31 décembre 2005

Happy new year









27 décembre 2005

from the archives







puh, et woore e puer ustrengend deeg, e gleck ass nemmen emol d'joer chreschtdag. anyway, haut erem e Klassiker aus den Archiven, eng Lieblingsfoto vu mir, Snapshot-like a dach erem eng typesch vill ze vill konstruéiert Kompositioun., mae d'Luucht stemmt, an de SteveV mescht seng Saach méi wéi gutt.

Wat else des Woch, ech hun CONGÉ!!!ech hoffen ech kommen dozou endlech d'Thema vun photon.lu fir d'Freijoer unzefaenken, wollt eng Diashow vun 50 Photoen maachen froen mech awer wei daat soll goen, egal, vielleicht get et next Woch hei op deser Platz schons een Teaser.

22 décembre 2005






Falls ech net méi dozou géif kommen ,ech wenschen iech all heimat schons schéi Feierdeeg, dofir och eng méi, naja, besennlech, naja, foto.
mellen mech an e puer deeg, hoffneltech kommen ech vun lauter friessen nach vum canapé op, eng nei Fläsch Chartreuse (déi gréng) ass zu Secherheet schons eemol bereet gestallt...daat helleft!!!


18 décembre 2005

from the archives: Theater







14 décembre 2005

from the archives

















09 décembre 2005

Bommeléer

ech hun mech an de laeschten Deeg besschen rar gemeet mae ech haat daermoossen ze din, ech koum net méi zum Blo. Anyway, ech posten hei een Texte deen ech virun e puer Wochen am Usenet erwähnt hun, eng Reaktioun op den (anzweschenzait faméisen) Artikel "der schwarze Prinz" am Letzebuerger Land:
...
D'Press schengt sech souwait erem berouegt zu hun, ech faerten ganz mir
gin nie genaues gewuer.
Am Interessansten wor bei waitem den Artikel am "Land" vun der
laeschter Woch, wou d'Urban Legend vum beisen Prenz ugeschwaat get, an
och d'Evénementer awer an hieren historeschen Kontext gesaat gin.
Ech zitéieren:
"...im Laufe des Gesprächs liess sich der Premierminister und oberste
Dienstherr des Service de renseignements dann anvertrauen, was er
längst wusste und seit 20 Jahren jeder Stammtisch heiter kolportiert:
dass sich in der fraglichen Nacht Prinz Jean Nassau aka de Luxembourg,
ein Bruder des Grossherzogs, in einem Auto voller Elektrokabel in der
Umgebung des späteren Tatorts aufgehalten haben soll..."

D'Argumenter fir eng Theorie vun der Legend schengen logesch, et waerten soulaang
Zweifel bestoen bleiwen wéi d'Wourecht emmer nach méi oder manner offensichtlich
vertuscht get. Eng aaner Interpretatioun ass dobai méi logesch.
Weider vergleicht d'Land d'Série vun Attentater mat aenlecher
Evenementer an der Belsch, wou no engem parlamentareschen
Untersuchungausschoss Indizien opgetaucht sin daat Geheimdengscht,
Policebeamten an Neonazis versicht hun d'Öffentlechkeet
anzeschüchteren...daat alles am Kontext vum Kaale Krich. Ganz
interessant, woubai des Iwerleeung géif weisen dat et keen
Eenzeltäter muss gewiercht sin.

Esouwait zu mengem Rapport zu der Story.
Anzweschenzait ass vill geschitt, den Chefredakter vum Land zitt d'Handbrems an kritiséiert sein Redakter fir den ominéisen Arktikel, niewenbai stellt sech d' Redaktioun op d'Sait vum Auteur vum Artikel. Interessant sin des Reaktiounen dofir, well den Auteur zu kengem Zaitpunkt engem Verdächtegen eppes ennerstellt (daat maachen ech hei och net, also keng anonym Drohungen w.e.g.) mä ouni ze zëcken erklärt waat d'Öffentlechkeet mengt a sait Joeren pëspert. Fir dann dest Element an een aaner Kontext ze setzen, an d'Welt vun de Märercher, wou et vun gudden a schlechten Prënzen an Prinzessinnen nemmen esou wibbelt.
No RTL Radio greift elo elo och d'Woxx des Geschicht op an bericht des Woch an hierer Editioun

affaire à suivre deemno bei enger Geschicht wou d'Ronnderem anzweschen méi interessant schengt wéi den (iwweregens ganz gudden) Artikel am Letzebuerger Land deen op intelligent Art a Weis iwert den Tellerrand kuckt.
Wou ech perséinlech nach well umierken dat d'Auswierkungen vun der Affaire Bommeléer beiwaitem méi schlemm fir Lëtzebuerg sin, wéi ugeholl; eng Geschicht déi esou laang schleeft, wou esou vill gezielt get, erfonnt get, eng Geschicht déi déi eng schrecklech opreegt an déi aanerer am Léiwsten géifen vergiessen bleiwt net ouni Konsequenzen. D'Gefill vun engem iwermächtegen Apparat, Grupp, Element, daat ongestrooft kann d'Gesellschaft sabotéieren, léisst méi wéi een vun eis verzweifelen, onmächteg gin vis-à-vis vu Konflikter an Ongerechtegkeet. Een Trauma fir Lëtzebuerg?

http://www.land.lu
http://www.woxx.lu

01 décembre 2005

Schof


Dir frot Iech bestemmt firwaat ech de Site Schofsfrenn genannt hun, an dir hutt nach kee Schof gesin, anyway hei daat eischt Schof, a glaichzeiteg déi eischt S/W Foto déi ech selwer am Labo vergréissert hun...uhu

Anyway, hei nach de Rappel fir muer: Muer ass Porcupine Tree am Atelier, ween net geet ass selwer schold, be there!!Psyprog rules!

28 novembre 2005

from the archives


Ech hun iwert de Wanter och e puer S/W MF Negativen gezunn, hun net wiirklech méi den Duerchbleck an den Classeueren 12-14 mae et get besser. Dest ass Classeur 13, also sou 2004.

Anyway, ech muss nochemol Reklamm fir Porcupine Tree maachen desen Freideg am Atelier, ech hoffen et gin e puer Freaks dohinner. Virun 2 Joer sollten se op Letzebuerg kommen an hun ganzer 50 Ticket'en verkaaft. Sie sin schlussendlech och doheem bliwwen;-))) Virun Joren hun se regelmässeg hier 1000 Léit ugelackelt, lo hun hier Venten sech verzengfacht, an sie spillen virun bis zu 5000 Léit an Südeuropa. Ween Coldplay, Pink Floyd an Beach Boys (no joke) gutt fennt so dohin.
www.porcupinetree.com

21 novembre 2005

Panorama



Des Serie hutt dir schons kennen op www.photon.lu bewonneren. Eng sélectioun befennt sech och op www.tomlucas.net. Hei de Versuch vun enger theoretescher Approch, déi am Kapp schons laang stattfonnt huet, mae et nie op d'Pabeier respektiv op den Ecran bruecht huet:

fir ganz préziis ze sin muss een kloerstellen dat ech sech emmer verschidden thematesch Approchen handelt déi awer eng Zort Dénominateur commun hun,; mae alles der Rei no:
et ass eng Zaitrees an d'Vergaangenheet, den noen souwéi de waiten Passé. Eng Siich no Iwerreschter an Zaitzeien, Geeschter an Gespenster, och déi eegenKandheetserrennerungen; Elementer déi vielleicht eng Keier kloer woren, awer lues an lues erem vergiess an verdrängt goufen. Een Ausflug zereck, een driften duerch Zait a Raum.

Eischtens: d'Zeitzeien. Wéi ass eis Wahrnehmung vun der Vergaangenheet? Ass an bleiwt eist Geschichtsverständnis linear oder zyclesch? Wéi eng Bezéihung sin mir capabel ze iewen an erliewen?

Zweetens: d'Geeschter. Nee keng Angscht, Sie doen Iech naischt;-) Déi eischt Joerzengten vun der Fotografie woren d'Zaitalter vun de Pionéier, den Chercheuren, den Freaken an den Charlatanen. Gemeinsam hun sie alleguer eng Herzerfreschend Naivitéit, déi ech bewonneren. Waat kann d'Fotografie festhaalen an waat net? Nee, nee, ech well keng Geeschter afaenken, mae eischter déi Plaatzen besichen, wou ech sie vielleicht untreffen. Déi Plaazen, wou een mat Momenter een mulmecht Gefill huet, sech heinasdo emdréit. Et ass immens schwéier de Paysage photographique hautdesdaags unzegoen, ech mengen natiirlech net den Paysage urbain, ech interesséieren mech momentan net dofir, mae den Paysage ennert senger Urform.

Drettens: d'Kandheetserrennerungen. Ech wees ech kommen oft op dest Thema zereck. Enner verschiddenen Formen. Arbescht mat verschiddenen Objekten, d'Sich ass net esou einfach; d'Erennerungen kommen wann se wellen, net wann e grad eng Kamera dobei huet.

Fir et mam Fachjargon ze bennen: et ass eeng naivt Spill mam fotografeschen Index, daat ganzt an eng surreal waarm an oft kontrastéiert Luucht gesaat. D'Bewegungen vun der Kamera sin wéi d'Driften vun eisen Bewosstsinszoustänn, e ständegt hin an hier, deen eis Detailer weisst an aanerer verstoppt. Mat Fanger op eppes weisen an awer eppes anescht mengen. Oder d'Ausso ganz ze verweigeren. Loost Iech net eranléen!

D'Approche ass souwuel esthétesch wéi metafotografech. Souguer dem Fotograf seng Technik gehéiert der Vergangheet un, et soll awer kee nostalgeschen Rebleck sin, eischter een laeschten Otemzuch virum Sprong. Maachen mir eis keng Hoffnungen driwwer, d'Technik diktéieren eis méi oder manner direkt eis Art a Weis ze schaffen, sie steet am direkten Zesummenhang mat der Entweckelung vun der Fotografie. Et huet kee Waert frou oder traureg doriwwer ze, et soll e sech der Problematik just bewosst sin. Eisen Choix vun Themaen waert sech veränneren, souwéi och eis esthétesch Approch.

Just heiansdo, jo heiansdo wenken eis déi aal Geeschter zou.

19 novembre 2005

Luxpost

Huhu, haat dest baal vergiess, sin awer och ze houffreg et fir mech ze behaalen.
Laeschten Weekend woor een Artikel iwert main Blog an der Luxpost, bon, un sech nemmen een, zwee Abschnitter an enger Artikelsérie iwert letzebuerger Blogs. Merci Luxpost! Fir d'Publicitéit.

17 novembre 2005

shuffle playlist

haat déi laescht deeg net allzevill Zait eppes ze schreiwen, dofir lo mol nemmen kuerz een Ableck an meng Playlist um IPOD Shuffle:

Porcupine Tree: divers
Aphrodite's Child: 666
Hidria Spacefolk
System 7: Golden Section
Genesis: live bootlegs
Chroma Key: alles


Nach e Wuert zu Porcupine Tree, eng fantastesch neo-psy Grupp aus good old England. Hier eischt Albumen haaten nach en evidenten Pink Floyd Afloss, déi nei hun e ganzen Koup nei Afless, heiansdo och e bessel méi haard.
Op jidfer Fall den 2 Dezember sin sie am Atelier, don't miss this, ech freen mech schons wéi e klengt Kand. Leit déi Coldplay, Radiohead, Pink Floyd mat Heavy-Elementer gaer hun sollen onbedengt laanschtkommen

www.atelier.lu
www.porcupinetree.com

14 novembre 2005

from the archives


classeur 13 , manifestion contre la guerre en Iraq

10 novembre 2005

from the archives


Des Foto ass ziemlech rezent, vun engem Mettelalterfest desen Hierscht. Ech hun et interessant fonnt mol eng Keier an enger Gamme vun Tounwaerter ze schaffen.

07 novembre 2005

from the archives


eng aal planche-contact vun 2002, classeur13, planche 28, e puer mierscher fotoen, ech hun keng foto vun deser planche vergreissert, mae waat net ass kann nach emmer kommen.

anyway, ech hun mer firgeholl mol méi oft an de schwaarzweiss Labo ze goen an d'Classeuren 11 bis 15 vergréisseren; ech hun laescht Woch ugefaang 18X24 resp 18X18 Tirages de lecture ze maachen, wann ech dese Wanter nach dozou kommen, vergréisseren ech och schons e puer op 30X40, soss ass et eben fir naechste Joer. Dir kritt also an de naechsten Wochen a Méint vill Auschnetter aus Planche-Contacten ze gesin, mae och déi eng oder aaneren Foto. Be prepared!

06 novembre 2005

ILL Festival: Petits Mensonges entre Amis (4. und 5. November)

Daat hei soll net onerwähnt bleiwen:woor e samsdeg op den ILL Festival op Esch an d'KUFA.
E Riesenarbescht huet sech d'Equipe vun ILL gemeet, all Respekt
Main Photon.lu Kolleg Christian Neuman ( http://www.focusart.com/) huet sain Film "She. He. It. " am Kinosch firgestall. Ween et verpasst huet ass selwer Schold. ExzellentArbescht!
Haat natiirlech net d'Méiglechkeet all Interventioun deen Owend ze verfolgen, den Ofschlussconcert hun dun Moussevingt an Chief Mart's gemeet, momentan mat déi zwee interessantsen an innovativsten Gruppen am Land.
Eng wonnerbar Experienz!


http://www.ill.lu
http://www.chiefmarts.cjb.net/
http://www.moussevingt.net/

04 novembre 2005

from the archives



ech verroden naischt weideres zu desen Fotoen, eng Arbescht un der ech momentan schaffen seit ech main Flexbody hun. d'Naechst Joer ass vielleicht eng Austellung, loosst iech iwerraschen.

03 novembre 2005

ZARA la vampire













Ech kann mengen gudden Kolleg Mich net genuch merci soen dat hien virun Joeren e BD'en vun der Série "ZARA la vampire" mat op Leck bruecht huet. Mir sin lues a lues zu richtegen Experten a Sammler vun deser BD adulte aus den 70er gin.
D'Zara ass een Titre deenzesummen mat villen aaneren Schundcomics bei der Editions Elvirfrance erauskomm ass. De Cover as oft schlecht gezeechent, d'Story selwer, an schwaarz-weiss, huet et awer an sech.
D'geschicht handelt vun der jonker Zara Pabst, déi vum Dracula gebass get, selwer zur Vampirin get, an eleng oder zesummen mat hieren Bi-Frendin Frau Murder déi bizarrst Aventuren erliewt. Wann ech matkréien dat Leit sech dofir interessseieren, posten ech méi oft Scans aus der Série. Wann verschidden Extrait'en IEch schons ze vill wait gin, sorry, soot mir och Bescheed, ech haalen desen Hobby dann secret;-)))
Ajo, et feelen mir nach allerhand Episoden, wann dir der nach um Speicher hut, mellt iech. Irgendwann plangen dann den Mich an ech an Zara la vampire Website.
affaire à suivre deemno;-)

25 octobre 2005

from the archives


eng kleng Photo déi e besschen an d'Hiechtstemmung passt déi ech iwerall feststellen.
Et woor een Thema wat ech wollt ufaenken, wou ech ziemlech schnell haenken bliwwen sin, et geet méi em d'Ambiance, d'Luucht etc. Eng Zort Recherche déi ganz iwerraschend Resultater brengen kann. Anyway, il faut...
Den Dream Theater Konzert wor excellent, all Respekt, d'Setlist wor een Lidd vun all Album, net emmer meng Lieblingsstecker mae d'Stemmung woor super.
Hun geschter décideiert mir endlech den Ticket fir Porcupine Tree am Atelier ze kaafen, fir Dezember, also ween do net hingeht ass selwer Schold! Ech zielen iech eng aaner Kàier nach méi vun Porcupine Tree.

21 octobre 2005

from the archives


#classeur13 planche28 2002 zu Pëtten bei Miersch

ech sin den weekend deck ennerwee, mol eng Kéier;-), als eischt Kaffiskränzchen zu Namur, duerno owes op Saarbrecken fir Dream Theater kucken ze goen. Ouerestepp daerf ech net vergiessen, get bestemmt haard. Déi rocken wéi Sau, lo ass et schons 10 Joer hier baal, dat ech se fir d'eischt kucke woor. D'get een aal!

18 octobre 2005

playlist Oktober 05

ech erzielen iech regelmässeg waat graad op mengem Ipod leeft, oder am Auto, oder an der Stereosanlaag.

Dream Theater: Octavarium
Van der Graaf Generator: Present
Lamb: Remixed
The Mars Volta: Frances the mute
Gorecki: Symphonie Nr3

check it out

een gudden Tipp fir daat eent oder aaner Prog-Lidd legal erofzelueden:
www.progarchives.com (ganz vill Reviews zu Prog, Psychedelic, Space Rock, Hard Rock, RIO, Krautrock asw)

14 octobre 2005

from the archives










Eng hochzaitsfoto, meng sammlung ass voll domat (nee ech maachen keng hochzaiten méi!)
d'open-flash fotoen vun owes well irgendwann fir eng Arbescht benotzen, am Panoramaformat, faarweg an schwaarzwaiss. Let's dance

12 octobre 2005

from the archives



Ech waert an Zukunft net nemmen eenzel Fotoen aus mengen Archiven weisen mae och Ausschnëtter vun Planche-Contacten. Vill méi interessant, an och vill méi intim verroden des Ausschnëtter heiansdo méi iwert de Fotograf an seng Art a Weis ze schaffen. Heiansdo erkennt dir een zesummenhaengend Thema, déi rezent Fotoen sin awer meeschtens mat der aaler Leica geholl, déi ech als Art Notizbloc benotzen.
Haut: Classeur 15 (den Aktuelsten) Planche 2, Lëck an Miersch, Septembre 2005

09 octobre 2005

Glennkill vum Leonie Swann

Ech setzen am Moment hei op d'Wahlresultater ze waarden an mengem klengen Nascht, ech erspueren Iech awer allerlee politesch Usiichten an Iwerzeegungen. Pest oder Cholera? Mol kucken waat kennt. Ech hun haut eppes vill besseres:

Ein Schafskrimi:

Decke Merci un d'Jenny fir den Tipp, ech haat souvill Freed desen speziellen Krimi iwert Schof, déi sech op d'Sich nom Märder vun hirem Hiirt maachen, ze liesen.
Witzeg erzielt, aus der Siicht vun de Schof, ass dest net nemmen een amüsanten Roman fir Schofsfrenn wéi mech. Ech haat Tréinen an den Aan beim liesen!!!

Wann een vun Iech aenlech Bicher kennt, w.e.g. weidersoen, zumols mir;-)

Kucks du hier:
http://www.amazon.de/exec/obidos/ASIN/3442301297/qid=1128267973/sr=8-1/ref=sr_8_xs_ap_i1_xgl/028-2775470-4208512

Hei een Kommentar vun Amazon geklaut:

"Kurzbeschreibung: Schafe, und wie sie die Welt sehen:
„Glennkill“ ist warmherzig und witzig, spannend und ironisch, tiefsinnig und
voller Überraschungen! Eines Morgens liegt der Schäfer George Glenn leblos im
irischen Gras, ein Spaten ragt aus seiner Brust. Die Schafe von George sind
entsetzt: Wer kann den alten Schäfer umgebracht haben? Und warum?
..."

06 octobre 2005

from the archives



Wei versprach: eng Foto aus den Archiven, ech muss zougin ech sin net emmer daat organisatorescht Talent daat ech gaer wier. Heiansdo maachen ech dann Angaben, heiansdo och net. D'biller kennen aus enger aaler oder rezenter Série staamen, oder einfach eng Knipsfoto mat der aaler Leica déi iwerall matgeet. Vun Zait zu Zait waert ech och Erklaerungen dobai schreiwen, verloost Iech awer net drop. Wann iirgendwéi méiglech, erwähnen ech wou d'Opnahm sech am Archiv befennt.

Haut: Veianen (Vianden, Luxembourg) Classeur 13, version digitalisé classeur 14, été 2003

04 octobre 2005

Projet: "Houses"



Ech schaffen sait desem Summer un engem Projet iwert Heiser zu Letzebuerg, hier Eegenart, hier Faarwen, Dekoratiounen, Gaart asw. De Projet huet just dem Arbeschtstitel "Houses" oder "Luxhouses". D'Biller sin carré an des Arbescht soll opmanst nach 2 Summer weidergoen. Ech hun schons eng 30 Fotoen realiséeiert, eng Sélectioun kennt geschwenn op www.photon.lu stoen, an der Zweschenzait kennt dir eng Foto vum Projet als Photo of the Week op Photon.lu gesin.

Well iech aer Heiser esou wichteg an interessant sin, wollt ech iech froen mir Bescheed ze gin wann dir aert Haus vun mir geknipst (hun daat Wuert deck gaer;-) ) wellt hun. Am Léiwsten faarweg Facaden (orange, rout, blo), leschteg Detailer oder soss Elementer déi mech kennen iwerraschen. Een klengen Print sprengt natirlech och fir iech eraus, also...net zecken. Contrairement zu deem waat verschidden Leit mengen huet de Projet keng sozialkritesch Komponent (Wunnengsnout blabla Praiser blabla), opmanst net dat ech wéisst, mae ass haaptsächlech een dokumentareschen Projet iwert eng letzebuerger Eegenart.

01 octobre 2005

Expo Photo an Rockhal

Woor geschter laang ennerwee: als eischt op eng formidabel Fotosaustellung vun letzebuerger Fotografen (enner aanerem e puer Frenn vun Photon.lu) an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng. Daerft diir net verpassen, gaaanz flott Themaen. Wonnerbar.

Link:http://www.galeries-dudelange.lu/ an http://www.photon.lu


No engem sympatheschen Iessen ass et dunn op Esch an d'Rockhal gaang. Mir sin ziemlech spéit ukomm, mae nach zur Zait fir déi formidabel Chief Mart's net ze verpassen. Hir krank Meschung aus 70' Psychedelic, Prog-Elementen meets Reggeagrooves an Postrock-wahnsinn ass genial. Muss hier nei CD onbedengt kaafen. Schued dat net vill Leit an déi nei Rockhal gaang sin. Dir hut eng verpasst.

Link:http://www.chiefmarts.cjb.net/

30 septembre 2005

CD vun der Woch: Van der Graaf Generator: Pawn Hearts


Ech probeieren iech vun zait zu zait déi eng oder aaner Merveille ze présentéieren. Mengen Gôuten sin ziemlech ennerscheedlech. Vun Prog, Psychedelic, Electro, Ambient,Drum'n Bass, World Music, Metal.
Des CD huet mir emmer gefeelt an menger Sammlung. Sie ass elo Remastered erauskomm, mat vill besserem Klang (déi urspünglech original CDhat e miesen Sound) an natiirlech e puer Bonustracks.
Waat soll ech soen, den Peter Hammill huet déi wahrscheinlechst aussergewéinlech Stëmm déi et get. D'Musek: Prog, mat vill Jazz-Rock Elementer, einfach sick. Lauschtert emol eran an dir wesst endlech bei weem Radiohead klauen gin;-)
"A Plague of Lighthouse-Keepers" ass wahrscheinlech hieren ultimativen Longtack. Wann dir wellt d'Frendinn oder d'Schwéiermamm lassginn, dann heimat.
Gitt de babyblauen Link kucken, eng wonnerbar Sait mat Reviews op déi ech wahrscheinlech des öfteren hinweisen.

Link: http://www.babyblaue-seiten.de/index.php?albumId=1545&content=review&left=alpha&top=reviews&alpha=v

Et wor emol e Schof...



laang iwerluecht op ech dest wéilt maachen, ech wees net waat mech schlussendlech iwerzeecht huet, op jidfer fall, hei ass se: de blog dee kee Mensch brauch.
Waat waart dir hei fannen?
Photoen of course, eventuellement déi déi net op www.tomlucas.net oder www.photon.lu passen.
Virstellungen vun Bicher, Cd'en, Filmer. Schoof natiirlech net ze vergiessen, waat wier eis Welt ouni Schof? Heinansdo och eppes perséinleches, falls ech mech trauen.
Déi meescht Texter waerten op lëtzebuergesch sin, Schreiwfehler sin wuel net ze évitéieren.

Take care