08 mai 2006

04 mai 2006

playlist May

grooving on the ipod:

-OSI: Free (absoluten Wahnsinnsalbum, besschen manner heavy wéi den 1., dofir méi Electro-Spillereien. Metal meets Mellow-Electro)

-ANGLAGARD: Hybris (wees guer maischt vun deser schwedescher grupp, mae et ass ouni Zweifel ganz komplex an interessant, hmmm, cool)

-Pain of Salvation: 12:5 , super, Prog-metal goes unplugged, flotten Harmoniegesang, really fine

-DAAU: Tub Gurnard Goodness (sin kommen an d'Rockhal, lo am Mee, ween net do ass ass selwer schold, eng vun mengen Faves...Klassik goes Dub, mat Electro, Anarchie Pur!!!!Fir ze danzen, laachen an kreischen.

Frank Zappa: Hot Rats

03 mai 2006

photo of the day










01 mai 2006

photo of the day

27 avril 2006

Expo photo chez CK à Leudelange

Am Moment ass eng Panorama Foto vu mir am Expo-Room vun CK zu Leudelange ze bewonneren:

CK Repro 68
41, Z.A. Am Bann
L - 3372 Leudelange

CK Repro 68 huet virun Méint e Fotoconcours organiseiert /"Norioun de Groupe) wou elo déi Bescht Fotoen ausgestallt gin, ausserdem goufen nach weider Artisten gefrot hier Wierker als Fichier zu Verfügung ze stellen, enner aanerem meng Wéinegkeet. Ck huet sech dun d'Méi gemeet all Tirage am Format A1 erauszeprinten an auszestellen.
D'Expo ass natiirlech ganz hetereogen, esou wéi d'Fotografie et och ass (et get net nemmen eng Zort Fotografie, eng Wourecht, daat wir jo langweileg), een gesonden Amalgam aus ganz ennerscheedlechen Saachen. D'Qualitéit vun de Printen ass och exzellent wann de Fichier et zougelooss hut. Den inkjet schengt elo lues awer secher méi déier Procédé'en ze ersetzen. Wann elo D'Haltbarkeet hält waat se versprecht, dann kennt e geschwenn net méi dolaanscht. An wann all d'Hiersteller weider dorun feilen, damm kommen nach besser Tënten op de Maart.
Bon, vill Geschwätz, gitt bis laanscht kucken.

26 avril 2006

Van Der Graaf Generator, The Book: A History of the Band Van Der Graaf Generator

E Buch vum Jim Christopulos a Phil Smart

Sie sin grandios, ouni Zweifel déi extremst an fortschrettleschst vun allen 70er Bands. Wou Pink Floyd grandios, Yes verspillt an genesis lyresch an flott wéi een Ausflug an d'Greng's woren, woren sie wéi een Trip an D'Hell. Diaschter an Mystereis wéi dem Peter Hammill seng Texter Den Hammill wor wuel den eischter Rocksänger deen seng Stemm als Instrument gebraucht huet. Bon, haalen op mat dreemen, ech hun schons méi oft vun VDGG erzielt oder sie erwähnt, hun mir virun e puer Deeg eng englesch Biographie vun der Band kaaft, déi Eischt déi je geschriwwen gouff wéi ech mengen.
An de laeschten Deeg hun déi zwee Auteruen mech an eng nach onbekannten Welt matgeholl, bizarr an beängstegend, awer och voll lestegen Anekdoten aus enger méi onschelleger Zait. Hail to the VDGG!

22 avril 2006

from the dark archives










Den Ufank oder d'Enn, den ufank an d'Enn.
De simpelst Foto déi ech je gemeet hun, waat Kompositioun ugeet, an och vum Contenu.
Luucht. Ass et eng Emschreiwung fir den Ufank vun Aleem, Urknall, Enstehung, oder d'Enn waat eis all erwaart? Ass um Enn vun der Daischtert dann net awer Luucht, sou wéi mir eis et sait dausenden an dausenden Joren vun Generatioun zu Generatioun eise Kanner weidergin?
Erwaart keng Aentwert vu mir, wéi kennt ech, et ass op jidfer Fall eng vun mengen Lieblingsfotoen, wann ech nemmen eng erhaalen kient fir déi next Generatioun, dann wahrscheinlech des hei.


let there be more light

16 avril 2006

50° : Eislëck






Eng nei Arbescht déi ech dest Joer ugefaang hun, an déi sech hoffentlech weiderzitt iwert déi next puer Joer. Ausgangspunkt ass déi topographesch Notioun vum 50 Breedegrad deen wéi dir wahrscheinlech wesst duerch Letzebuerg geet. Ech hoffen an mengen och dat esou eng Arescht nach net gemeet gouff, wann dach w.e.g. bei mir mellen! Et geet drem eng dokumentaresch Abrescht iwert de Norden vum Land zu maachen, einfach well ech d'Gefill hun et géif net gemeet gin, d'Verännerungen vum Süden, vum Minett gin dokumentaresch festgehaalen, an esouguer gnaz gutt muss ech soen. Mae wéi gesait et mam Norden aus. Wéi eng Verännernungen gin et, waat waert sech an Zukunft aenerne, fir Landschaft, Leit? Meng Approche ass sou neutral wéi se nemmen kann sinn, kucken, vertsoen.Weider Firgaben gin et net, ech hun momentan keen détailléiert Angaben an wéi eng Richtung sech des Arbescht entweckelt, an hei kommt dir an d'Spill: Wann dir aus deem Eck sidd, kennt dir gaer kontakt mat mir ophuelen, vielleicht wellt dir mir Platzen weisen, Leit begéinen. Ech hun bis elo e puer Filmer gemeet, Mettelformat, mae op sech d'Arbescht eischter an Richtung Paysage, Architektur, Reportage entweckelt wees ech net. Ech hun mam Lineal mol eng Linn um 50 ° gezunn, an folgend Uertschaften erausgesicht:Hosingen, Hoscheid-Dickt, Wahlhausen, Ober- an Untereisenbach, Putscheid, Bockholtz, Consthum, Holzthum, Siebenaler, Pintsch, Lellingen, Alscheid, Wilwerwiltz,Eschweiler, Schleef, Niederwampach, Noertrange an alles waat an daer Géigend léit. D'Grenzrégioun mat Bastogne an riwer op Neuernburg huelen ech och nach op d'Lescht. Eng rieseg Arbescht wéi dir gesidd, ech huelen mir och e puer Joer Zait. Ech wier frou wann sech Leit aus der Géigend géifen dofir interesséieren, oder vielleicht gesidd dir jo an noer Zukunft een bizarren Fotograf mat uraaler Kamera duerch aer Dierfer an Uertschaften spazéieren, also net faerten!

14 avril 2006

Expo Bernhoeft au MNHA Luxembourg

Wéi konnt ech et nemmen vergiessen,
am Nationalmusée ass momentan eng formidabel Ausstellung vum letzebuerger Fotograf Charles Bernhoeft(1859-1933). De Bernhoeft hat an der Staadt een Fotosatelier an ass zum Photographe de la Cour avancéiert. Hien huet bedeitend IndustrieFotoegfien gemeet (Mercier, Weltausstellung, Schmelz zu Déifferdeng), souwéi Landschaftsalbumen, Postkarten an wahnsinneg Portraiten vun der Zait virun an no der Johrhonnertwenn.
Et ass eng grouss Ausstellung mat eenzegartegen Tirages d'époque, flotten Phototypien, an Hannergrondinformatiounen. E Buch ass an Bearbeschtung an kennt geschwenn eraus. Huelt iech eng oder 2 Stonnen Zait fir d'Austellung, vielleicht wann dir e meindeg op d'Emaischen gitt op de Feschmaart.
Weider Infos op der Internetsait vum Nationalmusée
http://www.mnha.lu

12 avril 2006

photo of the day









Danke Bettina!

07 avril 2006

playlist Abrëll 2006

Sorry, ech sin net ganz konstruktiv an der Laescht, Fréijoersmiddegkeet? Oder eischter de Fait dat ech mech fatzeg erkaalt hun, an elo mol 24h beieneen geschloof hun? De Weekend brengt bestemmt Ofwieselung an déi eng oder aner Iwerraschung.
Anyway, am Moment duascht folgendes duerch d'Boxen:

- Lightning Bolt: Hypermagic Mountain
- Gljukosa: (aus Russland, danke Olga!)
- Kevin Gilbert: genau sou tragesch em d'Liewen komm wéi den Jeff Buckley, awer nie esou bekannt gin, hien huet verschidden Urban Legends no dem Sheryl Crowe sain eischten Album geschriwwen (deen mat "All she wanna do is have some fun, tralllala, naja..."
- Soft Machine. Third, main retro kraut-psy-prog tipp vum Mount
- DAAU: alles, sie kommen op Letzebuerg, en neien Album ass ennerwee, et gett e super d'Freijoer 2006 i think!be there

02 avril 2006

photo of the day










01 avril 2006

photo of the day










Sin mer net all besschen schof

23 mars 2006

Wedding - from the archives











E Samsdeg get meng gutt Frenn Zara a Claude mateneen bestued, fir schons an Hochzaitsstemmung ze kommen hei eng Planche aus den Archiven, classeur 14 planche 22

19 mars 2006

Brazil

Geschter woren mer e klengen Ausflug op Leck (Liège) maachen, meng aal zweet Heemecht, et wor schéin erem eng Kéier do ze sin.
Grond wor ower net irgendeng nostalgesch Gefiller des Keier mae d'Biennale de la Photo déi all zwee Joer ass.
D'Thema des Kéier wor "Brasil", waat engerseit iwwerraschend woor, an mech och perplex geloos huet. Biennalen an Festivalen sin eng wonnerbar Geleenheet fir nei Fotografen kennen ze léieren, contemporain Richtungen ze eraanen, an sech een Iwerbleck iwer déi ganz Breed un der Fotografie maachen.
Brasil erfellt des Zieler nemmen zum Deel, op der enger Sait ass en frou, dat den Ophaenker net sou ee Passe-partout Thema ass waat net wiirklech interessant ass an awer den Organisateuren erlaabt immens an d'Breet ze goen an eppes zesummenzebastelen; op der aanerer Sait liicht engem an dat een als Commissaire bei sou engem Thema ziemlech limitéiert ass.
Et woren vill Arbeschten dobai déi mech wikrlech fazinéiert hun, enner aanerem déi formidabel belsch Fotografinnen Felten-Massinger mat hierer Caravana-Obscura.Hier Arbeschten sin grandios, am Senn vum Wuert, Groussformatesch, Panorama, dense an saat. Mat Erschrecken hun ech festgestallt datt meng Panoramaopnahmen vum laeschten Summer onbewosst heivun inspireiert sin an an déi selwscht Richtung gin. Och am MAMAC woren interessant Arbescht, exzellent gemeet, vill schwaarz-weiss, net emmer esou contemporain wéi eigentlech erwaart.
Manner interessant awer woren d'Expo an der Eglise St André (Fou de Balles) an Les Chiroux (Traditions et Modernités), déi zesummengebastelt woren, wou gutt Qualitéit niewt mettelmässegen Arbeschten houngen. Naja.
Et wor e ziemlech Overkill vun Biller, ech gin elo weider net an d'Détailer, gitt iech et nach dese Mount ukucken, et ass bestemmt fir jidfer Goût eppes dobai.

17 mars 2006

Dawn












Eng Arbescht prépareieren bedait emmer eng Recherche ze maachen, lenks a riets ze kucken, och wann e schons eng Richtung ageschloen huet, sech nach emol emdréinen a kucken op et net en aner Wee, oder Approche get. Ech sin am Moment mam Photon-Phreak (sorry...) Oli Thull amgaang eng Ausstellung ze prépareieren...och wann des Fotoen et wahrscheinlech net bis an d'Austellung packen sin se awer een interessant Dokument voir +.

12 mars 2006

Dreams in the dusk

De Carl Sandburg ass souwuel als progressiven politeschen Akivist wéi natirlech och als Poet an Auteur bekannt, ech sin elograad heirops gestouss, ech erlaaben mir et einfach frech desen poem mat iech ze deelen. Kleng Randnotiz déi vill Leit net wessen, de Sandburg wor ma "Letzebuerger" Edward Steichen senger Schwester bestued!

Carl Sandburg - Dreams in the dusk

DREAMS in the dusk,
Only dreams closing the day
And with the day's close going back
To the gray things, the dark things,
The far, deep things of dreamland.

Dreams, only dreams in the dusk,
Only the old remembered pictures
Of lost days when the day's loss
Wrote in tears the heart's loss.

Tears and loss and broken dreams
May find your heart at dusk.


E besschen sentimental fir des Joreszeit, gell, nee, nee ech hun keng depressiv Phase, ech freen mech richteg op d'Freijoer an e puer Wochen. (Et ass spéit un!).
Let there be more light!

11 mars 2006

Link of the day / Netzfundstücke

Niewt den villen Virdeeler an positiven Erkenntissen vum Internetwahnsinn kann een awer och bedaueren dat eis Approche zu Texter, Biller, Videos emmer méi direkt, premier-degré, iwwerflächlech get. De Grond dofir leit an der primärer Struktur vum WWW. Et ass eng Sammlung vu Links déi mir duerchstreifen, vun Sait zu Sait, ee Zapping an honnert Dimensiounen, mir mussen einfach léieren mam Medium emzegoen, laang Texter ze veröffentlechen, ze liesen, ze verstoen an weiderzeleeden. Wéi dden Apprentissage soll oflaafen kann ech net soen. E Medium u sech ass nie méi gutt, méi schlecht wéi een aaneren, et ass daat waat mir aus dem Medium maachen, een riesegen Supermarché, en Schrett an d'Richtung Cyberdemokratie, eng Toile vun Links...

Bon, ech spannen des Iwerleeungen eng aner Kéier weider. Firwaat zielen ech iech dat? Wéi vill vun iech och, sin ech ebenfalls e Surfer, treffen op witzeges, leschteges, perverses, traureges an formidables am Web. D'Fro ass, soll ech iech des Netzfundstücke weidergin, mat Kommentar oder ouni? Soot dir mir et.

Aus der Kategorie "Formidables" (main meschtbenotztend Wuert hei am Blog!) kennt iwwregens dese Link, deen mech wirklech beweegt huet, an ech hoffen dat et iech och sou ergeet wéi mir am Kommentator vun der Noriichtensendung. Ech well am desem Fall och net iwert d'Präsenz an d'Funktioun vun Beiträg aus dem Faits divers an Norichtensendungen kuerz virum Wieder lästeren, de Beitrag huet sain Senn erfellt an Spueren hannerlooss.
D'Reportage aus der Rubrik "Faits divers" handelt vun engem jonken, behënnerten Bouf deen an enger Schoulequipe (Basket) den "Wasserträger" gespillt huet an als Belounung am laeschten Match vun der Saison daerf e puer Minuten spillen an se all iwerrascht. Eng Amateurkamera huet d'Wonner gefilmt. Grandios! Eng aner kéieren kennen mir dest Opkommen vun Amateurbiller an Noriichten an am Web méi genau beschwaetzen. Erennert mech drun!
Anyway, hei den Link


http://www.compfused.com/directlink/1257/

10 mars 2006

from the archives











#classeur13planche72 / 2004

08 mars 2006

playlist march 2006

currently jumping in the snow:

The Dillinger Escape Plan:Calculating Infinity
Sigur Ros: alles
OSI: Office of Strategic Influence,den neien Album ass och ennerwee, be prepared!
Jansen Steve-Barbieri Richard-Karn Mick - Playing in a Room with People
Arjun:Madness and the Truth
IQ: Mix

05 mars 2006

snow













04 mars 2006

Where is Muedsi?









02 mars 2006

Bullshit of the month









et sin deischter zaiten, an fir sech opzemonteren get en heiansdo an d'Wullkescht vun den Obscuritéiten. Erausgekromt hun ech de Film deen niewt "Angriff der Killertomaten" wuel de schlechstensten Film vun allen Zaiten ass:
"Surf Nazis must die". An enger noer Zukunft, no engem Erdbiewen a Kalifornien geet d'Plage vun verschiddenen Gangs beherrscht. Déi schlemmsten sin ouni Zweifel déi béis Nazis, Surf Nazis. Leider hun se hier Rechnung ouni Mme Eleanor Washington gemeet.
Wéi dir gesidd, absoluten Schund. De Schnett ass revolutionnär (schlecht), d'Dialogen an all Porno sin besser, Logik bracuh e guer net sichen ze goen. Grandiös 80th Trash.

27 février 2006

Brokeback Mountain

Mir woren e Samsdeg am Kino den Filom "Brokeback Montain" kucken, nodeems jo an de laeschten Deeg an Wochen jo eng richteg Hysterie opkomm ass..zurecht?

Tatsächlech ass Brokeback Mountain ên excellenten Film, net nemmen fir d'Thematik déi eigentlech schon haett vill eischter an den Mainstreamkino anzeien sollen. Den Erfolleg weisst och dat et duerchaus e Publikum fir des Filmer get. Den Ufank wier heimat spétsdens gemeet an hoffentlech waert d'Thema Homosexualitéit jenseits vun den üblechen Schéierpunkten wéi Aidsproblematik oder Klamaukkomik lo méi oft optauchen, let's hope it.

D'Geschicht vum Film kennt dir op aner Platzen noliesen. D'Emseztung vun der Stroy wor ganz klassesch an heinasdo laangotmeg an zum Schluss natiirlech eng Grëtzt zevill sentimental. De Film besteet aus 2 Deeler, den eischten beim Schoshidden an de Bierger mat formidablen Biller, wonnerbar gefilmt. Den 2 Deel erzilet déi 20 Joer wou sech déi 2 Cowboys méi oder manner regelmässeg zereckgesin, an hier Liewt virun hierer Famill verstoppen. D'Luucht mat deenen des ennerscheedlech Szenen gefilmt ass et schons eleng waert an de Kino ze goen.

26 février 2006

from the archives








23 février 2006

picture










21 février 2006

from the archives










Classeur 13 planche 42

19 février 2006

Bilder die lügen

Hi friends,
laeschten Sonndeg woren de Chris an ech an de Geschichtsmusée an d'Staadt déi nei Austellung: "Bilder die lügen" ukucken.
Dikdaturen, Demokratien, Medien an Konzerner mnipuléieren, retuschéieren an fälschen Fotoen, souwuel fréier wéi haut. d'Methoden an d'Techniken hun natirlech geännert. Dest ass eng hichinteressant an pédagogesch Austellung iwert d'Objektivitéit vun de Biller ronderem eis. E ganzen Koupp Beispiller sin Iech wahrscheinlech wéi mir och schons bekannt, aanerer wärten och iech nei sin. D'Expo ass iwerregens en decke Succès, de Musée wor laescht Woch voll!

17 février 2006

from the archives










#classeur13planche67_2003

16 février 2006

introducing: Muedsi!!!






Ech muss mech entschellegen, ech présentéieren ech hei méi oder manner regelmässeg déi schlemmsten Fotoen, an déi wichtegst vergiessen ech dobai.
Ech sin houffreg ech iech main Wachschoof ze présentéieren: d'Muedsi!!!

Ech sin enges owes am August heem komm an du stoung et virun menger Gragenafahrt mat engem Ziedel em den Hals: "Ech sin d'Muedsi an eleng op der Welt. Huel mech bei dir op." Saitdem verteidegt d'Muedsi main Haus géint Sektenrecruteuren, Vertreider fir Teppecher, Hënn an villes méi.

Heiansdo fillt d'Muedsi sech eleng, mae ech verspriechen heimat dat daat net méi laang sou weidergeet.

13 février 2006

picture of the day





Hun et nach guer net erzielt...oder dach?... hun mir fir Chreschdag e klengen digitalen Knipsert kaaft, d'Qualitéit vun deenen klengen Apparaten huet sech (enner 100 Iso op alle Fall) deck verbessert, mae selten sin déi Apparaten déi e besschen aus der Rei danzen. Ech hun awer soueen fonnt, e klengen Panasonic am klengen Panoramaformat (16:9, d.h. esou wei déi nei Teléen, oder 9X16 cm am Plaatz 10X15 cm).
Anyway, fir e bessi Spontanéitéit ze behaalen an net andauert d'Léit mat deckem Geschiir Angscht ze maachen geet d'Qualitéit duer, an en erfellt sain Zweck.

12 février 2006

playlist february 06

currently tripping on the ipod:

- Caravan : In the Land of Grey and Pink (Canterbury Prog), een Klassiker, sou gutt, einfach schéin fir ze dreemen a laachen!

- Pipo & Elo: Eng franséisch Koppel spillt akkustesch Coverversiounen vun Dream Theater Klassiker, et functionnéiert, d'Lidder sin gratis am Web ze fannen, check it out.

- Infected Mushroom: relaxten Psy-Trance, besschen à la Hallucinogen, awer méi "soft"

- Ozric Tentacles: sie sin eigentlech emmer an der Playlist, kann ech nemmen empfehlen, déi eischt Albumen sin klasseschen Psychedelic, ab Mett der 90er sin sie méi elektronesch and dance gin. psychedelic, world, ethno, techno dub space prog.

- Royskopp: meng Neientdeckung (sin emmer spéit un). daat kennt esou gutt, sin hin a weg. Erennert mech bessi un déi gutt all GusGus, an awer ganz anescht.

11 février 2006

from the archives











Jo, jo et sin Fotoen, misst 1999 sin, wor eng flott kleng Série, ziemlech technesch a minimalistesch, as vielleicht eng Arbescht op déi ech spéider enner professionnellen Studioconditiounen nach eng Kéier zereckkommen.Who knows.

09 février 2006

DAAU in Concert

http://www.rockhal.lu//fr/program/2006/05/17/daau/index.php

Grouss Evenementer kommen op eis duer, fir déi déi DAAU (DIE ANARCHISTISCHE ABENDUNTERHALTUNG) virun e puer Joer an der Kufa verpasst hun, hun elo eng zweet Chance. Am Mee kommen se an d'Rockhal.
Daau gehéieren ouni Zweifel zu deem Phantasteschten waat ech bis elo héieren hun, e Mix aus Klassik, Pop, Electronica, Dub an Zigeinermusek. Sin hun drei Albumen rausbruecht (esouwait ech wees), woubai deen zweeten méi contemporain-electronesch klengt, deen dretten an laeschten méi homogen, mat engem Cover vun 2+2=5 vun de Götter Radiohead.
Ajo, Daau sin bis op déi eng oder aner Singleauskopplung reng instrumental.D'Grupp huet enner aanerem schons fir Björk de Support gemeet.
Ech waert nach vun Zait zu Zait undese faméisen Concert erenneren, an...et get gedanzt!!!Loost iech iweraschen.


www.daau.com

06 février 2006

Hiroshi Sugimoto


Einfacheet an Spiritualitéit!
Ech hun mir d'Buch "Hiroshi Sugimoto" vum Fotograf mam selwen Numm fir Chreschtdag geschenkt. Obwuel ech vill vun sengen Arbeschten schons virdrun kannt hun, woor ech ewéi weg. Nie wor Intimitéit, Poésie a kloer konzeptuel Bildsproch esou no beieneen. Dest ass wirklech eng Arbescht wou mir nemmen nach Superlativen afaalen.
Seng Série iwert Kino'en huet esou eng stark Präsenz, D'Iddi eng Foto esou laang ze belichten wéi de Film dauert, as esou genial wéi och einfach.
D'Notioun vun Zait schengt dem Fotograf ganz wichteg ze sin, vielleicht fillen ech mech dowéinst vun sengem Wierk esou ugezunn?
Seng Série iwert D'Mier, einfach simpel horinzontal Kompostiounen mat engem Horizont (méi oder manner präsent) an der Mëtt représentéiert den Ufank vum Allen, eng Welt wéi se woor ier de Mensch koum; op der aanerer Säit kennt des Série awer och d'Enn sin, oder opmanst eng Zort Zäsur, Schlusstresch. Sain "Carré blanc sur fond blanc"?
MAjestätesch, Grandios. Bestellen, kaafen hep hep;-)

04 février 2006

from the archives













03 février 2006

Fotobuch





Virun Kuerzem wor een interessanten Artikel an enger Fachzeitschreft iwert "Print on demand" Fotobicher an déi jeweileg kommerziell Ubidder.
Et ass hautdesdags méiglech Bicher an ganz klenger Qualitéit drecken ze loossen, z.b. nemmen een Exemplar. Falls Dir Fotofreak sidd ass dest eng flott Iddi fir sengen Léiwsten e Cadeau ze maachen.

Ech hun mir een vun den Ubidder erausgesicht an een eischten Test gemeet. Beim Ubidder www.myphotobook.de sinn d'Bicher quadratesch an ongeféiert 18x18cm grouss. Et gin verschidden Finitiounen mat verschiddenen Saitenzuelen. Fir main Test hun ech een Softcover geiwelt mat 72 Saiten. Mat Versand hun ech ongeféier 40 Euro bezuelt.
D'Resultat kann sech weisen loossen, och wann d'Qualitéit natirlech net un een deieren Quadri-drock erunnreecht, kann ech des Solutioun fir eng Ausstellungsbrochure, een Dossier fir eng Galerie, e Cadeau asw nemmen recommandéieren.

Ech bidden am mengen Buch eng Zort offline Versioun vun menger (am Moment wéineg aktiver) Internetsait un. Leit déi keen Internet hun, oder sech selten mam Internet beschäftegen waarten wuel koum meng Sait besichen, d'Buch kennt hinnen hellefen meng Arbescht kennenzeléieren. Daat Schéinst ass dat ech emmer nemmen e Buch drecken, wann een Interessent do ass. De Praiss, deen just d'Onkäschten deckt, ass dofir leider konkurrenzlos deier bei 40 Euro. Falls dir firwetzeg sidd, maellt Iech bei mir.

01 février 2006

from the archives














27 janvier 2006

Bullshit of the month

Ech sin erleedegt, wann ech geduecht hun et kéint naischt schlemmeres wéi d'Dëckkäpp (ausser den Roland Kalté...schreiwt een daat esou?... deen as GOTT) gin an der fieser Welt vum Humor gouf ech vum Géigendeel iwerzeegt. Ladies an Gentlemen, the minister of humour proudly presents:

Fips Asmussen www.fipsasmussen.de

een daitschen Zotenreisser, ganz schlemm, uuraal Witzer, een Vokabulär bei deem esouguer ech roud Baacken kréien. Ech soen nemmen Prostatatätowierte!!!


PS: hun eng Fips Asmussen CD ze verschenken! W.e.g. eng PM un mech.

26 janvier 2006

New stuff!

Sou, trotz Schnéi a Keelt war ech och am Wanter mat der Kamera ennerwee fir e puer Paysagen ze maachen.
D'Approche ass aenlech wéi déi faarweg Fotoen vum laeschten Summer, just dest Kéier maachen ech d'Fotoen bei bedecktem Himmel an schwarz-weiss natiirlech (hun nach Kéipweis s/w Filmer doheem leien déi fort mussen. Méi allround eben, manner poetesch. Ech muss oppassen dat ech mech net nemmen op eng Luucht limitéieren bei menger Arbescht, och wann se kräfteg, saturéiert an sexy ass...leider ass zu Letzebuerg d'Weider net emmer sou fantastesch, an zu menger dokumentareschen Approch gehéeiert et dann och bei desem Wieder ennerwee ze sin. Esou kristalliséiert sech dann vielleicht eraus dat een verschidden Arbeschten kann gleichzéiteg réaliséiren ouni emmer erem vum Wieder ofhängeg ze sin. Ech sin nach amgaang déi richteg Richtung fir des s/w Approch ze sichen...dest sin déi eischt Resultater.
Shift on!

24 janvier 2006

bumm bumm bommeléer

D'Opreegung wor de Moien grouss: D'Police huet geschter Perquisitiounen bei RTL gemeet, anscheint am Kontext vu der Affaire Bommeléer. Ween sech d'letzebuergesch Télé heinansdo ukuckt wees wahrscheinlech, dat den Télésender regelmässeg am Kontext vum 20sten "Anniversaire" vun deser traureger Affaire (hun an desem Blog schons dovun erzielt) ee Reckbleck brengt wou och Zeitzéien zu Wuert kommen. Daat ganzt get leider zeimlech reisseresch présentéiert, dréit awer wuel och dozou bei dat d'Affaire net vergiess get wéi sech eis Autoritéiten dat wahrscheinlech wenschen.
Natiirlech stellen sech engem direkt eng Rei Froen no desem dach iwweraschenden Erweschen vun der Police:
- Waat wees RTL wiirklech? Ass et alles e grousse Bluff oder hun sie nei Donnéen?
- Kann RTL nei Infoen gin déi dozou beidroen dat déi schëlleg endlech fonnt gin?
- Brauch d'Police déi Donnéen iwerhaapt?Oder hun sie se etwa schons laang?Firwat dann d'Perquisitioun?

De Metteg dann nei Infos zur Affair. Offiziellen Informatiounen no get et em den Hacker den der Police hier Bommeléer Email am November geknackt huet.an sech beiRTL gemellt haat. Dofir kruten geschter net nemmen RTL mae och verschidden letzebuerger ISP Besuch vun der Police. Dat dest Virgoen awer e groben Verstouss géint de Quellenschutz ass, lait op der Hand:
Wéi ass et méiglech dat naischt am tatsächlechen Dossier "Bommeléer" geschitt obwuel Zeien do sin, an op der aanerer Sait sin verschidden Stellen méi préissert rauszefannen wéi e klengen Hacker d'Email "geknackt" huet (anscheined haett esouguer een 3jähregen zereckbliwwend Hierschtschof d'Passwuert eroden). Pech natiirlech fir den arme Schüler, Student, Journalist, Hobbyhacker asw deen elo deck Problemer kritt.

Affaire à suivre deemno, wahrscheinlech gin als nächst Blogs zougemeet wann eppes konkretes iwert de Bommeléer drasteet. (nee, nee , keng Angscht, ech wees net wien et ass...ech hulen och un dat och keen et géif an e Blog schreiwen wann en et wéisst...géift dir iech trauen???)

20 janvier 2006

from the archives 2


















well ech schons laang naischt méi bruecht hun, hei nach een extrait aus enger aanerer Planche:
#classeur13planche37 (misst Summer 2003 sin)

from the archives








classeur 13 planche 3

16 janvier 2006

Den "Morgen kannst du mich nicht mehr domestizieren" Blog

Eng nei Photon.lu Initiativ: Een gemeinsamt Thema firbereeden:
"Morgen kannst du mich nicht mehr domestizieren"

Mir hun e Blog dofir gegrennt, an no laangem Iwerleen hun ech och endlech un d'Schaffen gin, d'Detailer fannt dir exclusiv op folgendem Blog:

www.photonlu.blogspot.com

Meng Arbescht dréit sech em eng Série "portrait'en" vun der Joffer Ivy. D?ivy well sech awer seit deem eischten Daag selbständeg maachen...affaire à suivre deemno...

13 janvier 2006

Expo Marc Wilwert

Heihoo, wann dir de Weekend naischt ze din hut, gitt dach einfach een Tuer duerch Bounneweg trëppelen...an dann einfach dem Marc Wilwert seng Fotoaustellung an der Galerie Frank Gerlitzki - Espace Apart. 25 r. Pierre Krier kucken.
De Marc weisst eng formidabel Série vun Nuetsopnahmen wéi dir se nach nie gesin hut, surreal, conceptuel an up to date.
light, light everywhere.



tom-

10 janvier 2006

playlist january06

currently slubbing in the wahwahbox:

-Meshuggah: Destroy, Erase, Improve (trash, pure math prog trash)
-Juno Reactor: deet aer kaal been wibbelen, psytrance anyone
-bröSelmaschine: bröSelmaschine (very strange krautstuff)
-kraan: live (german kruat-space-jazz mucke, ziemlech geil a wibeleg)
-coheed and cambria:...distant earth 3 (wou hun ech déi laescht joren geliewt, sie -sin sou geil, rush goes Emo ass guer net sou flasch, zimlech alternativ eben)

jojo, mp3 wibbelen am moment an et ass souguer zimelch vill Krautrock dobai, wou ech mech awer nach muss eranschaffen,very strange ebendie krauts;-)

thats' it, no photos today, wiirmt iech bei engem gudden téi, engem Buch, enger CD.
take care

07 janvier 2006

smile









den christophe!!!!!!!!!!!!!!! huet geschter des flott Foto geholl wéi mir iwert mengen Laptop soutzen. Merci Christophe!

03 janvier 2006

Den Album vum Joer 2005



Den Album vum Joer 2005:
The Mars Volta: Frances the Mute



des Band ass sick. mir naischt dir naischt machen TMV een Tour duerch 30 Joer Rockmusic, waat dobai rauskennt ass genial. Eng wahnsinneg Meschung aus Psychedelic, Prog, 70'Heavy, Latino asw, stellt iech fir Led Zeppelin geifen duerch Mexico pilgeren, Peyoten iessen, an wéi King Crimson wellen klengen....argh
Den Flea vun den Chili Peppersbléist dobai nach an d'Trompett, d'Lidder sin zu Longtracks opgebauscht matt jeweils Ummagumma-mässegen Soundkollagen zum Ufank an zum Schluss. Ech fannen et genial, hoffentlech erhéiert een mech a kuckt dat des Jongen op hierer nexter Tournée op Letzebuerg kommen, hun mir am Internet e puer Livevideo'en erofgelueden, very strange, nach méi Improvisatioun, Gereischer, Kreesch vum Sänger Cedric Bixler Zavala.
check it out:
offiziell Sait:Website ass am Moment ziemlech eidel, soss kuckt an de Babyblauen

31 décembre 2005

Happy new year









27 décembre 2005

from the archives







puh, et woore e puer ustrengend deeg, e gleck ass nemmen emol d'joer chreschtdag. anyway, haut erem e Klassiker aus den Archiven, eng Lieblingsfoto vu mir, Snapshot-like a dach erem eng typesch vill ze vill konstruéiert Kompositioun., mae d'Luucht stemmt, an de SteveV mescht seng Saach méi wéi gutt.

Wat else des Woch, ech hun CONGÉ!!!ech hoffen ech kommen dozou endlech d'Thema vun photon.lu fir d'Freijoer unzefaenken, wollt eng Diashow vun 50 Photoen maachen froen mech awer wei daat soll goen, egal, vielleicht get et next Woch hei op deser Platz schons een Teaser.

22 décembre 2005






Falls ech net méi dozou géif kommen ,ech wenschen iech all heimat schons schéi Feierdeeg, dofir och eng méi, naja, besennlech, naja, foto.
mellen mech an e puer deeg, hoffneltech kommen ech vun lauter friessen nach vum canapé op, eng nei Fläsch Chartreuse (déi gréng) ass zu Secherheet schons eemol bereet gestallt...daat helleft!!!


18 décembre 2005

from the archives: Theater







14 décembre 2005

from the archives

















09 décembre 2005

Bommeléer

ech hun mech an de laeschten Deeg besschen rar gemeet mae ech haat daermoossen ze din, ech koum net méi zum Blo. Anyway, ech posten hei een Texte deen ech virun e puer Wochen am Usenet erwähnt hun, eng Reaktioun op den (anzweschenzait faméisen) Artikel "der schwarze Prinz" am Letzebuerger Land:
...
D'Press schengt sech souwait erem berouegt zu hun, ech faerten ganz mir
gin nie genaues gewuer.
Am Interessansten wor bei waitem den Artikel am "Land" vun der
laeschter Woch, wou d'Urban Legend vum beisen Prenz ugeschwaat get, an
och d'Evénementer awer an hieren historeschen Kontext gesaat gin.
Ech zitéieren:
"...im Laufe des Gesprächs liess sich der Premierminister und oberste
Dienstherr des Service de renseignements dann anvertrauen, was er
längst wusste und seit 20 Jahren jeder Stammtisch heiter kolportiert:
dass sich in der fraglichen Nacht Prinz Jean Nassau aka de Luxembourg,
ein Bruder des Grossherzogs, in einem Auto voller Elektrokabel in der
Umgebung des späteren Tatorts aufgehalten haben soll..."

D'Argumenter fir eng Theorie vun der Legend schengen logesch, et waerten soulaang
Zweifel bestoen bleiwen wéi d'Wourecht emmer nach méi oder manner offensichtlich
vertuscht get. Eng aaner Interpretatioun ass dobai méi logesch.
Weider vergleicht d'Land d'Série vun Attentater mat aenlecher
Evenementer an der Belsch, wou no engem parlamentareschen
Untersuchungausschoss Indizien opgetaucht sin daat Geheimdengscht,
Policebeamten an Neonazis versicht hun d'Öffentlechkeet
anzeschüchteren...daat alles am Kontext vum Kaale Krich. Ganz
interessant, woubai des Iwerleeung géif weisen dat et keen
Eenzeltäter muss gewiercht sin.

Esouwait zu mengem Rapport zu der Story.
Anzweschenzait ass vill geschitt, den Chefredakter vum Land zitt d'Handbrems an kritiséiert sein Redakter fir den ominéisen Arktikel, niewenbai stellt sech d' Redaktioun op d'Sait vum Auteur vum Artikel. Interessant sin des Reaktiounen dofir, well den Auteur zu kengem Zaitpunkt engem Verdächtegen eppes ennerstellt (daat maachen ech hei och net, also keng anonym Drohungen w.e.g.) mä ouni ze zëcken erklärt waat d'Öffentlechkeet mengt a sait Joeren pëspert. Fir dann dest Element an een aaner Kontext ze setzen, an d'Welt vun de Märercher, wou et vun gudden a schlechten Prënzen an Prinzessinnen nemmen esou wibbelt.
No RTL Radio greift elo elo och d'Woxx des Geschicht op an bericht des Woch an hierer Editioun

affaire à suivre deemno bei enger Geschicht wou d'Ronnderem anzweschen méi interessant schengt wéi den (iwweregens ganz gudden) Artikel am Letzebuerger Land deen op intelligent Art a Weis iwert den Tellerrand kuckt.
Wou ech perséinlech nach well umierken dat d'Auswierkungen vun der Affaire Bommeléer beiwaitem méi schlemm fir Lëtzebuerg sin, wéi ugeholl; eng Geschicht déi esou laang schleeft, wou esou vill gezielt get, erfonnt get, eng Geschicht déi déi eng schrecklech opreegt an déi aanerer am Léiwsten géifen vergiessen bleiwt net ouni Konsequenzen. D'Gefill vun engem iwermächtegen Apparat, Grupp, Element, daat ongestrooft kann d'Gesellschaft sabotéieren, léisst méi wéi een vun eis verzweifelen, onmächteg gin vis-à-vis vu Konflikter an Ongerechtegkeet. Een Trauma fir Lëtzebuerg?

http://www.land.lu
http://www.woxx.lu

01 décembre 2005

Schof


Dir frot Iech bestemmt firwaat ech de Site Schofsfrenn genannt hun, an dir hutt nach kee Schof gesin, anyway hei daat eischt Schof, a glaichzeiteg déi eischt S/W Foto déi ech selwer am Labo vergréissert hun...uhu

Anyway, hei nach de Rappel fir muer: Muer ass Porcupine Tree am Atelier, ween net geet ass selwer schold, be there!!Psyprog rules!

28 novembre 2005

from the archives


Ech hun iwert de Wanter och e puer S/W MF Negativen gezunn, hun net wiirklech méi den Duerchbleck an den Classeueren 12-14 mae et get besser. Dest ass Classeur 13, also sou 2004.

Anyway, ech muss nochemol Reklamm fir Porcupine Tree maachen desen Freideg am Atelier, ech hoffen et gin e puer Freaks dohinner. Virun 2 Joer sollten se op Letzebuerg kommen an hun ganzer 50 Ticket'en verkaaft. Sie sin schlussendlech och doheem bliwwen;-))) Virun Joren hun se regelmässeg hier 1000 Léit ugelackelt, lo hun hier Venten sech verzengfacht, an sie spillen virun bis zu 5000 Léit an Südeuropa. Ween Coldplay, Pink Floyd an Beach Boys (no joke) gutt fennt so dohin.
www.porcupinetree.com

21 novembre 2005

Panorama



Des Serie hutt dir schons kennen op www.photon.lu bewonneren. Eng sélectioun befennt sech och op www.tomlucas.net. Hei de Versuch vun enger theoretescher Approch, déi am Kapp schons laang stattfonnt huet, mae et nie op d'Pabeier respektiv op den Ecran bruecht huet:

fir ganz préziis ze sin muss een kloerstellen dat ech sech emmer verschidden thematesch Approchen handelt déi awer eng Zort Dénominateur commun hun,; mae alles der Rei no:
et ass eng Zaitrees an d'Vergaangenheet, den noen souwéi de waiten Passé. Eng Siich no Iwerreschter an Zaitzeien, Geeschter an Gespenster, och déi eegenKandheetserrennerungen; Elementer déi vielleicht eng Keier kloer woren, awer lues an lues erem vergiess an verdrängt goufen. Een Ausflug zereck, een driften duerch Zait a Raum.

Eischtens: d'Zeitzeien. Wéi ass eis Wahrnehmung vun der Vergaangenheet? Ass an bleiwt eist Geschichtsverständnis linear oder zyclesch? Wéi eng Bezéihung sin mir capabel ze iewen an erliewen?

Zweetens: d'Geeschter. Nee keng Angscht, Sie doen Iech naischt;-) Déi eischt Joerzengten vun der Fotografie woren d'Zaitalter vun de Pionéier, den Chercheuren, den Freaken an den Charlatanen. Gemeinsam hun sie alleguer eng Herzerfreschend Naivitéit, déi ech bewonneren. Waat kann d'Fotografie festhaalen an waat net? Nee, nee, ech well keng Geeschter afaenken, mae eischter déi Plaatzen besichen, wou ech sie vielleicht untreffen. Déi Plaazen, wou een mat Momenter een mulmecht Gefill huet, sech heinasdo emdréit. Et ass immens schwéier de Paysage photographique hautdesdaags unzegoen, ech mengen natiirlech net den Paysage urbain, ech interesséieren mech momentan net dofir, mae den Paysage ennert senger Urform.

Drettens: d'Kandheetserrennerungen. Ech wees ech kommen oft op dest Thema zereck. Enner verschiddenen Formen. Arbescht mat verschiddenen Objekten, d'Sich ass net esou einfach; d'Erennerungen kommen wann se wellen, net wann e grad eng Kamera dobei huet.

Fir et mam Fachjargon ze bennen: et ass eeng naivt Spill mam fotografeschen Index, daat ganzt an eng surreal waarm an oft kontrastéiert Luucht gesaat. D'Bewegungen vun der Kamera sin wéi d'Driften vun eisen Bewosstsinszoustänn, e ständegt hin an hier, deen eis Detailer weisst an aanerer verstoppt. Mat Fanger op eppes weisen an awer eppes anescht mengen. Oder d'Ausso ganz ze verweigeren. Loost Iech net eranléen!

D'Approche ass souwuel esthétesch wéi metafotografech. Souguer dem Fotograf seng Technik gehéiert der Vergangheet un, et soll awer kee nostalgeschen Rebleck sin, eischter een laeschten Otemzuch virum Sprong. Maachen mir eis keng Hoffnungen driwwer, d'Technik diktéieren eis méi oder manner direkt eis Art a Weis ze schaffen, sie steet am direkten Zesummenhang mat der Entweckelung vun der Fotografie. Et huet kee Waert frou oder traureg doriwwer ze, et soll e sech der Problematik just bewosst sin. Eisen Choix vun Themaen waert sech veränneren, souwéi och eis esthétesch Approch.

Just heiansdo, jo heiansdo wenken eis déi aal Geeschter zou.

19 novembre 2005

Luxpost

Huhu, haat dest baal vergiess, sin awer och ze houffreg et fir mech ze behaalen.
Laeschten Weekend woor een Artikel iwert main Blog an der Luxpost, bon, un sech nemmen een, zwee Abschnitter an enger Artikelsérie iwert letzebuerger Blogs. Merci Luxpost! Fir d'Publicitéit.

17 novembre 2005

shuffle playlist

haat déi laescht deeg net allzevill Zait eppes ze schreiwen, dofir lo mol nemmen kuerz een Ableck an meng Playlist um IPOD Shuffle:

Porcupine Tree: divers
Aphrodite's Child: 666
Hidria Spacefolk
System 7: Golden Section
Genesis: live bootlegs
Chroma Key: alles


Nach e Wuert zu Porcupine Tree, eng fantastesch neo-psy Grupp aus good old England. Hier eischt Albumen haaten nach en evidenten Pink Floyd Afloss, déi nei hun e ganzen Koup nei Afless, heiansdo och e bessel méi haard.
Op jidfer Fall den 2 Dezember sin sie am Atelier, don't miss this, ech freen mech schons wéi e klengt Kand. Leit déi Coldplay, Radiohead, Pink Floyd mat Heavy-Elementer gaer hun sollen onbedengt laanschtkommen

www.atelier.lu
www.porcupinetree.com

14 novembre 2005

from the archives


classeur 13 , manifestion contre la guerre en Iraq

10 novembre 2005

from the archives


Des Foto ass ziemlech rezent, vun engem Mettelalterfest desen Hierscht. Ech hun et interessant fonnt mol eng Keier an enger Gamme vun Tounwaerter ze schaffen.

07 novembre 2005

from the archives


eng aal planche-contact vun 2002, classeur13, planche 28, e puer mierscher fotoen, ech hun keng foto vun deser planche vergreissert, mae waat net ass kann nach emmer kommen.

anyway, ech hun mer firgeholl mol méi oft an de schwaarzweiss Labo ze goen an d'Classeuren 11 bis 15 vergréisseren; ech hun laescht Woch ugefaang 18X24 resp 18X18 Tirages de lecture ze maachen, wann ech dese Wanter nach dozou kommen, vergréisseren ech och schons e puer op 30X40, soss ass et eben fir naechste Joer. Dir kritt also an de naechsten Wochen a Méint vill Auschnetter aus Planche-Contacten ze gesin, mae och déi eng oder aaneren Foto. Be prepared!

06 novembre 2005

ILL Festival: Petits Mensonges entre Amis (4. und 5. November)

Daat hei soll net onerwähnt bleiwen:woor e samsdeg op den ILL Festival op Esch an d'KUFA.
E Riesenarbescht huet sech d'Equipe vun ILL gemeet, all Respekt
Main Photon.lu Kolleg Christian Neuman ( http://www.focusart.com/) huet sain Film "She. He. It. " am Kinosch firgestall. Ween et verpasst huet ass selwer Schold. ExzellentArbescht!
Haat natiirlech net d'Méiglechkeet all Interventioun deen Owend ze verfolgen, den Ofschlussconcert hun dun Moussevingt an Chief Mart's gemeet, momentan mat déi zwee interessantsen an innovativsten Gruppen am Land.
Eng wonnerbar Experienz!


http://www.ill.lu
http://www.chiefmarts.cjb.net/
http://www.moussevingt.net/

04 novembre 2005

from the archives



ech verroden naischt weideres zu desen Fotoen, eng Arbescht un der ech momentan schaffen seit ech main Flexbody hun. d'Naechst Joer ass vielleicht eng Austellung, loosst iech iwerraschen.

03 novembre 2005

ZARA la vampire













Ech kann mengen gudden Kolleg Mich net genuch merci soen dat hien virun Joeren e BD'en vun der Série "ZARA la vampire" mat op Leck bruecht huet. Mir sin lues a lues zu richtegen Experten a Sammler vun deser BD adulte aus den 70er gin.
D'Zara ass een Titre deenzesummen mat villen aaneren Schundcomics bei der Editions Elvirfrance erauskomm ass. De Cover as oft schlecht gezeechent, d'Story selwer, an schwaarz-weiss, huet et awer an sech.
D'geschicht handelt vun der jonker Zara Pabst, déi vum Dracula gebass get, selwer zur Vampirin get, an eleng oder zesummen mat hieren Bi-Frendin Frau Murder déi bizarrst Aventuren erliewt. Wann ech matkréien dat Leit sech dofir interessseieren, posten ech méi oft Scans aus der Série. Wann verschidden Extrait'en IEch schons ze vill wait gin, sorry, soot mir och Bescheed, ech haalen desen Hobby dann secret;-)))
Ajo, et feelen mir nach allerhand Episoden, wann dir der nach um Speicher hut, mellt iech. Irgendwann plangen dann den Mich an ech an Zara la vampire Website.
affaire à suivre deemno;-)