02 octobre 2007

Tanz mit dem Schafsmann

Tanz mit dem Schafsmann

Haruki Murakami



Ho ho Schofmann, sou gin ech selwer heiansdo am Duerf geruff.

Waat mir awer entgaang woor ass, dat den Murakami des Fortsetzung vun "Wilde Schafsjagd" geschriwwen huet. "Wilde Schafsjagd" woor eng Zort surrealen Detektivstory em ee Mann op der Sich no engem bizarren Schof.

An wéi gesoot, dest Buch greift d'Story vum Protagonist erem e puer Joer méi spéit op.

An engem modernen Hotel trefft hien den Schofsmann zereck, Persounen verschwannen, Intrigen gin ugedait awer net opgedeckt. D'Story verleeft sech och an verschidden Richtungen, wouvun keng wiirklech weidergesponn get...waat de Lieser stéieren kann, awer net muss. Erauskomm ass och hei ebenfalls eng spirituell Rees an d'Zweschenwelten
déi deen een oder aaner bestemmt interesséeiren waert.