27 mars 2007

Stalins Retuschen

Stalins Retuschen. Foto- und Kunstmanipulation in der Sowjetunion
vum David King

ISBN-10: 3930908336

E Buch iwert eng daischter Epoque. De Genosse Stalin woor wahrscheinlech den eischter Herrscher den systematesch op Fotomanipulatioun zereckgegraff huet fir e Bild vun sech ze schaffen.
Net nemmen huet hien sech selwer idealiséiert, mae seng politesch Konkurrenten an Kontrahenten sin lues awer secher op Archivfotoen geschwaertzt gin oder systematesch ausradéiert.
Dobai sin fanszinéierend grujjeleg Fotoen entstaan, wou Personnagen einfach ophaalen ze existéieren, an just heinansdo verréit een Schied oder en Ielbou nach eppes vun der Originalfoto.
Op emol steet zB net méi den Trotski niewt dem Lenin op Revolutiounsbiller mae den Haer Stalin, deen op Originalfotoen mindestens 3 Reihen méi hannen stoung. Aus engem Matleefer aus der 2. Rei get en vun den brutalsten Diktator deen d'laescht Joerhonnert gesin huet. Wann een dann wees dat verschidden Gesiichter net nemmen op publizéierten Fotoen verschwonnen sin, mae d'Leit oft aus Angscht d'Kàpp vun Dissidenten selwer aus privaten Bicher an Dokumenter erausgeschnidden hun, leeft et engem kaal de Rëck erof.
D'Buch ass een Sammelsurium vun skurrillen Biller aus den 20er an 30er Joren vum 20. Joerhonnert, eng kuerzweileg Lecture déi en Iwerbleck get waat mat Retuschpinsel, Skalpell an Airbrush schons alles méiglech woor.
Leider kennt d'Buch an senger Opmaachung e besschen "cheap" eriwwer, d'Grafik an Mise en page sin grausam, an heiansdo géif den Lieser sech awer e besschen méi historesch Déift wenschen, oder zB Informatiounen wéi deemols effektiv an deenen Retouche-Atelier'en geschafft gouf.