27 août 2008
21 août 2008
16 août 2008
Pictures for free
En klengen Artikel vum laeschte Jöer:
Léiw Schäwwercher,
D´Photographie aennert sech, seng Sujet´en, seng Techniquen, seng Träger.
Oft ass e Bild am Archiv vun sengem Auteur nemmen e Fichier ennert villen. Verschidden Fotoen weisen ech oft net, well se zu engem bestemmten Moment net wiirklech eng komplett Arbescht à part duerstellen, oder de Kontext fehlt oder mir selwer net kloer ass. Sollen des Arbeschten dofir op mengem HD versaueren? De Blog ass eng Méiglechkeet Iech des Biller ze weisen, an der Vergangenheet hun ech zB Planche-Contact'en resp. Extrait'en daraus publizéiert. Eng nei Iddi ass, dBiller carrément zum Download unzebidden, Open Source Photography souzesoen. Speichert Iech des Biller bei Iech of oder dreckt se eraus, am Beschten an engem gudden Minilab oder mat engem archivfesten Tentenstrahldrucker mat Pigmentfaarwen.
http://www.tomlucas.net/temp/tomlucassixthfloor01.jpg
http://www.tomlucas.net/temp/tomlucassixthfloor02.jpg
http://www.tomlucas.net/temp/tomlucassixthfloor03.jpg
Donnéen:
Fichier jpg, RVB désaturé /adobe RVB
20x25cm, resp 25x20 cm

14 août 2008
TIME 1: watch reflections
Des Serie ass interessant awer och funny, eng kleng Ofwieselung zu den vill Doku-Saachen aus der laeschter Zait:
D'Fotografie ass andauernd am Wandel, an et wier e grousse Fehler sech deenen Verännerungen an hieren Suiten ze verschléissen. Ech hun och natiirlech och eng Pocketkamera an e Fotohandy an benotzen se och vun Zait zu Zait. Dest ass eng vun méi Serien déi ech um Laafen hun. Et ass eng Reckbesennung op de Medium selwer, an d'Luucht déi him erméiglecht ze existéieren. Selbstreferentiell, meta-macro-foto Projektiounen. Ech hun och schons eng Iddi wéi een des Série kéint présentéieren.
Fir TIME 2 sin ech op der Sich no engem Modell, weiblech, teschend 18 an 98 (99 geet och) Joer jonk, fir eng Sort Hommage ze erschaafen. (ass awer naischt fir âmes sensibles) Op et emol en TIME 3 get wees ech am Moment nach net.
11 août 2008
pictures of the week
04 août 2008
29 juillet 2008
22 juillet 2008
21 juillet 2008
The Mars Volta
Nee, haut keng Kritik zum Mars Volta Concert...et wor naemlech guer keen:-((((
Geschter géint 17h hun ech ziemlech geflucht wéi de Message koum dat The Mars Volta missten aus gesondheetlechen Grënn hiere Concert am Atelier ofsoen. Shit happens! Haat mech mega dorop gefreet...hoffentlech kommen se emol zereck.

17 juillet 2008
Desen Sonndeg: The Mars Volta am Atelier
Desen Sonndeg daerft Dir op kee Fall den Concert vun The Mars Volta am Atelier verpassen. Nodeems de Sall schons bei Coheed an Cambria hallef eidel wor, hoffen ech wiirklech dat deen een oder aaneren vun Iech de Wée dohin fennt. The Mars Volta gehéieren zu mengen absoluten Faves, eng Meschung aus 70's Psychedelia-Prog-Salsa-Emo Iergendeppes déi een muss live gesin hun. Des Jongen gin Legenden. Wann Dir bereet sidd fir en 2-3 Stonnen Kaméidi-Avantgarde Marathon iwert iech ergoen ze loossen, kommt och kucken.
Expo Jérôme Melchior & Paulo Lobo
Ab haut, an nach bis den 27/07 kennt dir an der Galerie Orion zu Ëlwen/Troisvierges (net wait vun der Gare) eng kleng awer fein Expo vum Jérôme Melchior an Paulo Lobo entdecken. D'Thema as d'Jugend vun Esch.
11 juillet 2008
23 juin 2008
08 juin 2008
Coheed & Cambria
Coheed & Cambria hun et beim drëtten Ulaaf endlech op Letzebuerg an den Atelier gepackt.
Ech war mir schons bewoost dat C&C zu Letzebuerg net wéi an den States mol locker 6000-8000 Leit ulacken kéinten, mae trotzdem wor et schued dat den Atelier (Wéinst der Fussball EM?) ongewinnt eidel wor. Un der Musek kann et net geléen hun, well C&C sin en Phänomèn, trotz hierer ongewinnter Meschung aus Skater-Prog, Rush goes Emo, Frickel-Hardrock brengen sie et faerdeg 10 Minuten Epen mat hitverdächtegen Songs ze kombinéieren. Hardrocker an Proggies woren erstaunlech wéineg do haut Owend, dofir awer eng ganz Rei wibbeleg Teenies déi opmanst probéiert hun sou eppes wéi Stemmung opkommen ze loossen. Waat duerchaus mat Momenter och geklappt huet, esouguer Aeren Schofsfrenn ass mat Momenter op- an ofgehoppst an huet matgesong. Leider hun d'Jongen vun C&C (ennerstetzt vun 2 léiwen Backgroundsängerinnen) schon no enger Stonn mat hieren Zugaben ugefaang, woubei den 10 minütegen Drumsolo net onbedengt un de Schluss vum Concert gepasst huet. Trotzdem en flotten, kuerzweilegen Owend vun enger immens ennerschätztener Band, déi sech wuel och e puer Leit méi an den Atelier gewenscht hätt.Trotzdem Merci un dem Atelier dat sie trotzdem hieren Wée gin an eis weiderhin déi eng oder aner Iwweraschung an den Atelier brengen.

05 juin 2008
31 mai 2008
Lost_Season 4
ui ui ui,
Geschter koum d'Finale vun der 4. Loststaffel.
Waat soen...ween geduecht haat d'Show wier an den eischten 3 Joer schon komplizéiert genug gewiecht, waert erschlo gin vun der jetzeger Komplexitéit vun der Show. Eng Rei nei Personnagen tauchen ob, mae nach méi waerten der erem verschwannen; et ass Action pur ugesoot, an net jidfereen waert et iwwerliewen.
Ab deser Staffel erlieft den Spectateur neiwt den üblechen Flashbacks och regelmässeg Flashforward, déi an der Zukunft spillen; e grousst Risiko well een séier erausfennt dat net nemmen den Jack an d'Kate et vun der Insel fortgepackt hun
(Stand Staffel 3) , mae nach weider Personnagen; spannend bleiwt et trotzdem, d'Characteren kréien nach méi Déiwt an un WTF an OMFG Momenter fehlt et och net.
Op der aanerer Sait faenken ech als Lostfanatiker lues awer secher trotzdem un d'Schlappen ze verléieren well alles esou verkomplizéiert get an d'Logik (aus jetzeger Siicht jiddenfalls) heiansdo op der Streck bleiwt. Am Januar get et weider, ech sin gespaant waat eis des Kéier erwaart.

24 mai 2008
Inscription à :
Articles (Atom)