13 avril 2008

'Jacob Holdt - American Pictures 1970-75'

Ech woor mir de Metteg déi nei Ausstellung vum CNA op Diddeleng ukucken an woor richteg begeeschtert.
Am interessantesten ass eng Ausstellung wann se de Public iwerrascht, wann een op eppes trefft waat e net erwaart. E jonken Mann léisst sech op senger Rees duerch d'USA en Fotoapparat noschecken fir daat ze dokumentéieren, wouvun en erzielt. Eraus kommen autentesch an technesch ganz exzellent Fotoen déi d'sozial Zerrassenheet vun der amerikanescher Gesellschaft aus den 70er Joren dokumentéieren. A voir!