03 février 2006

Fotobuch





Virun Kuerzem wor een interessanten Artikel an enger Fachzeitschreft iwert "Print on demand" Fotobicher an déi jeweileg kommerziell Ubidder.
Et ass hautdesdags méiglech Bicher an ganz klenger Qualitéit drecken ze loossen, z.b. nemmen een Exemplar. Falls Dir Fotofreak sidd ass dest eng flott Iddi fir sengen Léiwsten e Cadeau ze maachen.

Ech hun mir een vun den Ubidder erausgesicht an een eischten Test gemeet. Beim Ubidder www.myphotobook.de sinn d'Bicher quadratesch an ongeféiert 18x18cm grouss. Et gin verschidden Finitiounen mat verschiddenen Saitenzuelen. Fir main Test hun ech een Softcover geiwelt mat 72 Saiten. Mat Versand hun ech ongeféier 40 Euro bezuelt.
D'Resultat kann sech weisen loossen, och wann d'Qualitéit natirlech net un een deieren Quadri-drock erunnreecht, kann ech des Solutioun fir eng Ausstellungsbrochure, een Dossier fir eng Galerie, e Cadeau asw nemmen recommandéieren.

Ech bidden am mengen Buch eng Zort offline Versioun vun menger (am Moment wéineg aktiver) Internetsait un. Leit déi keen Internet hun, oder sech selten mam Internet beschäftegen waarten wuel koum meng Sait besichen, d'Buch kennt hinnen hellefen meng Arbescht kennenzeléieren. Daat Schéinst ass dat ech emmer nemmen e Buch drecken, wann een Interessent do ass. De Praiss, deen just d'Onkäschten deckt, ass dofir leider konkurrenzlos deier bei 40 Euro. Falls dir firwetzeg sidd, maellt Iech bei mir.