26 avril 2007

LOST

Previously ...on LOST!

Dudes, ech sin süchteg! Süchteg no Lost!
Dir mengt et géif keng Prime-Time Tele-Serie gin déi och nemmen hallefswegs iwwerzeegend ass, an glaichvill usprochsvoll an ennerhaalend ass? Falsch!!!
Et ass déi eischt Serie sait Knight Rider Zaiten déi mech richteg virun der Télé fesselt, an am Géigensaatz zum Knight Rider ass se och richteg intelligent gemeet. Nach nie gouff et eng Téléserie déi sou eng Léiwt zu Détailer weisst, sou verschachtelt Zesummenhäng erméiglecht an et glaichzeiteg den casual Spectateur erlaabt enger interessanter Geschicht ze suivéieren.
Lost handelt vun engem Grupp vun baal 50 Leit, déi mat engem Fligger iwert enger Insel am Pazifik eroffaalen. Mat den Deeg an Wochen déi verginn fannen sie eraus dat déi Insel eng ganz Rei vun Geheimnisser huet. Interessant gemeet ass d'Léisung Flashbacks anzebauen, sie erlaaben eis méi iwert d'Perséinlechkeet an d'Geschicht vun deen an deen Personnage virum Accident erauszefannen. D'Art an Weis wéi d'chronologesch Erzielung opgebaut ass verlaangt Präsenz an Konzentratioun vun Spectateur. D'Geschicht vun den eenzelnen Helden ass oft mateneen verbonn, an Elementer tauchen heinansdo aus dem Naischt an engem Flashback op.

Noddeems déi eischt Season eischter d'Basis fir eng spannend Mystery-Geschicht geschaaf, huet déi zweet Season schons vill méi en düsteren Touch gehaat, philosophesch Froen gin opgeworf, Haaptpersonnagen stierwen onerwaard asw. Ech hun mech anzweschenzait schon an déi drett Season firgeschafft, déi nach méi verschachtelt assn an heinasdo esouguer vielleicht ze vill des Gudden wellt.

D'Serie vermettelt en plus eng Art gespenstesch Crédibiltéit beim Zuschauer. Eng Welt get ronderem d'Fait'en vun der Insel opgebaut, woubai nie verooden get, wéi wait dest Spill dann geet. Op Amazon get posthum e Roman vun engem gestuerwenen Passagéier aus dem Fliger veröffentlecht. Internetsiten vun Scheinfirmen aus der Serie tauchen am Web op, Pressecommuniquéen gin vun deenen Firmen veröffentlecht, jo, esouguer an Latenightshows gin "Spriecher" vun desen "Firmen" invitéeiert oder zougeschalt fir sech vun der enger oder aner Rumeur aus der sougenannter "Lost-Experience" ze distanzéieren. Een Must fir all klengen Verschwörungstheoretiker.

Also, wann dir wellt een Steck Televisuoun erliewen wéi et méi oft sollt gin, intelligent Spannung, heichqualitativ Episoden, en stabilen "Background", dann gitt Iech schnell déi eischt zwou Staffelen op DVD besuergen. An am Hierscht kennt déi drett Staffel iwersaat op der daitscher Tele.

Sinon, den Freaken bleiwt natiirlech och nach déi wahnsinneg miserabel schlecht daitsch Z-Movie-lyke Kopie "Verschollen".(leider schons oofgesaat)

20 avril 2007

Usina

"updated"

Hey friends,

Des Woch goung an der Uewerstaadt an der Porte-Neuve den flotten Design-Buttik USINA op.
Gtt Iech déi Saach mol ukucken, Dir kennt enner villem Interessantem och zwee Mol 3 Arbeschten vun mir bewonneren déi et als limitéiert Oplaag natiilrech och ze kaafen get. Schofsfrenn interesséieren sech bestemmt och fir den coolen Schofs-Stull-Desch!!!

Be there!


http://www.usina.lu/

16 avril 2007

Van der Graaf Generator

OMFG OMFG!
Wéi eng Band ass esou genial epesch, virtuos, depressiv, anarchistesch no um Wahnsinn, genau: Van der Graaf Generator.
Ech hun mech gescht an den Auto gesaat, an an d'Belsch Provenz gefuer, op Limburg, wou VDGG am Kursaal (engem e besschen eroofkommenen, awer dach charmanten Concertssall) virun vollem Haus gespillt hun. Den Publikum huet zum ganz groussen Deel aus Middleclass-Männer mat Glatz, no un hieren 60, an aus Retro-Pothead mat laangen Hoer an Wuschelbaart bestaan. Net déi beschten Viraussetzungen fir e flotten Owend. You're wrong!
Baal zwou Stonnen laang hun eis den Peter Hammill an Kollegen (Den Jackson mat sengem doublen Saxophon wor leider net dobai) duerch een Wuermlach un Tempowiesselen gepeitscht. Wéi sie dun och nach Sleepwalkers an Man-Erg ("how can I be free?"...) bruecht hun, woor den Schofsfrenn am siwwenten Himmel.

08 avril 2007

Cinema Show

Ho there, happy Easter alleguer,

wor déi laescht Woch zwee Mol an de Kino gaang, ganz ennerscheedleg Filmer kucken:

300, eng Comic Adaptatioun iwert d'Schluecht vum Kinneg Leonidas vu Sparta géint d'Perser.
Et ass eng beängschtegend Estétique, iergendwéi net real, d'Luuchtféierung ass fantastesch, daat ganzt wierkt wéi een iwwerlaangen MTV-Clip. De ganzen Film schengt virum Blue-Screnn gefilmt gin sin, an d'Fro stellt sech an wéi fern dest iwerhaapt nach eppes mat "Kino" ze dinn huet. Iwerhaapt ass heimat alles positives gesoot, well de Raescht ass nemmen fir sech ze schudderen, d'Acteuren sin sou eppes vun katastrophal, d'Story huet effektiv een Fascho-Nogeschmaach, d'Dialogen, naja, forget it...

The Number 23, den laeschten Film mam Jim Carrey, zu deem ech eng Love-Hate Bezéihung hun. Ech woor deemols begeeschtert vun Truman Show an Eternal Sunshine... an glaichzéiteg sin ech allergesch op seng Grimassen-Komödien. Enges Daags kritt en Mann vun senger Fra een Buch iwert d'Nummer 23 geléint, wou een Detektiv vun der Zuel 23 verfollegt get an duerchdréit. Den Carrey fängt un sech selwer mam Detektiv ze identifizéieren an geséit och iwerall d'Zuel optauchen. Allen schizophrenen Kollegen roden ech un desen Mysterykrimi net ze kucken, déi aaner kennen sech op een interessant kuerzweileg Zuelenknobelei aloossen déi awer net un esou Meeschterwierker wéi "Eternal Sunshine..." erunkennt.

30 mars 2007

Dream Theater @ the Rockhal

Vendredi, 15 juin 2007

Reservéiert Iech deen Datum.
Jojo, sin de Moien baal vum Stull gefall: Dream Theater kommen zereck op Letzebuerg, des Kéier net an enger Sportshal, mae an den hellegen Maueren vum grousse Sall vun der Rockhal.
Ech sinn méi wéi firwetzeg wéi d'Soundperfektionisten aus den States am grousse Sall klengen. Hoffneltech kréien sie den Sall eenjermoossen voll. Dir musst wessen dat Dream Theater laang meng absolut Faves wooren, siee woren et déi an den 90er Joren den Prog-Fändel héischgehaal hun, an sie hun och den Revival vun de laeschten Joeren reischt méiglech gemeet, andeem se net nemmen zwou Generatiounen vun Fans zesummenbruecht, mae och Metallfreaks an Mainstreamlauschteren glaichvill zum staunen bruecht. Wann een dann nach wees, dat déi Haeren ronderem den Kultbatteur Portnoy emmer erem eng Iwweraschung am Ärmel hun, get et eigentlech keng Excuse méi net an d'Rockhal ze pilgeren an sech Metropolis op d'Long ze zéien. Prog On! Bravo Rockhal! Hoffen mer dat DT-Enkelkanner The Mars Volta oder Coheed sech endlech begannen duerch Europa ze touren, vielleicht maachen sie jo dann och e Stopp bei eis.

27 mars 2007

Stalins Retuschen

Stalins Retuschen. Foto- und Kunstmanipulation in der Sowjetunion
vum David King

ISBN-10: 3930908336

E Buch iwert eng daischter Epoque. De Genosse Stalin woor wahrscheinlech den eischter Herrscher den systematesch op Fotomanipulatioun zereckgegraff huet fir e Bild vun sech ze schaffen.
Net nemmen huet hien sech selwer idealiséiert, mae seng politesch Konkurrenten an Kontrahenten sin lues awer secher op Archivfotoen geschwaertzt gin oder systematesch ausradéiert.
Dobai sin fanszinéierend grujjeleg Fotoen entstaan, wou Personnagen einfach ophaalen ze existéieren, an just heinansdo verréit een Schied oder en Ielbou nach eppes vun der Originalfoto.
Op emol steet zB net méi den Trotski niewt dem Lenin op Revolutiounsbiller mae den Haer Stalin, deen op Originalfotoen mindestens 3 Reihen méi hannen stoung. Aus engem Matleefer aus der 2. Rei get en vun den brutalsten Diktator deen d'laescht Joerhonnert gesin huet. Wann een dann wees dat verschidden Gesiichter net nemmen op publizéierten Fotoen verschwonnen sin, mae d'Leit oft aus Angscht d'Kàpp vun Dissidenten selwer aus privaten Bicher an Dokumenter erausgeschnidden hun, leeft et engem kaal de Rëck erof.
D'Buch ass een Sammelsurium vun skurrillen Biller aus den 20er an 30er Joren vum 20. Joerhonnert, eng kuerzweileg Lecture déi en Iwerbleck get waat mat Retuschpinsel, Skalpell an Airbrush schons alles méiglech woor.
Leider kennt d'Buch an senger Opmaachung e besschen "cheap" eriwwer, d'Grafik an Mise en page sin grausam, an heiansdo géif den Lieser sech awer e besschen méi historesch Déift wenschen, oder zB Informatiounen wéi deemols effektiv an deenen Retouche-Atelier'en geschafft gouf.

14 mars 2007

tracklist March 2007

Hoohee, D'Fréijoer steet virun der Diir, kriwwelt et schon???
Anyway, hei een klengen Shuffle duerch den Ipod:

Anekdoten: Seljak
Autechre: Basscadet
Genesis: keep it dark
Primus: Sgt Baker
Dvorak: Cello Concerto in B-Minor
Twelfth Night: The poet sniffs a flower
Lord of Mushroom: Pride
Poor Genetic Material: ...Or right Ahead
Heather Nova: Maybe an Angel (live)

Maacht Iech Blummen an d'Hoer!

10 mars 2007

Larry Sultan + Mike Mandel : "Evidence"

Net zulescht dank dem Martin Parr senger Bibel iwert d'Geschicht vum Fotobuch faenken ech (hoffentlech) selwer erem un mech méi, an méi oft, mat Fotobicher ze beschäftegen. Et get vill ze maachen.

Anyway, des Woch ass "Evidence" ukomm, e Buch editeiert vum Larry Sultan + Mike Mandel. Sin selwer sin net d'Auteuren vun desen Fotoen, sie hun villméi d'Fotoen an Archiven vun Institutiounen, Ministèren, Associatiounen asw zesummengesicht.
Heichinteressant op jidfer Fall wéi des Fotoen fonctionnéieren, wéi de Lecteur probeiert sech een Lien teschend de Biller ze créeéieren, an een eventuellen Senn hannert den bizzarr-surrealen Opnahmen ze entdecken. Dobai waar hier ursprünglech Funktioun emol en Fait ze dokumentéieren, zB een Accident de Route.
Well ech natiirlech selwer ganz interesséiert un der Notioun vun "Dokument", an sengen Funktiounen sin, sin ech natirlech immens begeeschtert vun desem Buch. aus den 70er Joren.
D'Konfrontatioun vun Objektivitéit an Détournement, d'Détouréieren vum Formellen duerch daat Surrealt léisst hoffentlech net nemmen Fotografen perplex. Wahrscheinlech funktionnéiert d'Method esougudd well et den Medium d'Fotobuch ass, et verlaangt eng Lecture vum Konsument, Sait fir Sait. Schlussendlech ass d'Bild wahrscheinlech einfach daat waat mir wellen waat et ass. Gleewt kengem Fotograf, Editeur oder Artist, sie léien alleguer;-))) Waat 1977 (Erscheinungsjoer) schons funktionnéiert huet, funktionnéiert mengen ech haut nach genausougudd.

02 mars 2007

Blackfield

Uhu, Blackfield II ass do!!
Dir wesst nach dat ech een All-time Porcupine Tree Fan sin, des groussarteg psychedelic proggy Band vum Mastermind Steven Wilson. Blackfield get leider fälschlescherweis oft als Softversion vun PT, als "PT für Arme" bezeechnet. Dobai sin sie (Blackfield sin den Steven Wilson an den Aviv Geffen) déi wuel melancholeschsten Popband vun eiser Zait. Hier 2 Disquen daueren meeschten mol keng 40 Minuten, hier Lidder sin knapps 4 Minuten kuerz, an haalen op,ier et bei aaner Bands iwerhaapt mol richteg lassgeht...an dach ... et klappt. All Lidd ass een séis-sauren Ouerwuerm, traureg, melancholesch, dat engem Loscht get vun déiftser Séil matzesangen. Ech erlaaben mir aus dem zweeten Link ze citéieren: Eng enger perfekter Welt wieren déi eischt zeng Plaatzen an den Charts mat 10 Blackfield Songs besaat. 10 Punkten! Kaafen!


http://www.babyblaue-seiten.de/index.php?albumId=3722&content=review&left=alpha&top=reviews&alpha=b

http://www.cdstarts.de/kritiken/Blackfield%20-%20Blackfield%20II.html

22 février 2007

Snap Judgments: New Positions in Contemporary African Photography

Snap Judgments: New Positions in Contemporary African Photography


ISBN-13: 978-3865212245

Wellt dir mol eng Kéier een aner Bleck wéi eisen westlechen Pessimismus op d'Situatioun um schwarzen Kontinent entdecken, dann ass dest aert Buch.
Wann een bereed ass sech op déi immens ennerschiedlech Approchen anzeloosen, maachen sech eng glaichzeiteg nei Wéer zur Fotografie op, deels spontan an arty, deels befriemend an iwwerraschend. Eng Fotografie déi hier Plaatz an der Welt vun der contemporainer Fotografie sicht. Open your eyes.

20 février 2007

PLAYLIST au Mudam: The Revenge of New Art Pop

Déi ennert Iech déi den Mettwoch, 21 Februar 2007, vun 18h un nach naischt welles hun, sin haerzlech op meng Playlist an den Mudam Café (den Bistrot vum Musée d'Art Moderne G-D J. um Kirchbierg) invitéiert.
Ennert aanerem kennt dier waerend deenen +- 75 Minuten flott Musek mat Faves wéi OSI, Chief Mart's, Lamb, Elbow, Oceansize, The Mars Volta an villen Aaneren lauschteren. An e Patt drenken.

C u there.

update:
Ladies and Gentlemen, la setlist:

01 - DAAU - A Sin so nasty

02 - OSI - Go

03 - Chief Mart's - Mr. le Berquot

04 - Venetian Snares - Öngyilkos Vasárnap

05 - The Flaming Lips - Yoshimi Battles the Pink Robots pt. 1

06 - Múm - The Ballad of the broken birdie records

07 - Porcupine Tree - Tinto Brass

08 - Archive - Programmed

09 - Pure Reason Revolution - Apprentice of the Universe

10 - Lamb - Bonfire

11 - Elbow - Leaders of the Free World

12 - Chroma Key - When You Drive

13 - Oceansize - Ornament/The Last Wrongs

14 - The Mars Volta - Asilos Magdalena




10 février 2007

MUSIC LAB an der Rockhal

Stellt Iech fir, et ass Music Lab an der Rockhal, an keen geet dohin...
Dach, dach eng 30 Leit woren emmerhin am flotten Café vun der Rockhal, an ech huelen un sie woren genausou wéi ech begeeschtert vun deem waat den André Mergenthaler an Principal Trade Center gewiesen hun.
Et wor e wellen Jam aus Cello-Loops mat dezenter 90's Electronica an engem Schoss Post-Rock déi engem d'Gehiir eweggebloosen huet. Ganz groussen Kino. Et wier flott wann mir net déi laescht Kéier vun deser Kombinatioun héieren haetten.







06 février 2007

The Photobook: A History I an II
























Dier kënnt dem Martin Parr momentan an der Rotonde 1 entdecken an zereckentdecken. Manner bekannt ass awer, dat den Parr Co-Autor vun 2 grandiosen Wierker iwert d'Geschicht vum Fotobuch ass. Den 2. Deel ass desen Wanter endlech erauskomm, an béid Bänn sinn elo schon absolut Standard-Wierker iwert d'Fotografie ginn. Chronologesch an thematesch gin wichteg an wegweisend Bicher aus der Fotografiegeschicht zereckentdeckt. Weem d'Fotogeschicht schons emmer eng drëschen an theoretesch ustrengend Ugeleenheet wor, fennt am Martin Parr sengen 2 Bicher ganz secher eng spannend an héichinteressant Method fir d'Fotografie mol eng Kéier anescht kennezeléieren.

03 février 2007

february 2007 - music

yop, shuffling on my ipod tonight:

Marillion: You're gone
The Mars Volta: Cicatriz ESP
Afro Celt Sound System: When you're falling
Djam Karet: Forbidden by rule
Nusrat Fateh Ali Khan: The Game
Jason Forrest: Dreaming and Remembering

24 janvier 2007

New gallery on www.tomlucas.net










Ech hun eng Gallery op mengem Site geännert, have a look!

Jo, jo ech gin "Urban",naja, e besschen eben...

anyway, et ass eng Arbescht iwert d'Stadt, den eischten Deel vun enger Trilogie iwert eis Haaptstadt, den zweeten Deel get dest, oder next Joer réaliséiert. Ech well eventuel mat Leit aus der Stadt zesummenschaffen, op eng ganz statesch (Wuertspill net gewollt!) Art a Weis muss ech zouginn.

Iwert den dretten Deel vun der Trilogie muss ech mir selwer nach kloer gin. Keine Fragen , keine Lügen!

18 janvier 2007

playlist January

Currently going BOOM BOOM BOOM in my brand new car.

- Elbow : alles

- Laika : Sound of the Satelites

- Mew : alles

- Poor Genetic Material : Spring Tidings

- Spiral Architect : A Sceptic's Univers

- Yes : Fragile

Nexten Mount spillen ech eng Playlist am Mudam Luxembourg. Ech probéieren IEch e flotten Mix aus Sonn a Wo(u)lleken ze maachen, besschen post-prog new art something, oder einfach nemmen feinen Pop. Ech verroden Iech e besschen méi geschwenn.

11 janvier 2007

PingPong


Merci un all déi Léit déi schons an d'Rotonde 2 op de "Roundabout" woren, d'Ausstellung schengt effektiv ganz gutt unzekommen, an ech wor begeeschtert wéivill aner kreativ Apporchen do vertrueden wooren. Dir hutt nach bis den 21. Januar zait IEch daat ganzt ukucken ze goen.


Ech hun virun engem Mount eng kleng Série iwert Mouvementer gemeet, ech weisen Iech ee klengen Ausschnett hei. Keng Arbescht déi eng Kéier op mengem Internetsite landt, par contre eng interessant Approche déi ech zesummen mat aaner klengen "Geschichten" verwerten waert. Be prepared!

31 décembre 2006

"ROUNDABOUT"



Ech sin frou am Januar am Kader vum Kulturjoer un der Expo "Roundabout" deelhuelen ze kennen.

"ROUNDABOUT"

04-21 Janvier 2007

Rotonde 2, Luxembourg-Bonnevoie

Ech hoffen mir gesinn eis do!

25 décembre 2006

Merry Christmas

Dear friends, léiw Frenn,

ech wenschen Iech formidabel Feierdeeg, an schons elo e gudde Rutsch an e groussartegt Joer 2007. DK

de Schofsfrenn






29 novembre 2006

ipod-ing in the dark

Yup, hun mir en Ipod geleescht, ech wees de Statussymbol par excéllence vum modernen Staadtmensch;-)))egal, freen mech, hun elo main ganz Cd-Sammlung emmer dobei, um Büro, am Atelier, am Auto (soubaal ech dat Steck un den Radio ugeschloss kréien), an der Stuff, am Bett an och op méi ausgefaalenen Plaatzen.

Anyway, the Minister of Photography and Sheepness proudly presents the playlist for this week:

- Amorphous Androgynous- een Side-Project vun den séilegen Future Sound of London, ganz heterogen
- Cave in: Antenna
- Codona I: Don Cherry
- Brand X: Unorthodox Behaviour

pow, pow,pow