30 mars 2007

Dream Theater @ the Rockhal

Vendredi, 15 juin 2007

Reservéiert Iech deen Datum.
Jojo, sin de Moien baal vum Stull gefall: Dream Theater kommen zereck op Letzebuerg, des Kéier net an enger Sportshal, mae an den hellegen Maueren vum grousse Sall vun der Rockhal.
Ech sinn méi wéi firwetzeg wéi d'Soundperfektionisten aus den States am grousse Sall klengen. Hoffneltech kréien sie den Sall eenjermoossen voll. Dir musst wessen dat Dream Theater laang meng absolut Faves wooren, siee woren et déi an den 90er Joren den Prog-Fändel héischgehaal hun, an sie hun och den Revival vun de laeschten Joeren reischt méiglech gemeet, andeem se net nemmen zwou Generatiounen vun Fans zesummenbruecht, mae och Metallfreaks an Mainstreamlauschteren glaichvill zum staunen bruecht. Wann een dann nach wees, dat déi Haeren ronderem den Kultbatteur Portnoy emmer erem eng Iwweraschung am Ärmel hun, get et eigentlech keng Excuse méi net an d'Rockhal ze pilgeren an sech Metropolis op d'Long ze zéien. Prog On! Bravo Rockhal! Hoffen mer dat DT-Enkelkanner The Mars Volta oder Coheed sech endlech begannen duerch Europa ze touren, vielleicht maachen sie jo dann och e Stopp bei eis.

27 mars 2007

Stalins Retuschen

Stalins Retuschen. Foto- und Kunstmanipulation in der Sowjetunion
vum David King

ISBN-10: 3930908336

E Buch iwert eng daischter Epoque. De Genosse Stalin woor wahrscheinlech den eischter Herrscher den systematesch op Fotomanipulatioun zereckgegraff huet fir e Bild vun sech ze schaffen.
Net nemmen huet hien sech selwer idealiséiert, mae seng politesch Konkurrenten an Kontrahenten sin lues awer secher op Archivfotoen geschwaertzt gin oder systematesch ausradéiert.
Dobai sin fanszinéierend grujjeleg Fotoen entstaan, wou Personnagen einfach ophaalen ze existéieren, an just heinansdo verréit een Schied oder en Ielbou nach eppes vun der Originalfoto.
Op emol steet zB net méi den Trotski niewt dem Lenin op Revolutiounsbiller mae den Haer Stalin, deen op Originalfotoen mindestens 3 Reihen méi hannen stoung. Aus engem Matleefer aus der 2. Rei get en vun den brutalsten Diktator deen d'laescht Joerhonnert gesin huet. Wann een dann wees dat verschidden Gesiichter net nemmen op publizéierten Fotoen verschwonnen sin, mae d'Leit oft aus Angscht d'Kàpp vun Dissidenten selwer aus privaten Bicher an Dokumenter erausgeschnidden hun, leeft et engem kaal de Rëck erof.
D'Buch ass een Sammelsurium vun skurrillen Biller aus den 20er an 30er Joren vum 20. Joerhonnert, eng kuerzweileg Lecture déi en Iwerbleck get waat mat Retuschpinsel, Skalpell an Airbrush schons alles méiglech woor.
Leider kennt d'Buch an senger Opmaachung e besschen "cheap" eriwwer, d'Grafik an Mise en page sin grausam, an heiansdo géif den Lieser sech awer e besschen méi historesch Déift wenschen, oder zB Informatiounen wéi deemols effektiv an deenen Retouche-Atelier'en geschafft gouf.

14 mars 2007

tracklist March 2007

Hoohee, D'Fréijoer steet virun der Diir, kriwwelt et schon???
Anyway, hei een klengen Shuffle duerch den Ipod:

Anekdoten: Seljak
Autechre: Basscadet
Genesis: keep it dark
Primus: Sgt Baker
Dvorak: Cello Concerto in B-Minor
Twelfth Night: The poet sniffs a flower
Lord of Mushroom: Pride
Poor Genetic Material: ...Or right Ahead
Heather Nova: Maybe an Angel (live)

Maacht Iech Blummen an d'Hoer!

10 mars 2007

Larry Sultan + Mike Mandel : "Evidence"

Net zulescht dank dem Martin Parr senger Bibel iwert d'Geschicht vum Fotobuch faenken ech (hoffentlech) selwer erem un mech méi, an méi oft, mat Fotobicher ze beschäftegen. Et get vill ze maachen.

Anyway, des Woch ass "Evidence" ukomm, e Buch editeiert vum Larry Sultan + Mike Mandel. Sin selwer sin net d'Auteuren vun desen Fotoen, sie hun villméi d'Fotoen an Archiven vun Institutiounen, Ministèren, Associatiounen asw zesummengesicht.
Heichinteressant op jidfer Fall wéi des Fotoen fonctionnéieren, wéi de Lecteur probeiert sech een Lien teschend de Biller ze créeéieren, an een eventuellen Senn hannert den bizzarr-surrealen Opnahmen ze entdecken. Dobai waar hier ursprünglech Funktioun emol en Fait ze dokumentéieren, zB een Accident de Route.
Well ech natiirlech selwer ganz interesséiert un der Notioun vun "Dokument", an sengen Funktiounen sin, sin ech natirlech immens begeeschtert vun desem Buch. aus den 70er Joren.
D'Konfrontatioun vun Objektivitéit an Détournement, d'Détouréieren vum Formellen duerch daat Surrealt léisst hoffentlech net nemmen Fotografen perplex. Wahrscheinlech funktionnéiert d'Method esougudd well et den Medium d'Fotobuch ass, et verlaangt eng Lecture vum Konsument, Sait fir Sait. Schlussendlech ass d'Bild wahrscheinlech einfach daat waat mir wellen waat et ass. Gleewt kengem Fotograf, Editeur oder Artist, sie léien alleguer;-))) Waat 1977 (Erscheinungsjoer) schons funktionnéiert huet, funktionnéiert mengen ech haut nach genausougudd.

02 mars 2007

Blackfield

Uhu, Blackfield II ass do!!
Dir wesst nach dat ech een All-time Porcupine Tree Fan sin, des groussarteg psychedelic proggy Band vum Mastermind Steven Wilson. Blackfield get leider fälschlescherweis oft als Softversion vun PT, als "PT für Arme" bezeechnet. Dobai sin sie (Blackfield sin den Steven Wilson an den Aviv Geffen) déi wuel melancholeschsten Popband vun eiser Zait. Hier 2 Disquen daueren meeschten mol keng 40 Minuten, hier Lidder sin knapps 4 Minuten kuerz, an haalen op,ier et bei aaner Bands iwerhaapt mol richteg lassgeht...an dach ... et klappt. All Lidd ass een séis-sauren Ouerwuerm, traureg, melancholesch, dat engem Loscht get vun déiftser Séil matzesangen. Ech erlaaben mir aus dem zweeten Link ze citéieren: Eng enger perfekter Welt wieren déi eischt zeng Plaatzen an den Charts mat 10 Blackfield Songs besaat. 10 Punkten! Kaafen!


http://www.babyblaue-seiten.de/index.php?albumId=3722&content=review&left=alpha&top=reviews&alpha=b

http://www.cdstarts.de/kritiken/Blackfield%20-%20Blackfield%20II.html