11 octobre 2007

Radiohead: In Rainbows

Ech gehéieren zu der Grupp Leit déi mengen dat Radiohead ereischt ab OK Computer déi besser Albumen gemeet hun an mat hieren fréien alternativen Teenie-Pop-Rock Saachen net vill ufaenken kann.
Iirgendwann an den 90er wéi d'Welt graad pret war U2 an hier wuelverdingten an iwwerfaelleg Pensioun ze schecken an Radiohead op den Rockolymp ze hiewen ass eppes ganz bizarres geschitt: Radiohead wollten net. (Schlaumeier géifen behaapten, sie hun sech fléiwen geloos).

Sie hun ab deem Zeitpunkt emmer erem probéiert aanescht ze sin oder ze spillen, Credibility gehéiert anscheinend zum Image dozou. Egal, dovun kann een haalen waat e well, op jidfer Fall hun Radiohead sech den Luxus erlaabt nemmen nach onregelmässeg Alben erauszebrengen, an esou woor jidfereen iwwerrascht ze liesen dat sie hieren neien Album schon dest Joer brengen géifen. Am Dezember kennt d'CD mat allem drumunddran am Luxuspackage an d'Butteker. Ween net esou laang waarden kann kann ab geschter awer och déi ganz CD op hierem Site erooflueden.Den Prais?... Daat waat dir wellt. Waat ass Iech en Album als MP3 waert, ouni Cover, Booklet, CD, Oppreis fir den Eenzelhandel asw asw? Eng interessant Approche wéi ech fannen. Hoffentlech waerten vill Fans méi wéi 0 Euro bezuelen an domat weisen dat et tatsächlech méiglech ass den Musekbusiness ze veränneren.
Bon, elo get erofgelueden, an de Metteg gelauschtert;-)