30 juin 2007

Kazuo Ishiguro: Auprès de moi toujours

Immens verstéierend hun ech main eischten Roman vum Auteur Ishiguro.
D'Story erzielt reckbleckend eng Geschicht vun enger anscheinend friddlecher an erfelltenen Kandheet an engem englechen Internat.
Lues awer secher iwwerkennt den Lecteur een héichbeklemmend Gefill, well esou niewenbéi Detailer an Elementer un d'Liicht kommen, wou een sech seet: WTF, Elementer déi eigentlech net eiser Wirklechkeet entspriechen.

***Spoiler***(sélectionnéieren fir weiderzeliesen...op eegen Gefoor)

Onspektakulär ass dem Auteur sain Stil, onspektakulär (am positiv Sënn vum Wuert) ass och Geschicht déi eis bebrengt, dat ech sech bei den Kanner em naischt aanescht handelt wéi menschlech Ersaatzdeellager, also Klonen, fir Organer hirzeginn, an enger Welt déi sou schons Mett vum 20. Jorhonnert faerdeg bruecht huet den Kriibs ze besiigen. Onspektakulär wéi déi jonk Leit hiert Schicksal hinhuelen, onspektakulär och wéi den ganzen medizineschen System dem Lecteur erklärt get.

***End Spoiler

Am Fong ass et déiselwescht Absence vun Emotioun, Spannung, déi deser Geschicht hier grouss Stärkt ausmecht an se sou onerträglech mecht!