24 février 2008

Carl de Keyzer: Trinity

E neit Buch vun Carl de Keyzer ass emmer e Gronn sech ze fréen. Méi séier wéi erwart wor haut en Päkchen fir mech an der Post mam CdK sengem neien Wierk Trinity. Net eng Arbescht, mae 3 Arbeschten verbendt den Fotograf zu engem groussen, nüchternen Bild: Geschicht, Krich, Muecht.

E puer Fotoen kommen engem als Keyzer-Kenner bekannt fir; d'Série "Tableaux d'histoire" gouf an Deeler schons virun Joren publizéiert an wor déi eischt mir bekannten Arbescht op Fuerwfilm. D'Biller, groussformateg, weisen e Bleck hannert d'Kulissen vun der Aktualitéit, den Spectateur kritt een Ablesck hannertz d'Mise-en-scène vum Happening.

Den 2.Deel vun Triptych besteet aus Panoramafotoen aus Krisengebieter, mae keng richteg Newsfotoen bien sûr, mae d^Situation no der Krise, Reschter vun Chaos, Zerstéierung, Zeechen vun Gewalt...vielleicht net esou wait eweg vun deem wat den Koudelka op S/W gemeet huet.

Déi laescht Série hellt eis mat an d'Tempelen vun der Muecht, op Washington, Bréissel, Peking, do wou d'Décisiounen geholl gin, zum Guddem oder zum Schlechtem.

No deem, menger Meenung no, ganz gudden, mae net genialen "Zona", liwwert den CdK hei een Meeschterwierk, eng Synthèse vun sengen Arbeschten vun den laeschten 10 Joer, an, natiirlech passt alles. E groussen Fotograf, net Journalist, net Fine Art, net Art centemporain, mae en Kenschtler deem seng Biller eng Déiwt hun an dobai Zesummenhäng opweisen, déi een hautdesdaags selten fennt. Just d'Synthèse déi en eis hannerleist ass manner begeeschternd, net spektakulär choquant, mae eng Zort Verzweifelung iwert déi Welt déi ass, an déi, déi eis nach erwaart.






16 février 2008

Time Shift




Haut den Owend, spéitstens muer am Daag ass Aer laescht Geleenheet Iech main Projet "Time Shift" am AICA-Kiosk an der Staadt ukucken ze goen. Muer am Laaf vum Daag gin d'Luuchten ausgemeet an d'Fotoen verschwannen.

Fir dat den Projet awer nach iergendwéi Spueren hannerléist an an Erënnerung bleiwt, well ech, falls Interessi besteet, eng Série limitée vun max. 10 Tiragen vun der horizontaler Landschaft (manner gecropt wéi d'Bild waat desen Post illustréiert) printen. Gréisst: 30x40cm oder 60x80cm. Praiser kommen no, déi Eischt sin fir, Email un den tom.lucas@internet.lu.


12 février 2008

pinholes (first film roll)















Eng vun den eischter Filmrullen, very bizaarr, hmm, wann ech an de Labo rem gin (et get heich Zait...) maachen ech e Print (resp. 2) heivun. Irgendwéi spannend...











04 février 2008

pinholes






01 février 2008

Pinholes





Hi ass eppes fir déi kaal Joreszait,

hun mir eng kleng Pinhole organiséiert...

Ech sin ganz begeeschtert vun der Pinhole Esthetic, hei e puer harmlos Biller, hun mir awer och schons eng Arbescht dozou ausgeduecht.

There's a lot more where this came from...