19 juillet 2007

back from Paris

Wor e puer Deeg op Parais setzen, jo jo, d'Welt hält net hanner Schëndels op;-))
Anyway, Fotoen hun ech net vill gemeet, dofir awer vill duerch d'Stroossen spazéiert, op der Sich no engem Schnäppchen, an ech hun eng Valiss mat Fotobicher matheembruecht;-)))Nice!

Wann dir an den nexten Deeg nach an d'Belle-Etoile gidd, kennt dir zwou bekannten Fotoen vun mir aus der Serie "Forteresse" um Stand vun den Festungsfrenn entdecken. Ze kaafen get et des grouss Print'en awer an der Usina an der Porte-Neuve an der Staadt. Fir den méi klengen Portemonnaie fannt dir an der Belle-Etoile awer trotzdem en sympateschen, klengen Print, gitt luussen op se net schons vergraff sin.