeur13planche72 / 2004

08 mars 2006

playlist march 2006

currently jumping in the snow:

The Dillinger Escape Plan:Calculating Infinity
Sigur Ros: alles
OSI: Office of Strategic Influence,den neien Album ass och ennerwee, be prepared!
Jansen Steve-Barbieri Richard-Karn Mick - Playing in a Room with People
Arjun:Madness and the Truth
IQ: Mix

05 mars 2006

snow













04 mars 2006

Where is Muedsi?









02 mars 2006

Bullshit of the month









et sin deischter zaiten, an fir sech opzemonteren get en heiansdo an d'Wullkescht vun den Obscuritéiten. Erausgekromt hun ech de Film deen niewt "Angriff der Killertomaten" wuel de schlechstensten Film vun allen Zaiten ass:
"Surf Nazis must die". An enger noer Zukunft, no engem Erdbiewen a Kalifornien geet d'Plage vun verschiddenen Gangs beherrscht. Déi schlemmsten sin ouni Zweifel déi béis Nazis, Surf Nazis. Leider hun se hier Rechnung ouni Mme Eleanor Washington gemeet.
Wéi dir gesidd, absoluten Schund. De Schnett ass revolutionnär (schlecht), d'Dialogen an all Porno sin besser, Logik bracuh e guer net sichen ze goen. Grandiös 80th Trash.

27 février 2006

Brokeback Mountain

Mir woren e Samsdeg am Kino den Filom "Brokeback Montain" kucken, nodeems jo an de laeschten Deeg an Wochen jo eng richteg Hysterie opkomm ass..zurecht?

Tatsächlech ass Brokeback Mountain ên excellenten Film, net nemmen fir d'Thematik déi eigentlech schon haett vill eischter an den Mainstreamkino anzeien sollen. Den Erfolleg weisst och dat et duerchaus e Publikum fir des Filmer get. Den Ufank wier heimat spétsdens gemeet an hoffentlech waert d'Thema Homosexualitéit jenseits vun den üblechen Schéierpunkten wéi Aidsproblematik oder Klamaukkomik lo méi oft optauchen, let's hope it.

D'Geschicht vum Film kennt dir op aner Platzen noliesen. D'Emseztung vun der Stroy wor ganz klassesch an heinasdo laangotmeg an zum Schluss natiirlech eng Grëtzt zevill sentimental. De Film besteet aus 2 Deeler, den eischten beim Schoshidden an de Bierger mat formidablen Biller, wonnerbar gefilmt. Den 2 Deel erzilet déi 20 Joer wou sech déi 2 Cowboys méi oder manner regelmässeg zereckgesin, an hier Liewt virun hierer Famill verstoppen. D'Luucht mat deenen des ennerscheedlech Szenen gefilmt ass et schons eleng waert an de Kino ze goen.

26 février 2006

from the archives








23 février 2006

picture










21 février 2006

from the archives










Classeur 13 planche 42

19 février 2006

Bilder die lügen

Hi friends,
laeschten Sonndeg woren de Chris an ech an de Geschichtsmusée an d'Staadt déi nei Austellung: "Bilder die lügen" ukucken.
Dikdaturen, Demokratien, Medien an Konzerner mnipuléieren, retuschéieren an fälschen Fotoen, souwuel fréier wéi haut. d'Methoden an d'Techniken hun natirlech geännert. Dest ass eng hichinteressant an pédagogesch Austellung iwert d'Objektivitéit vun de Biller ronderem eis. E ganzen Koupp Beispiller sin Iech wahrscheinlech wéi mir och schons bekannt, aanerer wärten och iech nei sin. D'Expo ass iwerregens en decke Succès, de Musée wor laescht Woch voll!

17 février 2006

from the archives










#classeur13planche67_2003

16 février 2006

introducing: Muedsi!!!






Ech muss mech entschellegen, ech présentéieren ech hei méi oder manner regelmässeg déi schlemmsten Fotoen, an déi wichtegst vergiessen ech dobai.
Ech sin houffreg ech iech main Wachschoof ze présentéieren: d'Muedsi!!!

Ech sin enges owes am August heem komm an du stoung et virun menger Gragenafahrt mat engem Ziedel em den Hals: "Ech sin d'Muedsi an eleng op der Welt. Huel mech bei dir op." Saitdem verteidegt d'Muedsi main Haus géint Sektenrecruteuren, Vertreider fir Teppecher, Hënn an villes méi.

Heiansdo fillt d'Muedsi sech eleng, mae ech verspriechen heimat dat daat net méi laang sou weidergeet.

13 février 2006

picture of the day





Hun et nach guer net erzielt...oder dach?... hun mir fir Chreschdag e klengen digitalen Knipsert kaaft, d'Qualitéit vun deenen klengen Apparaten huet sech (enner 100 Iso op alle Fall) deck verbessert, mae selten sin déi Apparaten déi e besschen aus der Rei danzen. Ech hun awer soueen fonnt, e klengen Panasonic am klengen Panoramaformat (16:9, d.h. esou wei déi nei Teléen, oder 9X16 cm am Plaatz 10X15 cm).
Anyway, fir e bessi Spontanéitéit ze behaalen an net andauert d'Léit mat deckem Geschiir Angscht ze maachen geet d'Qualitéit duer, an en erfellt sain Zweck.

12 février 2006

playlist february 06

currently tripping on the ipod:

- Caravan : In the Land of Grey and Pink (Canterbury Prog), een Klassiker, sou gutt, einfach schéin fir ze dreemen a laachen!

- Pipo & Elo: Eng franséisch Koppel spillt akkustesch Coverversiounen vun Dream Theater Klassiker, et functionnéiert, d'Lidder sin gratis am Web ze fannen, check it out.

- Infected Mushroom: relaxten Psy-Trance, besschen à la Hallucinogen, awer méi "soft"

- Ozric Tentacles: sie sin eigentlech emmer an der Playlist, kann ech nemmen empfehlen, déi eischt Albumen sin klasseschen Psychedelic, ab Mett der 90er sin sie méi elektronesch and dance gin. psychedelic, world, ethno, techno dub space prog.

- Royskopp: meng Neientdeckung (sin emmer spéit un). daat kennt esou gutt, sin hin a weg. Erennert mech bessi un déi gutt all GusGus, an awer ganz anescht.

11 février 2006

from the archives











Jo, jo et sin Fotoen, misst 1999 sin, wor eng flott kleng Série, ziemlech technesch a minimalistesch, as vielleicht eng Arbescht op déi ech spéider enner professionnellen Studioconditiounen nach eng Kéier zereckkommen.Who knows.