21 novembre 2005

Panorama



Des Serie hutt dir schons kennen op www.photon.lu bewonneren. Eng sélectioun befennt sech och op www.tomlucas.net. Hei de Versuch vun enger theoretescher Approch, déi am Kapp schons laang stattfonnt huet, mae et nie op d'Pabeier respektiv op den Ecran bruecht huet:

fir ganz préziis ze sin muss een kloerstellen dat ech sech emmer verschidden thematesch Approchen handelt déi awer eng Zort Dénominateur commun hun,; mae alles der Rei no:
et ass eng Zaitrees an d'Vergaangenheet, den noen souwéi de waiten Passé. Eng Siich no Iwerreschter an Zaitzeien, Geeschter an Gespenster, och déi eegenKandheetserrennerungen; Elementer déi vielleicht eng Keier kloer woren, awer lues an lues erem vergiess an verdrängt goufen. Een Ausflug zereck, een driften duerch Zait a Raum.

Eischtens: d'Zeitzeien. Wéi ass eis Wahrnehmung vun der Vergaangenheet? Ass an bleiwt eist Geschichtsverständnis linear oder zyclesch? Wéi eng Bezéihung sin mir capabel ze iewen an erliewen?

Zweetens: d'Geeschter. Nee keng Angscht, Sie doen Iech naischt;-) Déi eischt Joerzengten vun der Fotografie woren d'Zaitalter vun de Pionéier, den Chercheuren, den Freaken an den Charlatanen. Gemeinsam hun sie alleguer eng Herzerfreschend Naivitéit, déi ech bewonneren. Waat kann d'Fotografie festhaalen an waat net? Nee, nee, ech well keng Geeschter afaenken, mae eischter déi Plaatzen besichen, wou ech sie vielleicht untreffen. Déi Plaazen, wou een mat Momenter een mulmecht Gefill huet, sech heinasdo emdréit. Et ass immens schwéier de Paysage photographique hautdesdaags unzegoen, ech mengen natiirlech net den Paysage urbain, ech interesséieren mech momentan net dofir, mae den Paysage ennert senger Urform.

Drettens: d'Kandheetserrennerungen. Ech wees ech kommen oft op dest Thema zereck. Enner verschiddenen Formen. Arbescht mat verschiddenen Objekten, d'Sich ass net esou einfach; d'Erennerungen kommen wann se wellen, net wann e grad eng Kamera dobei huet.

Fir et mam Fachjargon ze bennen: et ass eeng naivt Spill mam fotografeschen Index, daat ganzt an eng surreal waarm an oft kontrastéiert Luucht gesaat. D'Bewegungen vun der Kamera sin wéi d'Driften vun eisen Bewosstsinszoustänn, e ständegt hin an hier, deen eis Detailer weisst an aanerer verstoppt. Mat Fanger op eppes weisen an awer eppes anescht mengen. Oder d'Ausso ganz ze verweigeren. Loost Iech net eranléen!

D'Approche ass souwuel esthétesch wéi metafotografech. Souguer dem Fotograf seng Technik gehéiert der Vergangheet un, et soll awer kee nostalgeschen Rebleck sin, eischter een laeschten Otemzuch virum Sprong. Maachen mir eis keng Hoffnungen driwwer, d'Technik diktéieren eis méi oder manner direkt eis Art a Weis ze schaffen, sie steet am direkten Zesummenhang mat der Entweckelung vun der Fotografie. Et huet kee Waert frou oder traureg doriwwer ze, et soll e sech der Problematik just bewosst sin. Eisen Choix vun Themaen waert sech veränneren, souwéi och eis esthétesch Approch.

Just heiansdo, jo heiansdo wenken eis déi aal Geeschter zou.