17 juillet 2008

Desen Sonndeg: The Mars Volta am Atelier

Desen Sonndeg daerft Dir op kee Fall den Concert vun The Mars Volta am Atelier verpassen. Nodeems de Sall schons bei Coheed an Cambria hallef eidel wor, hoffen ech wiirklech dat deen een oder aaneren vun Iech de Wée dohin fennt. The Mars Volta gehéieren zu mengen absoluten Faves, eng Meschung aus 70's Psychedelia-Prog-Salsa-Emo Iergendeppes déi een muss live gesin hun. Des Jongen gin Legenden. Wann Dir bereet sidd fir en 2-3 Stonnen Kaméidi-Avantgarde Marathon iwert iech ergoen ze loossen, kommt och kucken.