08 mars 2008

Forgotten Sons: Kraan

Regelmässeg faellt de Numm vun deser Band an Interviews, Artikelen asw, mae déi Mansten kennen sech eppes dorënner virstellen, respektiv hun jemools e Steck vun hinnen héieren. Ech sin op jidfer Fall frou se entdeckt ze hun, emsou méi dat sech hier Songs regelmässeg an meng Playlists schleichen. What is it all about? German Kraut-Jazzrock géif ech mol mengen. En wibbelegen Mix aus experimentellem Krautrock aus Old Germany mat easygoing Jazzgefreckeles an engem genialen Groove vum Hellmutt Hattler sengem Bass. Zurecht get hien als een vun deenen gréissten daitschen Bassisten ugesinn. Checkt Iech hier eischt Albumen mol un, den Live Album vun 1975 ass souwiesou Pflicht.
Lauschteren : Holiday am Matternhorn an Sarah's Ritt durch den Schwarzwald

http://www.youtube.com/watch?v=0DmD9dV9G4Q&feature=related