25 juin 2006

God Inc.



Ech erzielen Iech haut vun engem Buch vun Carl de Keyzer waat Ufanks den 90er Joren rauskomm ass: God Inc.
Déi mech besser kennen wessen dat den Magnum Fotograf Carl de Keyzer e vun mengen absoluten Lieblingsfotografen ass, wahrscheinlech een vun deenen resolut contemporainsten a beschten Fotografen déi des weltberühmt Fotosagence am Moment huet.
God Inc ass vielleicht net den De Keyzer sain konzeptuel weitgeduechtsen Buch (check East of Eden, Europa), mae awer bestemmt fir den Entdecker sain zougänglechst.

D'Thema ass wéi schons erooden d'Welt vun den Reliounen an Sekten an den USA.Wann dir Satellitenfernseh hut, hut dir bestemmt schon des Televisiounspriedeger gesinn, déi an gliesenen Kathedralen hier Show présentéieren. Eng Meschung aus Loriot an Monty Python mat Momenter. Et muss e wessen dat religiéis Gruppen Steierfreiheet hun an den USA, an dat desen Fait natirlech vill Entrepreneuren an dest lukrativt Geschäft zitt. Verschidden Sekten entweckelen speziel an heinasdo hirnresseg oder esouguer geféierlech theologesch Theorien, aanerer en harmlosen Mix aus Hokuspokus, Medienspektakel an Wonnerheelungen déi kengem wéidoen.

De Carl de Keyzer huet de Fehler net gemeet dest Thema op eng zevill spektakulär Art an Weis unzegeoen, mae tortzdem mat senger gewinnter Ironie an subtilen Humor.
Seng Kompositiounen sin déi vun Renaissancetableaux'en, hien schafft zu deem Ament nach S/W an vill mat Open Flash, d.h. méi oder manner laangen Belichtungszeiten an Bletz. Seng Gamme de gris ass otemberaubend, mettel bis daischtergro, dense, an intense, mat net zevill Kontrast gezunn, den Hannergrond emmer eng Blende méi knapps beliicht wéi de Raescht. D'Grupp an d'Mass schengt en méi ze interesséieren wéi den eenzelnen Personnage, seng Kompositiounen sin oft schwéier an iwerfellt.

Spéider erzielen ech iech nach méi zu sengem aaneren Bicher, gitt an der Zweschenzait sain Internetoptrett kucken dee sengesglaichen sicht.Tiptop!


http://www.carldekeyzer.com
http://de.wikipedia.org/wiki/Carl_de_Keyzer