24 janvier 2006

bumm bumm bommeléer

D'Opreegung wor de Moien grouss: D'Police huet geschter Perquisitiounen bei RTL gemeet, anscheint am Kontext vu der Affaire Bommeléer. Ween sech d'letzebuergesch Télé heinansdo ukuckt wees wahrscheinlech, dat den Télésender regelmässeg am Kontext vum 20sten "Anniversaire" vun deser traureger Affaire (hun an desem Blog schons dovun erzielt) ee Reckbleck brengt wou och Zeitzéien zu Wuert kommen. Daat ganzt get leider zeimlech reisseresch présentéiert, dréit awer wuel och dozou bei dat d'Affaire net vergiess get wéi sech eis Autoritéiten dat wahrscheinlech wenschen.
Natiirlech stellen sech engem direkt eng Rei Froen no desem dach iwweraschenden Erweschen vun der Police:
- Waat wees RTL wiirklech? Ass et alles e grousse Bluff oder hun sie nei Donnéen?
- Kann RTL nei Infoen gin déi dozou beidroen dat déi schëlleg endlech fonnt gin?
- Brauch d'Police déi Donnéen iwerhaapt?Oder hun sie se etwa schons laang?Firwat dann d'Perquisitioun?

De Metteg dann nei Infos zur Affair. Offiziellen Informatiounen no get et em den Hacker den der Police hier Bommeléer Email am November geknackt huet.an sech beiRTL gemellt haat. Dofir kruten geschter net nemmen RTL mae och verschidden letzebuerger ISP Besuch vun der Police. Dat dest Virgoen awer e groben Verstouss géint de Quellenschutz ass, lait op der Hand:
Wéi ass et méiglech dat naischt am tatsächlechen Dossier "Bommeléer" geschitt obwuel Zeien do sin, an op der aanerer Sait sin verschidden Stellen méi préissert rauszefannen wéi e klengen Hacker d'Email "geknackt" huet (anscheined haett esouguer een 3jähregen zereckbliwwend Hierschtschof d'Passwuert eroden). Pech natiirlech fir den arme Schüler, Student, Journalist, Hobbyhacker asw deen elo deck Problemer kritt.

Affaire à suivre deemno, wahrscheinlech gin als nächst Blogs zougemeet wann eppes konkretes iwert de Bommeléer drasteet. (nee, nee , keng Angscht, ech wees net wien et ass...ech hulen och un dat och keen et géif an e Blog schreiwen wann en et wéisst...géift dir iech trauen???)