Ech probeieren Iech eng Lescht vun Filmer ze maachen déi all Fotograf gesin muss hun, weinst senger Thematik, senger fotografeschen Approche, senger Luucht.
Een Meschterwierk menger Meenung no ass de Film "One hour photo" mam Robin Williams, deen des Keier mol eng Keier net den sympateschen, witzegen Tollpatsch spillt, mae vill méi eng verstéiert, onheemlech Roll.
Ech wor de Film vum Mark Romanek, deen deemols wéi ech fannen net genug gewierdegt gouff, deemols an de Kino kucken, an geschter Owend koum en owes spéit um ZDF, dofir meng spontan Entscheedung Iech dovun ze zielen.
Haaptpersonnage ass den Sy Parrish, een Fotolaborant mettleren Alters, gespillt vum Robin Williams, deen an engem Spuermarché Type Walmart den Clien'ten hier Fotoen an engerStonn entweckelt. net mat der fir Low Budget Buttiker üblecher Qualitéit, mae mat akribescher, baal déplacéierter Précisioun. De Sly ass e Pefectionnist, genausou dreemt en vun der perfekter Famill, déi hien als Jonggesell net huet. Ersatz fennt hien an den Familienbiller vun enger jonker, guttsituéierter Koppel mat Kand déi reglmässeg hier Fotoen laanschtbrengen. Den Sly steigert sech esouwait an des fiktiv Firstellung eran, dat en regelmässeg Oofzich fir sech selwer matprint.
Wéi en dowéinst seng Arbescht verléiert an glaichzeiteg erausfennt dat seng Dramfamill net esou perfekt ass wéi hien mengt, brecht seng Welt zesummen an en dréit duerch.
Den Film spillt net nemmen an der Welt vun der Fotografie (well d'Welt vun den Laboen ass een Deel vum Phänomen Fotografie), en liewt et och duerch seng Cadragen, seng Faarwtemperatur vun der Luucht,; deen e Moment ass den Sly an engem waaremn, giel-orangen Zemmer, deen aaner Moment am onverzeilechen, grellen an propperen-sterillen waissen Neonliicht vun sengem Labo.
D'Functioun vun der Fotografie ass fir de Sly déi vum Roland Barthes, den "ça a été", ech wor op deser Welt, an een huet et fir wichteg genug fonnt meng Präsenz ze témoignéieren.
Den Robin Williams beweist dat hien trotz an wéinst sengem subtillen Spill vill méi kann wéi een an sengen Komödien weisen wellt. (Hien erennert mech dobai un den Jim Carrey deen mat Truman Show an Eternal Sunshine... zwee absolut Meeschterwierker bruecht huet obwuel ech mat sengen dommen Grimmassenkomödien glatt an guer naischt ufaenken konnt an kann.)
Leider haett ech mier awer een méi iwerraschen Schluss zu desem exzellenten Thriller gewenscht, d'Opklärung an Ofschléissen vun der Geschicht leist engem dach e klengen Nogeschmack.