18 octobre 2008

Porcupine Tree / Pure Reason Revolution @ Rockhal

Aere Schofsfrënn ass nach emmer am 7ten Himmel no engem super Concertsowend geschter an der Rockhal.
An engem ausverkaaften klnegen Sall huet als eischt Pure Reason Revolution d'Zuschauer mat hierem genialen Mix aus Art Pop, 80's meets Noise Electrosounds iwerrascht. Sin sait engem Joer en groussen Fan vun deser Band, ech hoffen sie brengen et nach wait an kennen sech bei engem Major duerchsetzen.
Exzellent Musek ass natiirlech och duerno vun Porcupine Tree gebueden ginn. En exzellenten Sound am Sall huet d'Zuschauer verwinnt, ech hun hefteg matgerockt;-))) an ween de Schofsfrenn besser kennt wees dat hien bei sou genialen Stecker wéi Normal an Trains duerchaus déi eng oder aner Tréin huet missen ennerdrecken. Méi wéi 15 Joer hun Porcupine Tree gebraucht fir zur (eenegermoossen) grousser Band ze gin déi esouwuel bei Jonken wéi Eeleren, Metaller wéi Popfans ukennt opwuel sie hieren Sound Psychedelic iwert Art-Pop zu Progmetal verännert hun.