26 avril 2007

LOST

Previously ...on LOST!

Dudes, ech sin süchteg! Süchteg no Lost!
Dir mengt et géif keng Prime-Time Tele-Serie gin déi och nemmen hallefswegs iwwerzeegend ass, an glaichvill usprochsvoll an ennerhaalend ass? Falsch!!!
Et ass déi eischt Serie sait Knight Rider Zaiten déi mech richteg virun der Télé fesselt, an am Géigensaatz zum Knight Rider ass se och richteg intelligent gemeet. Nach nie gouff et eng Téléserie déi sou eng Léiwt zu Détailer weisst, sou verschachtelt Zesummenhäng erméiglecht an et glaichzeiteg den casual Spectateur erlaabt enger interessanter Geschicht ze suivéieren.
Lost handelt vun engem Grupp vun baal 50 Leit, déi mat engem Fligger iwert enger Insel am Pazifik eroffaalen. Mat den Deeg an Wochen déi verginn fannen sie eraus dat déi Insel eng ganz Rei vun Geheimnisser huet. Interessant gemeet ass d'Léisung Flashbacks anzebauen, sie erlaaben eis méi iwert d'Perséinlechkeet an d'Geschicht vun deen an deen Personnage virum Accident erauszefannen. D'Art an Weis wéi d'chronologesch Erzielung opgebaut ass verlaangt Präsenz an Konzentratioun vun Spectateur. D'Geschicht vun den eenzelnen Helden ass oft mateneen verbonn, an Elementer tauchen heinansdo aus dem Naischt an engem Flashback op.

Noddeems déi eischt Season eischter d'Basis fir eng spannend Mystery-Geschicht geschaaf, huet déi zweet Season schons vill méi en düsteren Touch gehaat, philosophesch Froen gin opgeworf, Haaptpersonnagen stierwen onerwaard asw. Ech hun mech anzweschenzait schon an déi drett Season firgeschafft, déi nach méi verschachtelt assn an heinasdo esouguer vielleicht ze vill des Gudden wellt.

D'Serie vermettelt en plus eng Art gespenstesch Crédibiltéit beim Zuschauer. Eng Welt get ronderem d'Fait'en vun der Insel opgebaut, woubai nie verooden get, wéi wait dest Spill dann geet. Op Amazon get posthum e Roman vun engem gestuerwenen Passagéier aus dem Fliger veröffentlecht. Internetsiten vun Scheinfirmen aus der Serie tauchen am Web op, Pressecommuniquéen gin vun deenen Firmen veröffentlecht, jo, esouguer an Latenightshows gin "Spriecher" vun desen "Firmen" invitéeiert oder zougeschalt fir sech vun der enger oder aner Rumeur aus der sougenannter "Lost-Experience" ze distanzéieren. Een Must fir all klengen Verschwörungstheoretiker.

Also, wann dir wellt een Steck Televisuoun erliewen wéi et méi oft sollt gin, intelligent Spannung, heichqualitativ Episoden, en stabilen "Background", dann gitt Iech schnell déi eischt zwou Staffelen op DVD besuergen. An am Hierscht kennt déi drett Staffel iwersaat op der daitscher Tele.

Sinon, den Freaken bleiwt natiirlech och nach déi wahnsinneg miserabel schlecht daitsch Z-Movie-lyke Kopie "Verschollen".(leider schons oofgesaat)