Fortsetzungromaner (oder besser Fortsetzung vun Romaner) sind halt esou eng Saach. Heiansdo get en d'Gefill net lass dat et nemmen een Firwand ass fir op vergaagenen Erfolleger opzebauen. Don't worry, beim Saramago hun ech des d'Gefill eben net, obwuel sech dem Lieser vielleicht Ufanks erem d'Fro stellt op desen immens interessanten Roman net och fir sech kennt stoen, ouni d'Unnäherung un "Die Sadt der Blinden", sain wuel bekannst an wichtest Buch.
Well, zur Saach:
Et ass wéi emmer ee klasseschen Saramago gin. En Element, an desem Fall en Evenement geheit eng Uerdnung op d'Kopp, an Menschen gin mat desem Geschéihen gefrontéiert.
Am eischten Deel sin all d'Awunner vun enger net weider genannter Stadt an kuerzer Zait blann (am Prinzip handelt sech em Lissabon, mae den Saramago get weder Stiedt nach Protagonisten en Numm).
An deser Fortsetzung, déi e puer Joer méi spéit ugesiedelt ass, sin Wahlen, an 80 Prozent vun den Awunner gin en waissen Ziedel of.
Den Roman hellt dest als Ausgangspunkt fir eng spannend politesch Erzielung, déi ass em e weideres kloer mecht wéi wait eng Authoritéit kann goen fir gewessen Zieler duerchgesaat ze kréien, an wéi instabil eis gesellschaftlech Uerdnung dach ass. Ween dem Saramago sain onprézisen, langootmegen Stil net stéiert, soll hei onbedengt ranluussen, w.e.g. awer d' "Stadt der Blinden" als eischt duerchhuelen. Fir Politiker ass dest Wierk souwiesou Pflicht.