Ho there, happy Easter alleguer,
wor déi laescht Woch zwee Mol an de Kino gaang, ganz ennerscheedleg Filmer kucken:
300, eng Comic Adaptatioun iwert d'Schluecht vum Kinneg Leonidas vu Sparta géint d'Perser.
Et ass eng beängschtegend Estétique, iergendwéi net real, d'Luuchtféierung ass fantastesch, daat ganzt wierkt wéi een iwwerlaangen MTV-Clip. De ganzen Film schengt virum Blue-Screnn gefilmt gin sin, an d'Fro stellt sech an wéi fern dest iwerhaapt nach eppes mat "Kino" ze dinn huet. Iwerhaapt ass heimat alles positives gesoot, well de Raescht ass nemmen fir sech ze schudderen, d'Acteuren sin sou eppes vun katastrophal, d'Story huet effektiv een Fascho-Nogeschmaach, d'Dialogen, naja, forget it...
The Number 23, den laeschten Film mam Jim Carrey, zu deem ech eng Love-Hate Bezéihung hun. Ech woor deemols begeeschtert vun Truman Show an Eternal Sunshine... an glaichzéiteg sin ech allergesch op seng Grimassen-Komödien. Enges Daags kritt en Mann vun senger Fra een Buch iwert d'Nummer 23 geléint, wou een Detektiv vun der Zuel 23 verfollegt get an duerchdréit. Den Carrey fängt un sech selwer mam Detektiv ze identifizéieren an geséit och iwerall d'Zuel optauchen. Allen schizophrenen Kollegen roden ech un desen Mysterykrimi net ze kucken, déi aaner kennen sech op een interessant kuerzweileg Zuelenknobelei aloossen déi awer net un esou Meeschterwierker wéi "Eternal Sunshine..." erunkennt.